„Spiller – déi sinn nëmmen eppes fir Kanner. Sou wéi Comics.“ Sou Spréch huet de 40 Joer ale Jean-Claude Pellin oft héieren, wéi hie selwer nach e Kand war. „Awer dat war mir eigentlech schonn ëmmer egal“, seet hie mat engem Laachen. Ob Comics oder Gesellschaftsspiller, bis op eng ganz kuerz Phas a sengem Liewen, wou aner Saache méi cool waren, ass hien de Spiller trei bliwwen. Haut ass hie selwer Papp vun zwee Kanner an erfollegräiche Spiller-Auteur. Net haaptberufflech. Mee et ass a bleift e groussen Deel vu sengem Liewen. Wann hien d’Spiller, déi hien eleng oder zesumme mat aneren Auteure kreéiert huet, op dem Iessdësch a sengem Haus zu Keespelt ausbreet, ass vum Holz vum Dësch kaum méi eppes ze gesinn. Dat filigran gestalt Brietspill „Dust in the Wings“ gehéiert genee esou dozou ewéi „Make’n’Break“ mat Meteren amplaz vu Bausteng an dat lëschtegt Reaktiounsspill änlech engem Memory „Cookie-Box“. Wann de Jean-Claude Pellin d’Spiller erkläert, liichte seng Aen.
An der Mëtt vun den 1990er-Jore war „Die Siedler von Catan“ ganz erfollegräich, an d’Spillen ass och bei den Erwuessene méi beléift ginn. „Brietspiller goufe salonsfäeg“, seet de Jean-Claude Pellin. Hien huet op der Uni zu Bréissel fir „Éducateur gradué“ studéiert. Am Géigesaz zu Lëtzebuerg gouf et do gutt ekipéiert Spiller-Bibliothéiken, esou genannte Ludothéiken. Zeréck zu Lëtzebuerg rifft de jonke Mann selwer eng an d’Liewen – an engem ale VW-Bus. Ausserdeem bedreift de Jean-Claude, an Zesummenaarbecht mam Service National de la Jeunesse (SNJ) an dem Roud Kräiz, eng weider Spiller-Bibliothéik zu Lëtzebuerg, virun allem fir d’Schoulen.
„Schnell hunn ech gemierkt, datt ech selwer Spiller erfanne wollt“, erënnert sech den Erzéier. Schliisslech kommen engem beim Spille selwer nei Iddien. Virun ongeféier eelef Joer huet hien sech mat de Lëtzebuerger Dennis Kirps a Christian Kruchten zesummegesat. „Mir probéieren esou munches aus. Entwerfen, bastelen, Spilluleedunge schreiwen, kucken, ob eppes net funktionéiert, a kucken, ob a wéi een e Verlag fënnt. „Do ass duerchaus och Frustratioun mat am Spill“, erënnert hien sech. Bei munche Verlage funktionéiert ouni Kontakter guer näischt. Et muss een op Spiller-Foire fueren, Prototyppe mathuelen, sech do informéieren, wat et scho gëtt, a sech bei de Verlagen an de Redaktere virstellen. „Iergendwann kenns du dann de Marché an och d’Communautéit“, seet de Jean-Claude Pellin.
Wéi Prototyppe gemaach musse sinn, wéi vill Kaarten e Spill däerf hunn, fir datt et gedréckt ka ginn, wéi grouss d’Spill fir wéi ee Verlag däerf sinn an esou weider. Deen éischten Erfolleg konnten d’Spiller-Auteure virun zirka néng Jore fir sech verbuchen.
Déi mannst Spiller-Auteure kënnen dovu liewen. De Jean-Claude Pellin gesäit d’Spiller-Erfannen och éischter als Hobby – wann och als ganz intensiivt. Dat wier och gläichzäiteg den Nodeel an der Branche – datt déi meescht Auteure sech iwwer Verëffentlechunge freeën an net haart genuch verhandele beim Ofschloss vum Kontrakt. Doduerch géingen d’Präisser gedréckt ginn, änlech wéi an anere kreativen an artistesche Beräicher. „Och dowéinst verhandelen ech haut méi staark – einfach aus Prinzip.“
16 Spiller huet de Jean-Claude Pellin bis elo verwierklecht, eleng an zesumme mat aneren Auteuren. Munch sinn an der Spiller-Communautéit wierklech erfollegräich, sou wéi „Nine Tiles Panic“. Net nëmmen däitsch a franséisch Verlagen hu Spilliddie vum Lëtzebuerger op de Marché bruecht. Och koreanescher oder osteuropäescher sinn ënner anerem dobäi. De Jean-Claude Pellin mécht op alle Fall weider. De kreative Prozess geschitt oft niewelaanscht. D’Iddien entwéckele sech am Bett oder ënnerwee. Da kënnt awer och déi redaktionell Aarbecht, Gebrauchsanweisunge schreiwen, sech a Verträg aschaffen. Och dat gehéiert derzou.
An nach eppes gehéiert fir de Jean-Claude Pellin derzou: D’Spiller-Communautéit zu Lëtzebuerg weider ze beliewen. Dofir freet hie sech all Joers op d’Game On – Lëtzebuerg spillt, déi ëmmer Enn des Joers an de Rotonden stattfënnt – mat Brietspiller, Videospiller a méi. A vläicht kommen do jo och erëm ganz nei Iddien op. Well wéi seet de Jean-Claude Pellin: „Eigentlech ass Spiller-Erfanne wéi Kachen. D’Zoutate sinn all bekannt, et geet nëmmen drëm, se gutt ze kombinéieren.
En Artikel vum Birgit Pfaus-Ravida