„Méi politesche Courage géif hëllefen“

Cédric Metz iwwer d‘Wunnengsproblematik

Firwat ass d’Wunnen zu Lëtzebuerg esou deier? Wéi eng Léisunge ginn et a wourunner scheitert et? Dës Froen hu mir och dem Cédric Metz gestallt. Hien huet eis als Member am Verwaltungsrot vum Mouvement Écologique an als Matgrënner vun der Wunnkooperativ AdHoc ASBL seng perséinlech Meenung iwwer d’Wunnengsproblematik zu Lëtzebuerg gezielt.

Foto: © Tanja Duprez - adhoc

Cédric Metz

Member am Verwaltungsrot vum Mouvement Ecologique a Matgrënner vun der Wunnkooperativ AdHoc

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Fir de Cédric Metz misst een sech hei zu Lëtzebuerg fir d’éischt emol d’Fro stellen, ob eisen ekonomesche Modell, deen op Wuesstum opgebaut ass, wierklech dee richtege wier. Et kéint een u ville Schrauwen dréien, fir de Wunnengsproblem an de Grëff ze kréien, sou wéi dat an der Logementspolitik am Moment probéiert géif ginn. „E bëssi Subsiden hei verdeelen, e bëssi do verdeelen, mee dat ännert näischt um Grondproblem, datt mir alljoers esou vill Leit an d’Land lackelen an net nokommen, genuch Wunnengen dofir ze schafen“, seet hien. De Cédric Metz ass och net der Meenung, datt mir déi Offer sou séier geschafe kréien, wéi mir se brauchen. An hie mengt och net, datt déi Offer dann och sozialverträglech an ekologesch wier. Och leet hie Wäert dorobber, datt net jiddereen an sengem individuellen Appartement wunnt an, wéi hie seet, am beschten nach mam Auto duerch de Garage erafiert, ouni weider mat anere Leit ze interagéieren.

„Mir komme vläicht iergendwa mam Bauen hannendrun, mee mir kréie keng Liewensqualitéit, keng Openthaltsqualitéit a mir kréie keng sozial Lienen“, seet hien. Aus deem Grond hätt hien och d’Wunnkooperativ AdHoc matgegrënnt, fir en interaktiivt Zesummeliewe vu verschiddene Leit, Nationalitéiten an Altersstufen ze erméiglechen. Dëse Modell ass fir hien en Deel vun der Léisung. Hie gesäit doranner e kompatibele Modell, deen sech am Ausland scho bewäert hätt.

De Staat wëll abordabele Wunnraum bauen. Hie versteet awer net, firwat de Staat net op Kooperativen zeréckgräift, déi sech als Non-profit-Acteure fir abordabele Wunnraum kéinten asetzen. „Vläicht, well se privat sinn?“, freet hien. D’Zil vun de Wunnkooperative wier et net, Gewënn ze maachen, mee e sozialen an ekologeschen Impakt ze hunn. „Dat ännert scho vill, well doduerch schafe si Wunnraum, ouni domat Profit maachen ze wëllen“, seet de Matgrënner vun esou enger Genossenschaft. Domat géife si éischtens automatesch méi abordabele Wunnraum schafen an zweetens, well si de Statut vun der société à impact sociétal hunn, wiere si och eligibel, fir Subside vum Staat ze kréien, zum Beispill d’Aide au logement.

© Janusch – a visual collective | www.janusch.co

D’Regierung ignoréiert d’Wunnkooperativen

De Cédric Metz monéiert, datt de Logementsminister Henri Kox, awer och aner Politiker, d’Non-profit-Acteuren heizuland net géife pushen, obwuel de Kader do wier, fir si an d’Schafung vun abordabelem Wunnraum mat anzebezéien. Dobäi hätt et schonn am Koalitiounsvertrag vun DP, LSAP an déi gréng gestanen, datt ee Wunnkooperative wéilt fërderen an hinnen och Terraine géif zur Verfügung stellen. Bis haut wier awer nach näischt geschitt. An dat obwuel AdHoc der Regierung e Konzept virgeluecht hätt.

Als Matgrënner vun enger Wunnkooperativ huet de Cédric Metz d’Zil, dëse Modell visibel ze maachen, fir datt en och spéider kopéiert kéint ginn. Dofir bräicht een awer och Kompetenzen op nationalem Niveau. Mee de Logementsminister géif sech nëmmen op den ëffentleche Secteur fokusséieren, fir abordabele Wunnraum ze schafen. Dobäi wär d’Kooperativ op Finanzéierunge vum Staat ugewisen oder op Terrainen, wou si kéinte Wunnprojete schafen. D’Terraine géife jo weider a staatlecher Hand bleiwen. Wann eng Kooperativ bis wirtschaftlech funktionéiert, da kéinte weider Kooperative gebaut ginn, sou seng Iddi. Datt esou Konzepter funktionéiere kënnen, géif een am Ausland gesinn. „Firwat net och zu Lëtzebuerg?“, freet hien.

Ee weidere Probleem vun der Deierecht gesäit de Cédric Metz bei der Spekulatioun vun de Bauplazen. D’Leit géifen sech soen: „Ech sinn dach net blöd a schloen do de Maximum u Profit eraus.“ Eng Léisung gesäit hie beim Bail emphytéotique. Dat bedeit, datt de Proprietaire vun der Immobilie, déi op esou engem Terrain steet, net gläichzäiteg och de Proprietaire vum Terrain ass. Doduerch kéint een Terrainen aus der Spekulatioun eraushuelen, andeem de Staat de Besëtzer vun der Bauplaz bleift. Esou Baile lafen hei zu Lëtzebuerg an der Reegel iwwer 99 Joer. Ee Kritikpunkt gesäit de Cédric Metz awer doranner, datt d’Logementen, déi duerch staatlech Subsiden op esou Terraine gebaut ginn, just fir 40 Joer an der Kategorie vum Logement abordable musse bleiwen. Dogéint géifen sech d’Kooperativen dofir asetzen, datt abordabele Wunnraum, deen haut geschaf gëtt, esou laang abordabel bleift, wéi de Bail emphytéotique leeft.

Dem fräie Marché Grenze setzen

De Matgrënner vun AdHoc gëtt allerdéngs ze bedenken, datt de Begrëff „abordabele Wunnraum“ e sougenannte politesche Kuerzterm wier: „Wat haut als abordabel gëllt, kann et vläicht an e puer Joer net méi sinn.“ Do misst een sech dann d’Fro stellen, wéi vill Suen de Staat misst drastiechen, fir datt en och abordabel bleift. An och d’Fro, ob de Staat eleng fir de Logement abordable verantwortlech ass, well en net bereet ass, dem fräie Marché Grenzen ze setzen. Eng kleng Minoritéit vu Leit géif soen, datt se net de Besoin hätten, de Maximum aus dem Verkaf vun hirem Haus erauszeschloen. Mee deen, dee verkeeft, wëll sech meeschtens och eppes aneres kafen a kann sech dat eben nëmme leeschten, wann e säi Bien och zum aktuelle Maartpräis verkeeft. D’Gesellschaft kënnt deemno net aus dëser Denkweis eraus. Dofir misst de Staat agräifen a weider Acteure mat an d’Boot huelen.

De Cédric Metz appelléiert un de politesche Wëllen, konkret Moossnamen ze ergräifen, fir un der Deierecht eppes ze änneren. E Politiker wéilt natierlech erëmgewielt ginn a géif ëmmer kucken, wou e Majoritéite fir e bestëmmte Projet huet. Mee heiansdo bräicht e Politiker och e bëssen méi Courage fir ze soen: „Elo maache mir mol einfach dëse Projet.“

Als Member vum Verwaltungsrot vum Mouvement Écologique wiert hien sech géint d’Iddi, de Bauperimeter opmaachen ze wëllen, fir nach méi Flächen ze versigelen. „Mir hu begrenzte Ressourcen a wäerten dann en enorme Waasserproblem kréien“, seet hien. Et misst een d’Plazen, déi ee versigelt, och richteg notzen an zum Beispill Mëschformen doraus maachen, fir méi Liewensqualitéit ze erreechen. Als Mëschforme bezeechent de Cédric Metz d’Schafe vun engem soziale Liewen op enger versigelter Plaz, wou een d’Wunnen, d’Schaffen an d’Fräizäitaktivitéite kombinéiert an net onbedéngt op en Auto ugewisen ass. Hie verweist hei op de Prozess vu Luxembourg in transition, deen als Basis fir déi nei Landesplanung fungéiere soll.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.