Dir braucht (fir 4 Persounen):
Fir d’Ierbessen-Zopp
D’Geméis wäschen an a kleng Kübe schneiden.
Bei klenger Flam mat Botter ubroden.
Mam Geméisfong läschen an 10 Minutte brutschele loossen.
An där Zäit d’Sauerram mam Speck liicht opkachen.
D’Ierbessen an d‘Zopp derbäimaachen a weider 5 Minutte brutschele loossen
Mixen.
De Speck eraushuelen an d’Sauerram an d’Zopp schëdden.
Wierzen.
Fir d’Langusten
D’Langusten zerplécken.
E feine Schnëtt um Réck vum Languste-Schwanz maachen an den Daarm eraushuelen.
E puer zerdréckte Mandele mam Panéiermiel vermëschen an d’Languste panéieren (Miel, Eeër, Panéiermiel).
Mat engem Zännstëppeler oppicken.
Zum Schluss
D’Zopp opwiermen a mixen, fir se gutt ze lëften.
D’Schwänz vun de Languste frittéieren.
D’Zopp mat e bësse schaimeg geklappter Sauerram a mat de frittéierte Languste garnéieren.