Wa méi gebaut géif ginn, dann hätt dat och en Afloss op d’Wunnengspräisser, seet de Michel Reckinger. De Vizepresident vun der Fédération des Artisans a President vun der Union Luxembourgeoise des Entreprises weist virun allem mam Fanger op d’Politik. Et wier un de Politiker, dem Staat an de Gemengen, fir déi richteg Fiedem ze zéien. An de Privatleit misst een et schmackhaft maachen, hir Terrainen ze bebauen.
Op d’Fro, firwat d’Wunnen zu Lëtzebuerg esou deier ass, äntwert de Michel Reckinger kuerz a knapp: „D’Äntwert ass, datt et net genuch Wunnenge gëtt.“ Dat wier e ganz einfache Resümmee vun der Logementsproblematik, an e füügt derbäi: „Wa mir méi Wunnengen hätten, da wieren och d’Loyere méi niddereg an d’Acquisitioune méi bëlleg.“
Wat wier dann d’Léisung, fir datt méi Wunnengen hei am Land zur Verfügung stinn? Och hei gëtt de Michel Reckinger eis fir d’éischt mol just eng kuerz Äntwert: „Et muss ee méi bauen.“ An da seet en: „An et muss ee méi dicht, méi héich a méi séier bauen.“ Déi véier Elementer bezeechent hien als Aktiounsfelder. Et misst een aktiv ginn an deene véier Beräicher, fir kënnen de Problem ze léisen, sou säi Fazit.
„An hei kënnt d’Scheitere vun der Politik iwwer déi läscht 20 Joer an d’Spill“, erkläert hien. D’Politik hätt et senger Meenung no an deene leschten zwee Joerzéngten net fäerdegbruecht, ganz kloer ze soen, wéi een dat an deene véier Felder hätt kéinte maachen. De Michel Reckinger nennt d’Beispill vum Bauen an d’Héicht. Hei hätt ee misste kloer Reegelen opstellen, wou a wéini een dat dierf an och muss. Oft wieren et awer d’Gemengen, déi do op der Brems stoe géifen, seet hien. D’Autonomie communale dierft net ënnerschat ginn.
E Buergermeeschter hätt net onbedéngt Interessi dorunner, e bestëmmtent Gebai méi grouss a méi héich ze bauen. Dat géif nämlech bedeiten, datt méi Leit an d’Gemeng wunne kéimen. A mat méi Leit ginn op eemol d’Schoulen ze kleng. Da mussen nei Schoule gebaut ginn, wat Sue kascht, an den Duerf-Charakter géif dann duerch déi vill héich Gebaier verluer goen. De Buergermeeschter fäert, datt d’Leit an der Gemeng net frou mat dëser Entwécklung wieren, sou de Michel Reckinger. Si wéilte schliisslech net vun hirem Gaart aus op Héichhaiser kucke mussen. Hie schwätzt vum Nimby-Effekt (not in my back yard), bei deem d’Leit vläicht agesinn, datt ee misst méi an d’Héicht goen, mee awer net onbedéngt hannert hirem eegenen Haus. Dat wat fir d’Héicht gëllt, kéint een och op d’Densitéit vun de Bauten iwwerdroen, sou de Vizepresident vun der Handwierksfederatioun. Méi dicht géif bedeiten, datt méi Wunnenge pro Meterkaree Fläch misste gebaut ginn.
De Michel Reckinger monéiert, datt alles immens laang géif daueren. Do, wou am Bebauungsplang vun de Gemenge ka gebaut ginn, misst dat am beschten och ganz zäitno gemaach ginn, egal op et sech ëm Baulücken oder gréisser Espacen handele géif. „Wann d’Flächen ausgewise sinn, fir bebaut ze ginn, dann däerf een net waarden“, betount de Michel Reckinger. Verschidde Prozedure géifen zéng bis zwanzeg Joer daueren, dat géif net goen. Hien nennt d’Beispill vum Quartier „Wunne mat der Wooltz“, vun deem scho virun iwwer zéng Joer geschwat gi wier. „Dat ka jo net sinn“, seet hien.
Heescht dat, datt et ganz einfach u politeschem Wëlle feelt, fir d’Gesetzer deementspriechend unzepassen, datt mer méi séier, méi dicht, méi héich an iwwerhaapt einfach mol méi baue kënnen? „Genau, et muss een sech d’Moyene ginn, fir dat ze maachen, an net nëmmen Excusë sichen, fir näischt ze maachen“, betount de Michel Reckinger. An der Corona-Pandemie hätten d’Politiker gewisen, datt se an der Nout séier reagéiere kënnen. „Hu mer eng Logementskris?“, freet hien. „Wa jo, da musse mer e Plan d’urgence opsetzen an en Noutgesetz stëmmen.“ Dat géif et eis erlaben, elo ganz séier Iwwergangsgesetzer fir déi nächst fënnef Joer ze stëmmen an domadder déi bestoend Gesetzer a Reglementer auszehiewelen. Dat géif et eis erlaben, fënnef Joer laang eis net mussen un déi Gesetzer ze halen. „Da géif et funken an dat géif eppes bewierken“, sou dem Michel Reckinger seng Virstellung.
Eis mécht et rosen, wa mir erëm an der Press liesen, datt iergendeen Terraine bunkert, fir net drop ze bauen“, seet hien. „Nee, wann eng Autorisatioun virläit a mir kënne bauen, da gëtt och gebaut.“ De Privatsecteur géif souwisou an enger méi séierer Kadenz baue wéi den ëffentlechen, wat awer keng Kritik sollt sinn. Et géif also dorëms goen, datt een Autorisatioune brauch an datt ee méi héich, méi dicht a méi séier bauen däerf. „Da si mer ganz séier an enger Situatioun, wou mer dat doten an de Grëff kënne kréien.“
Dem Michel Reckinger no leie ronn 60 Prozent vun den net-bebauten Terrainen a privater Hand, weider circa 18 Prozent bei de Promoteuren an ongeféier 13 Prozent beim Staat. Den FDA‑Vizepresident ass net averstane mat der Behaaptung, datt d’Promoteuren hir 18 Prozent géifen zeréckbehalen. „Wann si d’Autorisatioun hätten, fir dodrobber ze bauen, da géifen si dat direkt maachen“, erkläert hien. „Mee dat sinn déi, wou mir bis zu 20 Joer waarde mussen, bis mer dorobber bauen däerfen.“ Wou awer Terraine géifen zeréckbehale ginn, dat wier bei deenen 13 Prozent, déi sech a staatlecher Hand befannen, seet de Michel Reckinger. De sougenannte Landbanking, bei deem bebaubar Terrainen net géife bebaut ginn, géif vum Staat an de Gemenge bedriwwe ginn. „Do geschitt einfach näischt“, seet hien.
Et ass vill ze vill einfach“, sou de Michel Reckinger. „D’Politik sicht sech ëmmer, besonnesch virun de Walen, den einfache Wee.“ Si géifen einfach Erklärunge fannen, fir net musse mam Fanger op sech selwer ze weisen. „An ech weise mam Fanger op d’Politik“, seet hien. „Et ass d’Politik, déi zanter zwanzeg, drësseg, véierzeg Joer falsch Decisioune getraff huet an elo mat der Kar am Dreck sëtzt an net méi erauskënnt.“
Géint d’Privatleit, déi Terrainen net bebauen, kéint ee gesetzlech net virgoen. D’Recht op privat Proprietéit wier laut Verfassung onantastbar. Anescht wier et an Éisträich an an der Schwäiz, wou de Staat d’Besëtzer vun Terrainen, déi ee brauch, kéint enteegnen. Zu Lëtzebuerg kéint een et héchstens de Leit „schmackhaft“ maachen, fir hir Terrainen ze bebauen oder se dem Staat ze verkafen. Oder eebe Steieren erhiewen, wann ee säin Terrain zeréckbehält. De Michel Reckinger nennt en interessant Beispill aus der Schwäiz. Do géif gekuckt ginn, wéi vill Wunnengen een op engem bestëmmten Terrain kéint bauen. De Proprietär, deen dann awer net drop baut, muss op déi net gebaute Wunnenge Steiere bezuelen. Dat kéinte pro Joer zimmlech vill Sue sinn an dat soll d’Leit derzou animéieren, hir Terrainen net eidel do stoen ze loossen. An trotzdeem hätt jiddereen ëmmer nach d’Recht, awer net drop ze bauen, wann e sech dat leeschte kann.
D’Gemengen zécke senger Meenung no, fir esou Konzepter anzeféieren. Schliisslech wieren d’Proprietäre jo och Wieler, an dat kéint sech bei den nächste Wale vläicht negativ op de Gemengerot auswierken. „De Politiker ass hei an der Responsabilitéit, hien huet alleguerten d’Fiedem an der Hand, fir eng Léisung ze fannen“, betount de Michel Reckinger.