Elektromobilitéit Quo vadis Luxemburgum?

Placeholder Dummy template

Ausgeléist vun der Klimakris, steigenden Uelegpräisser an ëmmer méi bëllege Präisser fir d’Elektresch ass d’Elektromobilitéit dat grousst Theema an all de Medien.

Mee ass d’Elektromobilitéit eppes innovativ Neits? A wou steet Lëtzebuerg aktuell bei dem Theema?

Och wann et engem heiansdo esou fir kennt, ass d’Elektromobilitéit näischt wierklech Neits méi, ganz am Géigendeel. Deen éischten Elektroauto (1881) ass virum éischte Bensinner (1885) gefuer, a fir eng laang Zäit waren Elektromotoren dominant.

No 1910 huet den Elektromotor relativ schnell un Bedeitung verluer. De Grond firwat sech de Verbrennungsmotor konnt géint den Elektromotor duerchsetzen, war zu deem Zäitpunkt de selwechte firwat och haut de Verbrenner bei ville Mënschen eng besser Reputatioun genéisst: manner Reechwäit a Batterien déi eng laang Zäit brauche fir opzelueden.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Datt de Verbrenner och beim Auto erëm lues awer sécher un Buedem verléiert an den Elektromotor als Undriff vun der Zukunft gesi gëtt läit haaptsächlech un zwou Saachen.

Engersäits dorun, datt alle westlechen Länner, dorënner och Lëtzebuerg, säit dem Uelegpräisschock an den 1970er Joren kloer ass wéi wäit eis Mobilitéit an domat och eis Wirtschaft vun Uelegimporter aus dem noen Osten ofhängeg ass. Déi eeler Generatiounen kënnen sech nach gutt dorun erënneren, datt deemools zu Lëtzebuerg ewéi a ganz Europa, Tankstellen zu gewëssen Zäiten zou waren, Sonndes d’Stroossen eidel waren, an Benzinrationéirungen debattéiert gouf.

Haut wär et fir déi meescht ondenkbar, Sonndes net kennen den Auto ze huelen, mee dofir gewinne mir eis esou lues dorun, datt Freides d’Stroosse vun (virun allem jonken) Demonstrante blockéiert ginn, déi fuerderen, datt d’Regierung d’Klimakris endlech eescht hëlt.

An domat si mir beim zweete Grond deen zum Ëmdenken an der Mobilitéit féiert. D’Duerchschnëttstemperatur op eisem Planéit geet lues awer sécher no uewen, an et ass erwisen, datt mir Mënschen heirun schold sinn. De gesamte Verkéier mécht 30% vun de gesamte CO2-Emissiounen an der EU aus. 72% dovunner entfalen dann op de Stroosseverkéier.

Et ass also relativ kloer, datt de Verbrennungsmotor net zukunftsträchteg ass an och Lëtzebuerg sech Gedanken doriwwer maache muss, wei mir am schnellsten des Transitioun meeschteren.

Datt net vun haut op muer all d’Autoen op der Strooss duerch nei Elektroautoen ausgetosch ginn kënnen ass wuel kloer, mee et gëtt duerchaus Méiglechkeete wei de Staat op dës Transitioun awierke kann.

Generell kann een hei dräi Beräicher ënnerscheeden, an deene Moossname kënne getraff ginn, dat ass éischtens de finanzielle Beräich, zweetens de praktesche Beräich an drëttens am Beräich vun den ëffentleche Verkéiersmëttelen.

Am finanzielle Beräich gëtt et virun allem d’Méiglechkeet duerch d’Steieren an duerch Fërderungen d’Elektromobilitéit méi interessant ze maachen.

Kafprimmen oft och Ökoprimm genannt si staatlech Fërderunge beim Kaf vun Elektroautoen. Aktuell leit des Primm hei zu Lëtzebuerg bei 5000€ fir en Elektroauto a bei 2500€ fir Hybrid-Autoen. Lëtzebuerg leit mat dëser Primm ongeféier am europäesche Mëttelfeld, d’Spetzenreider sinn hei Rumänien (10.000€), Slowenien (7500€) a Frankräich (6000€). Niewent de Primmen beim Neikaaf sinn awer och Steiererliichterunge bei der Autosteier e gudde Grond fir op en Elektroauto ëmzeklammen. Des Steier ass gestaffelt nom CO2-Ausstouss, dat heescht jee méi CO2 en Auto ausstéisst, emsou méi héich fält d’Autosteier aus. Un dëser Schrauf kann also och gedréit gi fir Verbrennungsmotoren ëmmer manner attraktiv ze maachen.

Am praktesche Beräich läit d’Verantwortung vum Staat virun allem doran, déi néideg Infrastruktur bereet ze stelle fir datt d’Elektromobilitéit un d’Rulle komme kann. Héi ass Lëtzebuerg definitiv um richtege Wee. Bis 2020 sollen ënner dem Numm „Chargy” am Ganzen 800 Opluedstatiounen un deenen 1600 Autoe gläichzäiteg opgeluede kenne ginn queesch duerch d’Land opgeriicht a bereet gestallt ginn.

Weider Moossnamen déi hëllefe kënnen am deegleche Liewen d’Elektromobilitéit ze fërderen, sinn zum Beispill gratis Parkplaze fir Elektroautoen oder Spueren déi just fir Busser an Elektroautoe geduecht sinn.

Am Beräich vun den ëffentleche Verkéiersmëttelen sinn et virun allem d’Busser déi nach zum gréissten Deel mat engem Verbrennungsmotor ënnerwee sinn. Wärend an der Stad den Tram eng gutt Alternativ duerstellt ass am méi ländleche Raum de Batteriebus eng gutt Alternativ. Dës Busser kenne esouwuel an den Haltestellen, wei och a spezielle Statiounen opgeluede ginn, a kenne virun allem op Trasse wou méi Busser ënnerwee sinn, och iwwer Uewerleitunge mat Stroum versuergt ginn.

Mee schlussendlech muss ee feststellen, datt eng Transitioun vun enger Mobilitéit déi vum Verbrennungsmotor ofhängeg ass hin zu enger méi ëmweltfrëndlecher Elektromobilitéit net just dovun ofhänkt wei ambitionéiert déi staatlech Moossname sinn, mee natierlech och dovun datt des Technologie ëmmer weider entwéckelt gëtt.

Weiderhi muss och en Ëmdenken an de Käpp vun de Leit stattfannen. Een Auto muss kee risege SUV sinn, deen och an enger elektrescher Versioun vill ze grouss Batterië bräicht fir nach kennen ëmweltfrëndlech ze sinn, an et muss een och net ëmmer eleng mat engem Auto ënnerwee sinn. Fir vill Mënsche, virun allem déi, déi an de Stied wunnen, ass den ëffentleche Verkéier souwisou ëmmer déi besser Léisung.

En Artikel vum Etienne de Geest

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.