Placeholder Dummy template

Kuddelfleck, a wat ass dat dann?

E Rezept

Mir presentéiere iech hei déi panéiert Variant vum Kuddelfleck mat Sauce charcutière aus dem Kichenatelier vun Autisme Luxembourg ASBL.

Sou muncheree weess warscheinlech net, wat Kuddelfleck ass. Dofir stelle mir iech dësen traditionelle lëtzebuergesche Plat vir. 

Déi lëtzebuergesch Kichen ass, bedéngt duerch eis Geschicht, eng éischter ländlech Kichen, déi hiren Ursprong op de Bauerenhäff uechter d’Land  huet. Mir fannen och vill Aflëss aus eisen Nopeschlänner erëm. Ee vun dësen traditionelle Platen ass de Kuddelfleck. Gëtt een dësen Numm am Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) an, da kritt een déi däitsch Iwwersetzung Kutteln. Am däitsche Sproochraum fënnt een dëse Plat virun allem a Süddäitschland, Sachsen, Éisträich an an der Schwäiz.   

Dobäi handelt et sech, wéi bei eisem Kuddelfleck, ëm Geträips, meeschtens vum Rand. Mee och a Frankräich, Italien, Spuenien, Portugal, Bulgarien, Ungarn, Polen a souguer an der Tierkei fënnt een dëse Plat an ënnerschiddleche Varianten. Esou ginn dës Kutteln an de verschiddene Kulture mol als Zopp, mol als Ragout oder als Haaptplat mat enger Zooss zoubereet. Bekannt sinn hei d’Tripes à la mode de Caen aus Frankräich, d’Tripas à moda do Porto aus Portugal oder d’Trippa alla fiorentina aus Italien. 

Mee och zu Lëtzebuerg ginn et ënnerschiddlech Variante vum Kuddelfleck. Dëse ka klassesch an senger eegener Britt, als Eintopf oder mat enger Zooss zerwéiert ginn. E bëssen anescht fënnt een de Kuddelfleck am Dikrecher Raum. Do gëtt de Kuddelfleck, nodeems en am Waasser zaart gekacht ginn ass, wéi e Schnitzel panéiert. Dobäi passt natierlech eng gutt Zooss. Mee bei dësem Punkt ginn d’Meenunge wäit auserneen an och haut schloen d’Käch sech nach ëmmer d’Käpp an. 

Dofir presentéiere mir iech hei déi panéiert Variant mat Sauce charcutière aus dem Kichenatelier vun Autisme Luxembourg ASBL.

Rezept fir 4 Leit:

Zutaten ouni Zooss an ouni Panade:

– 1 kg Geträips oder Mo vum Rand 

– graffe Salz a Pefferkären 

– 1 Ënn oder Schallott

– 1 Staang Péiterséileg 

– 25 cl Wäisse Wäin 

– 1 Bouquet garni, deen aus follgenden Zutate besteet:

– eng hallef Porrett 

– 1 Ënn oder Schallott

– 1 Staang Zelleri 

– 2 Muerten

– 2 Lorberblieder

– e bëssen Teimerjännchen

D’Geträips keeft een am beschte scho gebotzt a virgekacht bei sengem Metzler. Am Waasser 10 Minutte laang opkachen, fir datt alles wierklech gerengegt ass. Dono d’Waasser ofschëdden an d’Geträips ofdrëpsen. Als nächst d’Kachdëppe mat kalem Waasser fëllen an de Wäin dobäischëdden. Mir maachen och eng Staang Péiterséileg, eng Ënn souwéi de Bouquet garni an d’Waasser dobäi. Salz a Peffer däerfen net feelen. Dat Ganzt elo fir ongeféier 2 Stonne kache loossen. De Kuddelfleck aus der Britt eraushuelen, ofdrëpsen an ofkille loossen. D’Britt hale mir fir dono d’Zooss ze maachen. 

Fir d’Panade:

Nodeems de Kuddelfleck ofgekillt ass, bereede mir d’Panade vir. Dofir brauche mir 4 Iessläffele Miel, zwee Eeër an 200 Gramm Panéiermiel. De Kuddelfleck gëtt wéi e klassesche Schnitzel an der Pan schaarf ugebroden. An elo feelt just nach d’Zooss charcutière.

D’Zooss charcutière:

Zwou Schallotte mat Botter ubroden a mat engem Véierel Wäisswäin reduzéieren. E bëssi vun der Britt, an déier de Kuddelfleck virdrun zwou Stonne gekacht huet, derbäiginn. Elo füge mir nach e Schotz Ram, zwee Iessläffele Moschter a geschnidde Kornischongen derbäi. Um Schluss gi mir nach e Grapp klenggehackte Péiterséileg derbäi. Jee no Loscht a Goût nach Salz a Peffer drastreeën. Als Bäilag bidde sech gequellte Gromperen un. 

An elo feelt just nach eng wichteg Saach: E gudden Appetit!

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.