Kaum en anere Produktiounssecteur huet zu Lëtzebuerg an an Europa a sou kuerzer Zäit esou eng rasant Entwécklung vollzunn ewéi d’Landwirtschaft. Si ass en dynamesche Secteur, dee sech säit den Ufäng vun der Industrialiséierung um Enn vum 18. Joerhonnert an engem stännege Wandlungsprozess befënnt. Duerch d’Maartentwécklung an den technesche Fortschrëtt ass et ganz besonnesch vun der zweeter Hallschent vum 20. Joerhonnert un zu engem Strukturwandel komm, dee sech och an Zukunft wäert weiderentwéckelen. Vill Bauerebetriber hu missen zoumaachen an déi Baueren, déi nach iwweregbliwwe sinn, hunn hire Betrib misse vergréisseren. Si hu sech d’Fro gestallt, wéi se och an Zukunft weider wettbewerbsfäeg kéinte bleiwen.
Am Joer 1962 ass déi gemeinsam EU-Agrarpolitik (GAP) (méi Detailer fënns du ënnen am Spaweck) agefouert ginn. Zu deem Moment hunn nach vill Baueren zu Lëtzebuerg hir Mëllechkéi mat der Hand gestrach. Haut ass d’Mechaniséierung esou fortgeschratt, datt ee vu Vollmechaniséierung ka schwätzen. Esou gutt wéi kee Bauer sträicht seng Kéi nach mat der Hand. Bei der Fidderung vum Véi ginn an der Reegel Robotertechniken agesat an am Planzebau gëtt vu „Landwirtschaft 4.0“ geschwat. E Begrëff, dee fir déi intelligent Vernetzung vun de Produktiounsprozesser steet.
Esou koum et vun der zweeter Hallschent vum 20. Joerhonnert un zu engem permanente Strukturwandel, bedéngt duerch den technesche Fortschrëtt an duerch déi héich Demande vu Liewensmëttel. Dat huet mat sech bruecht, datt op där enger Säit d’Zuel vun de landwirtschaftleche Betriber am Ländchen extreem erofgaangen ass an och déi vun de beschäftegte Leit op den Häff. Op där anerer Säit sinn d’Betriber an der Fläch méi grouss ginn, mat méi Déieren, an hu sech an de meeschte Fäll op ee Gebitt spezialiséiert. Doduerch ass d’Zuel vun de produzéierte Produiten insgesamt staark geklommen. Generell ginn d’Betriber haut méi wirtschaftlech effizient geréiert.
Am Joer 1965 hat Lëtzebuerg nach 9.150 Agrarbetriber, déi méi wéi 2 Hektar Land haten. Et hunn also vill Klengbaueren hir Betriber an Handaarbecht gefouert. An den 1960er- a 70er-Jore sinn ëmmer méi Maschinnen dobäikomm, déi d’Mechaniséierung an der Landwirtschaft virugedriwwen hunn. D’Bauere konnten du mam selwechten Aarbechtsopwand méi grouss Fläche bewirtschaften an och méi Déieren halen. Dat huet sech dunn och rentéiert, well d’Nofro vun hire Produiten, besonnesch beim Fleesch, zu där Zäit och méi grouss war, wéinst dem Wuesstem vun der Bevëlkerung an der Kafkraaft, déi geklomme war. An där Zäit huet ausserdeem d’EU-Agrarpolitik de Bauere mat hiren Ënnerstëtzungsmoossnamen a garantéierte Präisser an d’Kaarte gespillt.
E Betrib ze féieren, ass awer ëmmer méi kapitalintensiv ginn. An den 1980er-Joren huet d’Lag sech fir munch Baueren zougespëtzt, wéi et a ville Beräicher zu Präissenkunge beim Verkaf vun de Produite komm ass. 1983 ass dann och nach d’Mëllechquot agefouert ginn, fir d’Produktiounsiwwerschëss, déi et säit den 1970er gouf, anzedämmen. Déi Quoten hu festgeluecht, wéi vill Mëllech déi jeeweileg Betriber duerfte produzéieren. Vill Baueren hu sech an hirer unterneemerescher Fräiheet agegrenzt gefillt. D’Käschte sinn also staark geklommen an d’Recetten zeréckgaangen, wat als Konsequenz hat, datt vill Baueren deem Drock net konnte standhalen, sech berufflech ëmorientéiert hunn an de Betrib verkaf oder verpacht hunn. Déi aner Bauerebetriber, déi weidergemaach hunn, si séier méi grouss ginn. Fir kënnen ze iwwerliewen, hu vill gemëschte Betriber, déi virdrun zum Beispill Véi an Akerbau bedriwwen hunn, sech spezialiséiert, fir just nach Mëllech, Fleesch oder Geméis ze produzéieren.
2016 gouf et zu Lëtzebuerg just nach 1.800 landwirtschaftlech Betriber, géintiwwer den iwwer 9.000 Mëtt der 60er-Joren ‒ also just nach ee Fënneftel.
Dëst ass vläicht iwwerraschend, mee och haut sinn déi meescht Bauerenhäff zu Lëtzebuerg nach Familljebetriber. Trotzdeem mussen déi meescht Betriber Leit astellen, déi eng Hand mat upaken. Dozou gehéiere Vollzäit-, Deelzäit- a Saisonsaarbechter. Och d’Produktivitéit ass enorm an d’Luucht gaangen. Esou gëtt zum Beispill eng Kou hautdesdaags vill méi Mëllech wéi nach virun e puer Joerzéngten. Ee Beispill: An de 50er-Joren huet eng Kou ongeféier 2.500 Kilo Mëllech am Joer ginn, 1985 waren et 4.400 Kilo an 2017 am Schnëtt 7.350 Kilo. Dat läit engersäits un der Ernärung, déi ugepasst ginn ass. Haut kréien d’Kéi sougenannt Kraaftfudder: niewent Gras, Mais, Weess, Soja an anere Fudderkonzentrater kréie se eng besonnesch Portioun Eewäiss. Anerersäits ginn d’Kéi esou geziicht, datt se méi Mëllech kënne ginn. Dës Héichleeschtunge sinn awer mat gesondheetleche Problemer fir d’Béischte verbonnen a reduzéieren hir Liewenserwaardung.
Wéi 2015 d’Mëllechquotereegelung ewechgefall ass, ass d’Spezialiséierung hin zu héich techniséierte Betriber mat grousse Schrëtt virugedriwwe ginn. Och de Bestand vum Véi ass enorm geklommen. Dëst war mat grousse finanziellen Investitioune fir d’Bauere verbonnen an huet d’Betriber ufälleg fir Krise gemaach. Trotz dem Ausbau an der Spezialiséierung hunn awer vill Betriber net méi Gewënn kënne maache wéi virdrun.
Munch Betriber hate sech an den 1990er-Joren nieft der Mëllechproduktioun en zweet Standbeen mat der Vente vum Fleesch opgebaut. Dëst gëtt haut just nach seele gemaach, well et sech net méi rentéiert. Déi meescht ginn de Wee vun der Spezialiséierung op engem Gebitt a konzentréiere sech do op d’Optimiséierung. D’Zuel vun de Betriber, déi souwuel Mëllech wéi och Maschtvéi produzéieren, ass an de leschte 15 Joer ëm bal dräi Véierel erofgaangen. Dogéint huet d’Zuel vun de spezialiséierte Mëllechbetriber sech bal verduebelt.
D’lëtzebuergesch Agrarpolitik huet sech als Zil gesat, déi landwirtschaftlech Rentabilitéit ze erhalen a gläichzäiteg Ëmweltaspekter ze respektéieren. Do spillen de Waasserschutz an d’Emissioune vun der Landwirtschaft, wéi Ammoniak oder Treibgas, eng zentral Roll. De Réckgang vun der Biodiversitéit an der Buedemerosioun si weider Erausfuerderungen, déi respektéiert musse ginn.
D’Landwirtschaftskummer bemängelt, datt d’Ufuerderungen, déi un d’Betriber gestallt ginn, an engem sou rasanten Tempo klammen, datt d’Betriber kaum nach mathale kënnen. D’Kummer rechent vir, datt dat, wat vun e puer Dosende Memberen an der Administratioun un Oploen ausgeschafft an och kontrolléiert gëtt, um Niveau vun engem Betrib dacks just vun enger Persoun bewältegt muss ginn. D’Nerve géifen do oft blankleien. D’Unzuel vun den operluechten Aktiouns- a Moossnamepläng aus der Politik géif ëmmer méi oniwwersiichtlech ginn, wärend d’Zilvirgaben ëmmer méi dacks Resignatioun ervirruffen. „Dat, wat vun der Landwirtschaft verlaangt gëtt, ass näischt anescht wéi d’Quadratur vum Krees“, heescht et aus der Landwirtschaftskummer. Do ass et kaum verwonnerlech, datt d’Baueren ufangs des Joers a munchen europäesche Länner op d’Strooss gaange sinn. Si hunn an eisen dräi Nopeschlänner, awer och an Italien, wichteg Verkéiersachse mat hiren Traktere blockéiert. Si hu sech domadder Opmierksamkeet verschaf a géint d’Baisse vun hirem Akommes, géint d’Bürokratie a géint déi vill Oploe protestéiert.
Munche Bauerenhaff ass op de Wee gaangen, fir och ouni quantitative Wuesstum – méi Mëllech, méi Véi, méi Erträg – säi Betrib wirtschaftlech weiderzebréngen. An zwar duerch eng innovativ Approche. Dat kënnen zum Beispill d’Weiderveraarbechtung an d’Valoriséiere vu primäre Produite sinn. Oder en effiziente Käschtemanagement, well méi produzéieren net onbedéngt méi verdénge bedeit. Wuesstem huet nämlech seng Grenzen, bedéngt duerch d’Landknappheet, d’Klima an d’Ressourcen, déi d’Natur bitt. D’landwirtschaftlech Notzfläch inklusiv de Wäin- a Gaardebau huet zu Lëtzebuerg iwweregens ronn 130.000 Hektar zur Verfügung. Dat ass e bësse méi wéi d’Hallschent vun der Gesamtfläch vum Land. Dat ass net wéineg, mee et ass limitéiert.
En anere Volet ass dee vun de Bioproduiten. Dës gi säit e puer Joer besonnesch bei jonke Konsumente méi gefrot. Lëtzebuerg muss esouguer Bioproduiten importéieren, fir der Nofro gerecht ze ginn. Obwuel d’Nofro vu Bioproduiten zimmlech héich ass, geet de Konsument awer nach net honnert Prozent an déi Richtung. Dat ass ënner anerem e Grond, firwat vill Baueren zécken, selwer dëse Wee anzeschloen. Fir deem entgéintzewierken, huet d’Politik niewent enger Ëmstellungsprimm, fir eventuell Verloschter ze kompenséieren, och eng Bioprimm virgesinn.
Lëtzebuerg huet no Dänemark an der Schwäiz de gréissten Ëmsaz u Bioproduiten an Europa. Dobäi bauen awer nach ëmmer 93 Prozent vun eise Baueren nëmme konventionell un. Eng ronn 50 Bauerebetriber sinn amgaangen, op Biolandwirtschaft ëmzestellen. En éiergäizegt Zil huet sech de PAN Bio 2025 (Plan d’action national de promotion de l’agriculture biologique) gesat, dee virgesäit, datt bis 2025 (dat ass schonn d‘nächst Joer) d’Hallschent vun de verschaffte Produiten aus der lëtzebuergescher Landwirtschaft solle stamen: Zwee Fënneftel aus biologeschem Ubau an dräi Fënneftel aus lokaler Landwirtschaft. Doraus ergëtt sech, datt bis d’nächst Joer 20 Prozent vun de landwirtschaftlech bedriwwene Flächen op Bio ëmgestallt sollen hunn. Wéi realistesch dat ass, wäert sech geschwënn erausstellen.
En Artikel vum Eric Rings
GAP steet fir Gemeinsam EU-Agrarpolitik an ass 1962 an d’Liewe geruff ginn. Et ass eng Partnerschaft tëschent der Landwirtschaft an der Gesellschaft, tëschent Europa an de Baueren. Déi finanziell Mëttele stamen aus dem gemeinsamen EU-Haushalt a stinn de Memberstaaten zur Verfügung. Follgend Ziler ginn ugepeilt: D’Bauere sollen domat ënnerstëtzt ginn an d’Produktivitéit an der Landwirtschaft soll verbessert ginn, fir eng geséchert Versuergung mat bezuelbare Liewensmëttel ze garantéieren. Dobäi sollen d’Baueren en adequat Akommes kréien. Doniewent soll de GAP zur Bekämpfung vum Klimawandel an dem nohaltege Bewirtschafte vun den natierleche Ressourcë bäidroen. Fir déi europäesch Landwirtschaft op d’Zukunft auszeriichten, muss d’GAP sech am Laf vun de Joren un de Wandel vun de wirtschaftleche Realitéiten an d’Bedierfnesser vun de Bierger upassen. Dofir gëtt d’GAP all puer Joer erëm nei verhandelt. Aktuell gëllt d’GAP 2023-2027, déi den 1. Januar 2023 a Kraaft getrueden ass.
Zu Lëtzebuerg huet déi aktuell GAP missen an eng national Strategie ëmgesat ginn. Dofir huet missen am Virfeld an der Chamber iwwer dat neit Agrargesetz ofgestëmmt ginn. Doduerch huet déi lëtzebuergesch Landwirtschaft elo all Joer 110 Milliounen Euro vu Bréissel zegutt. Ëmmer erëm huet eis heemesch Landwirtschaft sech awer queeschgestallt, bis d’Gesetz konnt gestëmmt ginn. Och d’Landwirtschaftskummer huet net mat Kritik gespuert. Sou ass d’Kummer mat munche Moossnamen net averstanen. Déi national Strategie géif dem eigentlechen Zil vun der Landwirtschaft net entspriechen, nämlech gesond Liewensmëttel an enger zefriddestellender Quantitéit ze produzéieren. Och kéinte vill Betriber net vun den Erträg vun hirer Produktioun liewen. Vill diskutéiert gouf doriwwer och um Agrardësch ufangs 2023. Ee Joer méi spéit sinn d’Diskussioune beim éischten Agrardësch ënner der neier Landwirtschaftsministesch Martine Hansen (CSV) weidergaangen.