Fréier war alles besser, esou en oft gebrauchte Sproch. D’Liewensmëttel waren net geenmodifizéiert, d’Hinger sinn op der Wiss gelaf a souzen net a Legebatterien, et krut een seng Mëllech frësch vum Bauer aus dem Duerf an net literweis am Supermarché fir dat Duebelt vum Geld. Wat ech hei beschreiwen, ass natierlech iwwerspëtzt – och haut gëtt et nach natierlech a fair produzéiert Wuer, d’Déiere gi korrekt gehal an Haffbuttek, Automat a Co. versuergen eis mat Produiten, vun deene mir genee wëssen, wou se hierkommen. Op wat ech awer erauswëll, ass, dass Saachen sech verännert hunn, deels zum Negativen, deels awer och zum Positiven, jee nodeem, wéi een et kuckt.
Och de Rick Thiry an seng Famill kënne vun dësen Entwécklunge profitéieren. Zanter dräi Generatioune gëtt um Haff Thiry Mëllech produzéiert. Dem Rick säi Bop war deen éischten, deen deemools nach am Duerf Béischte gehalen huet, bis säi Bouf de Betrib 2004 iwwerholl huet an domat geplënnert ass, fir kënne méi grouss ze ginn. Mëllechkéi, Stéieren, hir Nozuucht an Hinger liewen haut um Terrain zu Schuller a versuergen d’Famill, mee och d’Clientë vu Lëtzebuerger Geschäfter, d’Kanner aus Crèchen a Maison-relaisen an d’Bewunner vun Altersheemer mat frësche Produiten. Zanter 2013 ginn dës nämlech vun der Famill Thiry an hirer eegener Molkerei verschafft – wat een hei keeft, ass also zu 100 % made in Luxembourg.
Eppes, wat sech sécher verännert huet, ass den Alldag an der Landwirtschaft. Wärend d’Generatioun vun eise Grousselteren sech nach um Feld de Bockel kromm geschafft huet, gëtt et och haut nach vill an de Betriber ze dinn, mee munches ass duerch modern Technik méi einfach ginn. Den Trakter ersetzt mëttlerweil d’Päerd, de Melkroboter d’Hänn beim Sträichen, via Social Media wëssen d’Leit aus dem ganze Land wou een seng Saache verkeeft, an net just d’Noperen aus dem eegenen Duerf. D’Aarbecht ass net forcement manner ustrengend ginn, mee et gëtt déi eng oder aner Hëllef, déi d’Schaffe méi effikass a séier mécht, esou dass och nach Zäit fir aner Saache bleift – Stéchwuert Privatliewen a Work-Life-Balance.
De Rick selwer ass zanter zwielef Joer offiziell am Betrib mat dran. Virdrun hunn hien an säi Brudder, dee véier Joer méi al ass an deementspriechend als éischt an d’Leedung vum Haff mat erageklommen ass, awer och schonn aktiv eng Hand mat ugepak. „Mat 16 kann een hei am Land den Trakterfürerschäin maachen, ab do hu mäi Brudder an ech dunn och nieft der Schoul a wärend de Vakanzen eisem Papp gehollef“, esou de Rick. Et wier fir hien eng einfach Entscheedung gewiescht, d’Aarbecht um Haff ze iwwerhuelen: „Wann een domat opwiisst, kann een entweeder guer näischt domat ufänken oder et klëmmt een direkt mat eran.“
D’Schaffdeeg sinn zanterhier laang an ustrengend, mee de Bauer géif se géint näischt aneres wëllen tauschen. „Wann een de Beruff net mat Leidenschaft mécht, da brauch ee guer net unzefänken“, esou de Rick. Vu moies 7:30 Auer bis owes oft 20:00 Auer, dat sinn d’Stonnen, déi hien an den Haff investéiert. Heiansdo, wann d’Wieder net matspillt oder grad keng Saison ass, fänkt de Feierowend scho mol eng Stënnchen éischter un, ëmgedréit geet et awer och alt „vun däischter bis däischter“, well d’Kéi, d’Hinger an den Aker waarden net. Den Haff Thiry ass dobäi bei Wäitem net dee gréissten aus dem Land an huet „keng Honnerten Hektar“, esou dass sech d’Aarbecht par rapport zu anere Betriber nach a Grenzen hält.
„Bei eis ass et relativ iwwerschaubar, well mir haaptsächlech fir eis selwer produzéieren an net grouss erausfueren“, erkläert de Rick. Ugebaut gëtt gréisstendeels fir d’Béischten, e puer Käre ginn un d’Klengbettener Millen, Mëllech, Jugurt a Co. ginn deels an de Verkaf ausserhalb vum Haff geliwwert, ma de Gros gëtt vum Betrib selwer vermaart. Et ass en Job, dee mat de Joren net manner intensiv, dofir awer méi modern ginn ass, esou dass och haiteg Notioune wéi eng Work-Life-Balance dora méiglech gi sinn – wann d’Joreszäit et da bewëllegt. „Am Juli geet kee vun eis fort, well da jidderee gebraucht gëtt, och well mir versichen, eise Papp lues a lues ze entlaaschten. Fir de Rescht huet awer jiddereen seng Vakanzen oder och alt e verlängerte Weekend“, verréit de Rick.
Hie selwer an seng Fra hu keng Kanner, genéissen awer gären zwee- bis dräimol am Joer en Tripp op d’belsch Küst a loossen et sech och dotëscht net huelen, emol Zäit fir sech ze hunn. „Wann ech samschdes schaffen, geet meng Fra gär an d’Sauna. Ech schaffen a menger Fräizäit gäre mat Kolleegen un Autoen, dat ass mäin Ausgläich“, esou de Bauer. Et wier natierlech anescht, ewéi wann een e regulären „Nine-to-five“-Job mat aacht Stonne pro Dag hätt, mee hei misst eebe jiddereen e bësse Waasser an säi Wäi schëdden. „Fir meng Fra war et am Ufank, wou mir eis kenne geléiert hunn, natierlech gewönungsbedürfteg, well hatt wosst zwar, dass ech Bauer wier, mee wat dat genee mat sech bréngt, mierkt ee réischt mat der Zäit. Mir hunn eis awer gutt arrangéiert, a wann een sech e bëssen organiséiert, da geet dat och.“
Wärend dem Rick seng Madamm en eegenen Job à part vum Familljebetrib huet an och alt zéng Stonne schafft, ass sengem Brudder seng Fra deels an der Molkerei mat dran, fir hei eng Hand mat unzepaken. „Hatt schafft awer net vollzäit, fir och nach Zäit fir d’Kanner ze hunn, a spréngt éischter mol an, wann ee vun eise Mataarbechter Congé huet oder Leit gebraucht ginn“, erkläert de Rick. Fir d’Fräizäit-Planung misst een eeben e bësse flexibel sinn an sech virun allem dem Wieder upassen: Ass dëst schlecht, bleift méi Zäit fir Hobbyen a Famill; bitt sech d’Geleeënheet un, muss den Owend ënner Kolleegen awer och emol an der leschter Minutt ofgesot ginn, well de Betrib geet vir.
An nawell: „Ech kenne Leit, déi schaffen Dag an Nuecht, mee dat ass net eist Zil. Mir wëllen eis och emol Zäit huelen, aner Saachen ze maachen“, esou de Rick. Änlech gesinn et och d’Jil Wilwert-Schiltz an säi Mann Jeannot Wilwert. Ëm 300 Kéi an 120 Hinger, dat sinn d’Déieren, déi zum Betrib gehéieren an ëm déi sech d’Famill bekëmmert. Dem Jeannot seng Aarbecht ass heibäi zu 100 % um Haff, wärend d’Jil just d’Comptabilitéit vun dësem mécht a selwer e separaten Job huet. „Mir hu vun Ufank u kloer Grenze gesat an doduerch funktionéiert et och esou gutt“, erkläert d’Jil.
Mat 16 huet hatt de Jeannot kenne geléiert an ass duerch säi Frënd an d’Bauereliewen eragerutscht. Deemools war d’Koppelliewen nach méi schwiereg wéi haut, 22 Joer duerno. „Meng Frëndinne waren all net mat engem Bauer zesummen a sinn dann um 18:00 Auer schonn an de Kino gaang, wat bei eis net méiglech war. Et war relativ schwiereg am Ufank, am Frëndeskrees Fouss ze faassen, mee mëttlerweil hu mir eis gutt arrangéiert.“ D’Melkroboteren, déi de Betrib sech virun e puer Joer geleescht huet, maachen d’Liewe vun der ganzer Famill méi einfach, well amplaz eréischt um 19:30 oder 20:00 Auer, ass de Jeannot elo schonn um 18:30 Auer doheem a kann seng Zäit mat der Famill genéissen.
„Meng Tâche ass et natierlech gréisstendeels, no de Kanner ze kucken a mat hinnen ze léieren oder si an de Sport ze féieren, well dat fir mäi Mann einfach net esou machbar ass, mee mir hunn awer en intakt Familljeliewen, just eeben anescht wéi bei enger 0-8-15-Famill.“ De Betrib huet entre-temps e fest agestallte Mataarbechter, dem Jil seng Mamm gräift him mat de Kanner ënnert d’Äerm an dës verbrénge vill Zäit um Haff an dobaussen, och wann si mat aacht an zéng Joer nach ze kleng sinn, fir vill eng Hand mat unzepaken.
D’Jil bezeechent seng Famill dobäi als eng „Saisonsfamill“, déi jee no Joreszäit mol méi, mol manner Stonne matenee verbréngt. „Wann am Fréijoer d’Aarbecht lassgeet, da musse mir eis méi zeréckzéien an akzeptéieren, dass de Pappa lo manner present ass. Hie schafft dann um Feld an ech gi mat de Kanner op de Mäertchen, dofir ënnerhuele mir wärend de Wanterméint da méi zesummen“, esou d’Jil. Dat Privat wier hautdesdaags awer definitiv méi wichteg, wéi dat nach virun eng, zwou Generatiounen de Fall wor, ma et géif een sech duerch Social Media awer natierlech och méi mat anere Famille vergläichen. „Wann ech op Facebook Fotoe vu fënnef Koppelen aus der Vakanz gesinn an ech awer heiheem stinn, Nuddelszalot fir 20 Baueren ze maachen, dann ass dat natierlech net immens, mee domat lieft een eeben.“
D’Bauerewiese wier entre-temps vill méi flexibel wéi fréier, esou dass och eng Work-Life-Balance – ugepasst un déi jeeweileg Famill – haut méiglech wier. „Natierlech musse mir eis ëmmer him an senger Situatioun upassen, mee dat huet och seng flott Säit, well doduerch gëtt et ni langweileg“, esou d’Jil. Zweemol d’Joer geet d’Famill zesummen an d’Vakanz an och dotëscht loosse Wilwerts sech et net huelen, vill schéi Stonne mateneen ze verbréngen. „Et ass och einfach e Choix, deen een trëfft. Eis ginn 120 Mëllechkéi duer, an de Jeannot hëlt sech da léiwer Zäit fir nach aner Saachen, wéi sech um Haff doutzeschaffen. Dat ass awer net an all Famill esou.“
Et misst een e Mëttelmooss fannen an, wéi an all Agrarbetrib, mam Wieder goen, da géif dat och alles klappen. Just de Weekend huet de Jeannot wärend der Saison keng Rou, fir Saachen ausserhalb vum Betrib ze ënnerhuelen: „All zweete Weekend e ‚Städtetrip‘ ass mat senger Beruffswiel nu mol net méiglech, dat ass kloer“, seet d’Jil. Säi Mann weess dëst awer ze kompenséieren, sief et mat vill Fräiraum, deen hien dem Jil fir eegen Tripps mat de Kanner oder Frëndinne léisst, oder awer klenge Gesten, déi senger Fra vill bedeiten. „Mir krute fir eis Hochzäit eng ‚Geschenk-Box‘ fir e Wellness-Tripp an ech rechnen him haut nach héich un, dass hien deemools d’Kanner wollt mathuelen, amplaz just zu zwee ze fueren, well hien si phaseweis just wéineg gesäit.“
Och d’Sonndes-Matcher vum Bouf an d’Turn-Eventer vun sengem Meedche versicht de Jeannot esou mann wéi méiglech ze mëssen, well wann et nëmme geet, geet d’Famill vir. „Eis sinn eis gemeinsam Ritualer immens wichteg, zum Beispill fir d’Fuesent zesummen an d’Vakanz fueren, wann am Betrib nach net vill lass ass, eemol zesummen op d’Fouer goen an d’Gebuertsdeeg a Chrëschtdeeg ëmmer zesummen ze feieren, dat muss sinn“, esou d’Jil. Natierlech wier d’Familljeliewe manner „planbar wéi mat engem Staatsbeamten“, mee dat misst een eeben a Kaf huelen, wann een sech an e Bauer verléift – „et ass e Geben und Nehmen“.
D’Jil an de Jeannot huelen sech awer net just Zäit fir d’Kanner, mee och fir hiert Koppelliewen a Kolleegen: „Wéi eis Frënn a Sardinie bestuet gi sinn, war do guer keng Diskussioun a mir sinn natierlech dohigeflunn. Owes sëtze mir och zesumme beim Fernsee an huelen eis Zäit just fir eis zwee.“ Dem Jeannot säi grousst Hobby: Borussia Dortmund-Matcher kucke fueren an dat gär och dräi bis véier Mol am Joer. D’Famill vu Keel huet sech arrangéiert mam e bësse méi spezielle Landliewen a wéilt hiren Alldag, genee wéi de Rick Thiry, mat kengem tauschen. Well, si mir emol éierlech: eng Work-Life-Balance ass zwar schéin, mee och nëmmen dann, wann een se mat senge léifste Leit deele kann, an dat geet och an engem Bauerebetrib.
En Artikel vum Laura Tomassini