Eng stëbseg Affär!

Wéi aus engem verloossene Lager e Kino ginn ass

Placeholder Dummy template

An der kaler, naasser fënnefter Joreszäit ass an de Kino goen, fir sech zum Beispill déi neisten Aventurë vun de Marvel-Superhelden eranzezéien, eng heefeg Fräizäitaktivitéit, där vill Familljen, Koppelen oder Frënn sech widmen. Firwat och net? Et ass schuckeleg waarm, eng flott Oflenkung vum Alldag a fir Geschneeks ass och gesuergt. Déi bekanntste Kinoen, de fréieren Utopolis an den Utopia um Kierchbierg respektiv beim Glacis, kennt och all Lëtzebuerger. Ma genee déi zwee gehéieren elo zu Kinepolis Lëtzebuerg. Mee fänke mer an der Geschicht vir un.

D’Kinosgeschicht huet zu Lëtzebuerg mat der Schueberfouer ugefaang, wou virun iwwer 100 Joer sougenannte Wanderkinoen op de Glacis op Besuch komm sinn a Masse vu Leit mat beweegte Biller zum Staune bruet huet. Spéider sinn du lokal Filmtheateren entstanen, ewéi de Cinéma de la Cour, Ciné Europe oder de Yank, fir der just e puer ze nennen, déi haut awer gréisstendeels verschwonne sinn. Gängeg waren eenzel Virstellungen, déi eemol d’Woch gelaf sinn, mat just engem eenzege Sall. Vill auslännesch Filmer hunn et zu där Zäit allerdéngs net bis op Lëtzebuerg gepackt.

Ma ëmsou besser, datt den Nico Simon, dee spéider sollt Direkter vum Utopia Group ginn, an eng Handvoll aner filmbegeeschtert Leit de Veräin Cinéclub 70, spéider de Cinéclub 80, gegrënnt hunn. Hir Iddi war et, international Filmer dem lëtzebuergesche Vollek zougänglech ze maachen an och méi reegelméisseg Virstellungen ze bidden. Vereenzelt Filmer hu si am Vox op der Theaterplaz gewisen. No an no ass dëse Sall awer ëmmer méi fir d’Cinemathéik gebraucht ginn, wouduerch de Club 1984 eng Lagerhal um Lampertsbierg gelount an einfach emol e Kinossall draus gemaach huet, deen en Utopia genannt huet.

E gutt Joer méi spéit konnt een en zweete Sall um selwechte Site opmaachen. Enn der 1980er-Joren hu véier Säll op der Gare gläichzäiteg zougemaach, den Europe 1 an 2 an och den Eldorado 1 an 2. Dat huet de Club arrangéiert an en huet net nëmmen op der Gare dräi nei Säll amenagéiert, mee sech och professionaliséiert, andeems en d’Firma Utopia S.à.r.l. gegrënnt huet. De Projet, e Multiplex-Kino ze bauen, huet sech e puer Joer duerno konkretiséiert, wéi zesumme mat aneren Investisseuren um Kierchbierg den Utopolis gebaut ginn ass. Am Dezember 1996 war et dunn esou wäit an déi éischt Gäscht konnten empfaange ginn. Gläichzäiteg ass och aus der SARL eng SA ginn. Nodeems d’Utopolis S.A. 1999 d’Cinecity-Kinoen an der Belsch iwwerholl huet, ass si och op d’Bourse gaangen. De 6. September 2002 ass d’Utopia S.A. mat der hollännescher Polyfilm BV fusionéiert an huet sech Utopia Group genannt.

No a no huet de Grupp vereenzelt Kinoen an der Benelux-Regioun an een zu Lonkech a Frankräich iwwerholl, a lues a lues moderniséiert. Grouss Multiplex-Kinoe sinn Utopolis genannt ginn a méi klenger Utopia. Inklusiv der leschter Iwwernam vum CineBelval am Juni 2013, deen dono Utopolis Belval genannt gouf, zielt de Grupp dee Moment 17 Komplexer a sengem Portfolio.

Am Joer 2015 iwwerhëlt de Kinepolis Group de ganzen Utopia Group mat senge 17 Komplexer an eisen Nopeschlänner. Doduerch kenne mer haut de Kino um Kierchbierg ënner dem Numm Kinepolis Kirchberg an deen um Belval als Kinepolis Belval. Aus historesche Grënn hunn se deen dach am Verglach klenge Kino um Lampertsbierg net ëmbenannt, dee wéi scho bei senger Grënnung och haut nach ëmmer Utopia heescht. Aussoe vum Nico Simon no ass doduerch d’Zukunft vun de betraffene Kinoe geséchert.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.