Thierry la terreur, Troublemaker, Thierry national – et gëtt vill Nimm, déi ee mam Thierry van Werveke verbënnt. Vun den 80er-Joren un huet de jonke Schauspiller d’Lëtzebuerger Filmwelt mat Karacho eruewert, spéitstens duerch seng Roll als Johnny Chicago am Andy Bausch sengem Kinoshit Troublemaker kennt den Thierry am Grand-Duché jiddwereen. Den 11. Januar 2009 fënnt seng Karriär awer en trauregt Enn: Den Thierry stierft no laanger Krankheet am Alter vu 50 Joer. Ma och iwwer zéng Joer no sengem Doud ass de Lëtzebuerger mam rauen Optrieden nach present an déi vill Stickeren uechter d’Land loossen ee bal gleewen, et hätt ee säi Gesiicht eréischt gëschter nach op der Strooss gesinn.
E Mann, deen d’Lëtzebuerger Konschtzeen beaflosst huet ewéi bal keen aneren – esou kéint een den Thierry van Werveke betitelen. Wärend bal 30 Joer ass de jonke Borscht mat der Zigarett am Bak Inspiratioun fir d’XXL-Portraite vu Street-Art-Kënschtler, beléifte Motiv fir renomméiert Fotografen a Virbild fir eng ganz Generatioun vu Lëtzebuerger Acteuren. Ma den Thierry ass awer méi ewéi just e Gesiicht, wat no sengem Doud duerch seng Rollen op der Leinwand weiderlieft. Hien ass eng „Person des öffentlichen Lebens“, wéi et haut op Facebook géif heeschen, de Marlon Brando vu Lëtzebuerg, deen zwar eigentlech null an d’Bild vum stereotypesche Lëtzebuerger passt an awer jiddweree fir sech begeeschtert. „Den Thierry ass scho relativ fréi opgefall an een, deen de Kulturmilieu deemools beobacht huet, wosst: Do gëtt et eng Geschicht ze erzielen“, seet den Yves Steichen, Auteur vum Thierry senger Biografie. Selwer huet hien de Mann hanner dem Johnny Chicago ni kenne geléiert, ma d’Faszinatioun fir den Thierry war awer och beim Yves schonn ëmmer do: „Et ass interessant, wéi hie gläichzäiteg de geneeë Géigendeel vun der Gesellschaft representéiert, déi sech mat him identifizéiert, mee och dat perfekt Aushängeschëld vun dëser ass.“ Net konform, vun der Long op d’Zong, éierlech, mee ëmmer mat Häerz – genee dat war den Thierry. Net fir näischt ass den Titel vun enger ganzer Revue-Ausgab bal zéng Joer nom Thierry sengem Doud „Die Legende lebt!“, well eng Legend war hien der Däiwel.
Ma och wéi den Thierry nach wierklech gelieft huet, war den Interessi fir säi Personnage scho grouss, esou den Yves Steichen: „Déi bekanntste Retrospektiv ass natierlech dem Andy Bausch säin Documentaire inThierryview vun 2008, also ee Joer, ier den Thierry gestuerwen ass. Déi zwee hunn sech zu Diddeleng am Béierbuttek kenne geléiert, wouropshin eng symbiotesch Frëndschaft entstanen ass, déi e Liewe laang ugehal huet. Mam Thierry fënnt den Andy en Typ, deen ewéi säi Sproochrouer gëtt, gläichzäiteg ass d’Filmemaache fir den Thierry och e gewëssene Kader, deen him Stabilitéit gëtt.“ D’Resultat vun der kreativer Zesummenaarbecht si Filmer, déi haut nach Kult sinn an de jonke Schauspiller och am Ausland an de Fokus vun der Ëffentlechkeet drécken. Niewent villen Artikelen a Viewingen am Gedenken un den Thierry sinn et virun allem d’Screeninge vun Thierry-Filmer op der Berlinale, déi vum däitsche Schauspiller Till Schweiger orchestréiert ginn, déi den Hommage un de Lëtzebuerger Acteur weiderliewe loossen.
Dem Thierry seng Konscht huet awer vill Gesiichter, well eigentlech schléit dem Thierry säin Häerz virun allem fir eppes: d’Musek. „Hien huet sech am Fong ëmmer éischter als Museker gesinn, dee geschauspillert huet, ewéi als Schauspiller, dee Musek gemaach huet. Rock war seng Passioun, d’Schauspill säin Job“, seet d’Danielle Meneghetti, dem Thierry seng Fra, déi hie wärend senger ganzer Karriär begleet an ënnerstëtzt huet. Haut nach hänken am Haus zu Diddeleng Fotoen an Erënnerungsstécker un dee Mann, deen net nëmmen dem Danielle säi Liewe gepräägt huet. „Den Thierry huet zesumme mam Andy Bausch maassgeeblech dozou bäigedroen, datt de Lëtzebuerger Film, dee jo deemools nach an de Kannerschong stoung, sech esou entwéckelt huet, wéi en dat gemaach huet, an datt sech dono vill anerer getraut hunn ze soen, datt se eng Karriär an der Filmbranche probéiere wëllen. Hien huet de Wee fräigemaach fir vill vun eisen haitege Schauspiller“, esou d’Danielle.
Ma och musikalesch war den Thierry mat senger Band NazzNazz e Virreider: Deen haarden, dreckege Rock aus den 80er huet net nëmme staark un d’faméis Melodië vu The Doors erënnert, mee dem Lëtzebuerger Rock ganz nei Dieren opgemaach: „Eng Grupp wéi si hat et bis dohin nach net hei ginn a vun do un ass et richteg lassgaang“, esou d’Danielle. Fir all dëse Bäiträg zur Lëtzebuerger Kulturzeen Rechnung ze droen, huet et sech d’Ekipp vum Centre national de l’audiovisuel (CNA) 2016 zur Aufgab gemaach, all dat Material zesummenzesichen, wat de Lëtzebuerger Troublemaker wärend 50 Joer zu enger Kultfigur gemaach huet. Vu Juli bis Dezember 2018 konnt een den Thierry a Bild, Toun a Schrëft am Pomhouse zu Diddeleng nach eng Kéier erliewen.
Als ee vun de Kommissäre vun der Expo kennt den Yves Steichen dem Thierry seng Karriär mëttlerweil auswenneg: „Duerch dem Thierry seng dräi Konschtformen ass eng Onmass un Dokumenter a Bildmaterial entstanen. Hien huet an iwwer 80 Filmer matgespillt, véier Studioalben erausbruecht an all dës Wierker bleiwen der Konschtzeen natierlech och no sengem Doud erhalen.“ Manner laanglieweg waren dem Thierry seng schauspilleresch Leeschtungen op der Theaterbün. „Ma och hei gëtt et Stécker, déi weiderexistéieren.“ Fënsterdall war dat lescht Stéck, an deem den Thierry nach matgespillt huet. 2008 gouf et eng eenzeg Kéier opgefouert, dono war den Thierry duerch seng Krankheet ze schwaach fir op d’Bün. „Zéng Joer drop ass d’Stéck am Kader vun der Expo awer nei opgefouert ginn, mam Frank Hoffmann am Thierry sengem Part“, esou de Kurator. Den 2. Abrëll dëst Joer gëtt Fënsterdall dann nach eng weider Kéier gespillt, dës Kéier am Trifolion zu Iechternach.
Besonnesch an de Méint virun a wärend der Expo sinn am Grand-Duché eng jett Eventer, déi dem Thierry säi Liewenswierk éiere sollen. Zwou Wochen no der Ouverture vun der Ausstellung gëtt am Juli 2018 den Troublemaker am Open-Air-Kino op der Diddelenger Gemengeplaz gewisen, dee selwechte Summer covert d’Harmonie Municipale um Summerstage Thierry-Lidder, et gëtt eng Short-Film-Night mat enger Selektioun vun Thierry-Kuerzfilmer organiséiert an eng Rëtsch Tribute-Concerte gi bei der Erëffnung vun der Expo an de Wochen dono gespillt. Fir datt de Sammelsurium un Thierry-Stuff awer och weiderhi fir de Grand Public gräifbar bleift, kënnt Enn 2019 d’Begleetbuch zur Ausstellung eraus. Niewent Fotoe vum Exporaum, Kopië vun den Temoignagen aus dem „Gëlle Buch“ an den am Viraus gefouerten Interviewe bitt den Album virun allem d’Méiglechkeet, via QR-Code nach eng Kéier duerch d’Expo ze spadséieren.
Eppes, wat sech wéi e roude Fuedem duerch all dem Thierry seng Projete gezunn huet an och am Pomhouse iwwerall erëmzegesi war, ass dem Kënschtler säin duerchwucherte Liewensstil. Scho fréi kënnt de jonke Bouf aus guddem Haus a Kontakt mat Alkohol an Drogen, spéider a sengem Mariage si si ëmmer zu dräi: den Thierry, d’Danielle a seng Sucht. Wat awer an der Gesellschaft prinzipiell als negativ ugesi gëtt, war feste Bestanddeel vum Schauspiller a Museker sengem Wiesen an huet senge Matmënschen e positiivt Ierwen hannerlooss. D’Fondatioun Thierry van Werveke ass op dem Thierry säin eegene Wonsch hin entstan a soll jonken Troublemaker, wéi den Namensgeber selwer een a senger Jugend war, eng Perspektiv bidden. „Den Thierry huet mat 18 zwee Joer op der Strooss gelieft, dofir ass d’Missioun vun der Fondatioun, Jonker ze ënnerstëtzen, déi amgaang sinn, vum Wee ofzekommen, an hinnen eng Hand ze reechen, fir hiert Liewen erëm an de Grëff ze kréien“, erkläert d’Danielle. D’Projeten entstinn a Collaboratioun mat aneren Organisatiounen, déi am soziale Secteur täteg sinn, ewéi d’Stëmm vun der Strooss oder dem „dropIn“ vun der Croix-Rouge.
Ma och hei ass de kulturellen Aspekt ni wäit ewech, wéi d’Danielle verréit: „Niewent Fäll, wou mir de Betraffene wärend e puer Méint de Loyer bezuelt hunn, ënnerstëtze mir vill jonk Bands a Kënschtler. Ee Beispill ass en Typchen, dee mir op engem Filmdréi placéiert kruten an deen sech eropgeschafft huet vum Homme à tout faire bis zum Assistent vun der Beliichtung.“ D’Stäerkt vun der Fondatioun: All Cent, dee gebraucht gëtt, kënnt och genee do un, wou e soll, an dem Thierry säi Virbild gëtt de betraffene Jonken eng Perspektiv an Hoffnung fir d’Zukunft.
Et ass net schwéier ze gesinn, datt dem Thierry säi Wierk och haut nach op ville Plaze present ass. A sief et nëmmen duerch Sätz wéi „Mäin Numm ass Johnny Chicago“ oder „d’Keess op an d’Klacken eraus!“ – iergendeppes vum Troublemaker kennt jiddwereen, esouguer déi jonk Generatioun. „Den Thierry huet ëmmer polariséiert, bis zum Schluss. Ech mengen, datt hien eppes ausgelieft huet, wat sech der vill net getraut hunn an iergendwéi hu mir doduerch d’Gefill, datt hien eis alleguer gehéiert“, seet den Yves Steichen. Den Thierry war eeben net just e Schauspiller, deen een hei an do mol am Kino gesinn huet, mee e Personnage, dee gräifbar war an deen der Lëtzebuerger Kulturzeen dee Pefferkär ginn huet, dee bis dohin nach gefeelt hat. Thierry national eeben, mat enger Pouz Kultstatus, déi bleift.
En Artikel vum Laura Tommassini