Placeholder Dummy template

W. – eng lëtzebuergesch Webserie

Eng Fra. Eleng am Bësch. Si weess net méi, wéi si heescht, wou si hierkënnt a wat si do mécht … mee komescherweis weess si vill. Wien ass déi Fra, d’Haaptverdächteg beim Verschwanne vun dräi Kanner zu Lëtzebuerg?

Dat ass de Pitch vu W. E Pitch ass dat, wat een an den Zeitunge liest oder um Internet. Eng sexy Kuerzfaassung vun engem Film, enger Serie oder enger Geschicht. Et geet drëm, de Leit iergendwéi Loscht ze ginn, et ze kucken.

De Prinzip vum Pitch fënnt ee bal iwwerall erëm, besonnesch am Marketing, wou den Term am Fong hierkënnt.

W. ass eng lëtzebuergesch Webserie vun am Moment sechs Episode vu fënnef bis zéng Minutten (bis elo gëtt et nëmmen eng Staffel).

Mee éier ee méi am Detail op d’Serie ageet, stellt een sech d’Fro, wat ass iwwerhaapt eng Webserie?

Enger franséischer Ëmfro vun 2018 no verbrénge méi ewéi 50% vun de Leit tëschent 12 an 39 Joer méi ewéi zwanzeg Stonne pro Woch um Internet. Den Internet ass den éischte Medium ginn, fir Noriichten ze liesen, ze fannen, fir mat de Leit ze kommunizéieren, fir seng Aarbecht ze verbreeden … an och fir audiovisuelle Contenu ze kucken.

Wien huet hautzedaags nach vill VHS-Kassetten an DVDen a senger Bibliothéik? Mam Boom vu Plattforme wéi Netflix, Hulu oder Amazon Prime (a geschwënn Disney+, HBO Max …) kann ee seng Liblingsserien oder Filmer iwwerall an zu all Zäit kucken.

An och wann déi Serië kloer an däitlech fir Internetplattforme geschriwwen a produzéiert gi sinn, schwätzt een nach ëmmer vun enger normaler Serie.

Wat een awer elo ënner Webserië versteet, ass eng ganz besonnesch Spart.

Webserië sinn oft Serien, déi an engem ganz besonneschen an ekonomesch ageschränkte Modell entstane sinn. Et schwätzt een an den engleschsproochege Länner oft vun „indie filmmaking“. Et geet drëm, mat wéineg Suen eng Geschicht kënnen ze zielen, sief se fiktiv oder dokumentaresch. Déi Haaptplattform fir d’Diffusioun an d’Distributioun vun deene Serien ass dann oft Youtube.

Déi éischt Webserië sinn Enn 1990er, Ufank 2000er entstanen, haaptsächlech an Amerika. Normalerweis gëtt „The Spot“ als éischt Webserie ugesinn. Si ass 1995 schonn um Internet gelaf. Mee d’Webserië sinn nach rar. Et muss een nach ëmmer e Site kreéieren, den Internet ass schrecklech lues an och deier …

2005 ännert sech dat awer alles mat der Grënnung vu Youtube, engem Site, deen 2006 scho vu Google opkaaft gëtt. Vun elo u ka jidderee mat jidderengem seng Videoen deelen. An och wann haaptsächlech Kazevideoen, Sketcher a Bloggen d’Plattform erueweren, fänke jonk oder manner jonk Kreativer un, hir audiovisuell Geschichten ze weisen. Mam amerikaneschen Zenaristestreik vun 2007-2008 a mat der Demokratiséierung vun de Präisser vun de Kameraen (et muss een sech net méi op 300 Joer verschëlden, fir e Film kënnen oder wëllen ze dréien), kréien déi Serien, déi um Internet entstinn a just fir den Internet geduecht sinn, hiren „titre de noblesse“.

Bis elo hat Lëtzebuerg leider nach keng Webserie entwéckelt … Et gouf awer e puer Sketchserien an déi bekanntst dovu war Duckféiss.

Mee am Moment erlieft Lëtzebuerg eng eege kleng Revolutioun am audiovisuellen Domaine. Et gëtt nämlech ëmmer méi Contenu proposéiert, esou vill wéi nach ni. D’Podcasten op Lëtzebuergesch explodéieren (gitt emol op Spotify luussen: vun HappyHippo iwwer Erkläranlaach a Paus bis op Heieleilauschterlo …). D’Leit hunn sech och an de Kino gestierzt, fir de Superjhemp kucken ze goen, wat all Rekord gebrach huet (méi ewéi 65.000 Zuschauer, also ronn all Zéngten hei am Land) a bal jiddweree schwätzt vu Capitani, där neier Krimi-Serie op RTL.

An dëser Efferveszenz ass W. entstanen an zanter dem 6. Januar 2020 op Youtube, Facebook an Instagram verfügbar.

Am Summer 2018 huet de Frédéric Zeimet ugefaangen, d’Serie ze schreiwen. Am Dezember 2018 huet de lëtzebuergesche Filmfong eng finanziell Zouso gi fir de Projet: 30.000 Euro Budget, fir déi sechs Episoden ze dréien an erauszebréngen. Am Verglach sinn dat manner wéi een Zéngtel vum Episodebudget vu Capitani.

Am Mee 2019 gouf da véier Deeg laang zu Bech an zu Hesper gedréit, fir herno méi ewéi véierzeg Minutte Contenu ze hunn. Dat ass ganz vill. Zum Verglach: Wann een e Kinosfilm dréit, da mécht een eng bis dräi Minutten den Dag a fir d’Tëlee ongeféier fënnef bis siwe Minutten. D’Schauspiller Catherine Elsen, Jérôme Burelbach, Fränk Grotz a Claude Faber hunn richteg Leeschtung bruecht.

D’Webserie baséiert um Prinzip vun engem Krimi. Wien ass d’W.? Wat ass mat hir geschitt? Wat ass mat de Kanner geschitt? D’Form vum Krimi hëlleft, fir esou vill ewéi méiglech Leit unzezéien. E Krimi ass normalerweis ëmmer spannend an et huet ee Loscht weiderzekucken, fir op déi vill Froen eng Äntwert ze kréien. Iwwer dee Wee wollt d’Webserie méiglechst vill Leit uschwätzen a gläichzäiteg vun der Opportunitéit profitéieren, fir iwwer Theemen ze schwätzen, déi dacks net um Fernsee verschafft ginn.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.