Vun Eisen a Stol bis Koffer a Néckel

D'Wirtschaftsecteuren am Wandel vun der Zäit

Placeholder Dummy template

D’Geschicht vum wirtschaftlechen Ëmschwong zu Lëtzebuerg huet ganz vill Facetten an et ass schwéier, all d’Etappen an engem kuerzen Text festzehalen. Duerfir konzentréiere mer eis hei op déi weesentlech Punkte betreffend déi wirtschaftlech Entwécklung an deene leschten 100 Joer zu Lëtzebuerg.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

An de Jore virum éischte Weltkrich huet Lëtzebuerg en nohaltege Wuesstum vun der Eisen- a Stolindustrie kannt, eng Industrie, där hir Wuerzele bis an déi zweet Hallschent vum 19. Joerhonnert zeréckginn. Virun allem zu Déifferdeng an op Esch/Belval gouf vill Réieisen zu Stol a Walzprofiller verschafft. Fir dat ze verdäitlechen, hei e puer Zuelen: Am Joer 1900 goufen esou 145.313 Tonne Walzprofiller hiergestallt, 1913 waren et der schonn 1.115.004 Tonnen (Statec). 60 Prozent vun allen Industrieaarbechtsplazen huet ee virum éischte Weltkrich am Eisen- a Stolberäich fonnt.

Dat huet et och mat sech bruecht, datt am Süde vum Land, virun allem am Kanton Esch, d’Bevëlkerungszuel séier geklommen ass. 1880 hu 11,4 Prozent vum Vollek an dësem Kanton gewunnt, 1910 waren et der schonn 26 Prozent. An der Stad Lëtzebuerg an am Kanton Esch hunn zesummegerechent 45 Prozent vun der Gesamtbevëlkerung gewunnt (1880: 26 Prozent). Dëse Wuesstum war virun allem op eng gréisser Awanderungswell zeréckzeféieren. Aus Däitschland a spéider och aus Italien koume vill Leit op Lëtzebuerg, well et hei eng grouss Offer vun Aarbechtsplaze gouf. Den Undeel vun den Auslänner zu Lëtzebuerg huet sech vun 1890 bis 1913 quasi verduebelt. Bal zäitgläich hunn awer och ronn 80.000 Lëtzebuerger wéinst schlechte Liewensbedéngungen a wéinegem Vertrauen an d‘Industrie hirem Land de Réck gedréit a sinn ausgewandert.

Déi vill italieenesch Leit a Famillen hu spéider dat soziaalt Liewen am Süden weesentlech matgepräägt. Och haut fënnt een nach vill Spueren dovun a vill Traditioune vun deemools hu bis an eis haiteg Zäit iwwerlieft.

Duerch d’Fusioun vun dräi mëttelgroussen Entreprisen ass 1911 d’Arbed gegrënnt ginn. Arbed steet fir „Aciéries de Burbach, Eich, Dudelange“. Dësen Eisen- a Stolkonzern huet sech ganz séier zu engem vun deene gréissten an Europa entwéckelt an duerch d’Fusioun 2001 mat Usinor an Aceralia war d’Arbed um Entstoen vum weltgréissten Eisen- a Stolkonzern Arcelor bedeelegt.

Placeholder Dummy template

Ëmdenken erfuerdert

Um Enn vum éischte Weltkrich goufen déi sozial a wirtschaftlech Strukturen zu Lëtzebuerg uerg duercherneegerëselt. Den Austrëtt vu Lëtzebuerg aus dem „Zollverein“ am Joer 1918 huet et mat sech bruecht, datt Lëtzebuerg sech huet musse wirtschaftlech nei orientéieren. 1921 gouf d’BLWU (Belgisch-Luxemburgische Wirtschaftsunion) gegrënnt. Vill kleng a mëttelgrouss Betriber, déi sech un den däitsche Maart geklamert haten, koume a Schwieregkeeten. Och d’Stolindustrie hat ze kämpfen, well dat däitscht Kapital erausgezu gouf. Et gouf zwar gläich franséisch-belscht-lëtzebuergescht Kapital eragepompelt, mee d’Produktivitéit hat staark ofgeholl. Déi Tendenz ass dunn duerch d’Auswierkungen vun der weltwäiter Wirtschaftskris an den 1930er Joren nach verstäerkt ginn.

Positiv un där Kris war, datt vill bedeitend sozial Ännerungen agefouert goufen. Zum Beispill gouf 1936 den „Nationale Arbeitsrat“ gegrënnt, e Schlichtungsamt, dat als Zil hat, sozial Aarbechtskonflikter ze verhënneren an ze léisen. An där Zäit goufen och vill Tarifverträg fir déi éischte Kéier ofgeschloss. Och no dem zweete Weltkrich huet d’Eisen- a Stolindustrie eng grouss Roll am Land gespillt. D’Stolproduktioun ass vun 2,45 Milliounen Tonnen am Joer 1950 op 6,45 Milliounen Tonnen 1974 geklomm. Trotzdeem koum et Enn der 1950er Joren zu enger verstäerkter Diversifizéierungspolitik. D’Néierloossung vun der Firma Goodyear 1951 zu Colmar-Bierg war nëmmen ee Beispill. Vun 1959 bis 1972 hu sech ronn 50 nei Entreprisen zu Lëtzebuerg néiergelooss, dorënner och Dupont de Nemours am Joer 1963.

Bal zäitgläich ass den Déngschtleeschtungssecteur explodéiert. 1970 hunn 48,6 Prozent vun den Erwerbstätegen an dësem Secteur geschafft, 1947 waren et der 34,5 Prozent. An der Landwirtschaft ass d’Zuel vun 27 Prozent (1947) op 7,5 Prozent (1970) gefall. Duerch déi weiderhi grouss Offer un Aarbechtsplazen sinn ëmmer méi Auslänner op Lëtzebuerg komm. 1947 hu si 11,4 Prozent ausgemaach, 1970 koum een do schonn op 21 Prozent.

Placeholder Dummy template

Sozial Errongenschaften

An den Nokrichsjoren gouf den 1936 gegrënnten „Nationale Arbeitsrat“ duerch „Nationale Arbeitskonferenz“ ersat an dat „Nationale Schlichtungsamt“ gouf gegrënnt. Am Dezember 1944 ass de soziale Mindestloun agefouert ginn. Fir bei dem soziale Volet ze bleiwen: 1965 gouf d’„Tarifvertragsgesetz“ a Kraaft gesat, 1966 ass de Wirtschafts- a Sozialrot gegrënnt ginn, 1970 ass d’Aarbechtszäit op 44 Stonne pro Woch begrenzt ginn, 1975 koum den automateschen Indexéierungsmechanismus, d’40-Stonne-Woch an och d’Tripartitt derbäi, déi haut nach am Mëttelpunkt vum Lëtzebuerger Sozialmodell steet.

Lëtzebuerg gouf tëschent 1975 a 1985 ganz haart vun der Weltwirtschaftskris getraff. Zum selwechte Moment huet och d’Produktivitéit vun der Eisen- a Stolindustrie misse wéinst weltwäiter Iwwerproduktioun drastesch gebremst ginn. Dat ganzt Vollek huet un der Rettung vun dësem Secteur matgehollef. An der Moyenne sinn tëschent 1975 an 1987 ronn 5 Prozent vun den Ausgaben vun den eenzelen Haushalter an dës Rettungsaktioun gefloss.

Datt Lëtzebuerg dach nach gutt aus de Krisejoren 1975 bis 1985 erauskoum, huet weider Ursaachen: Den Opschwong vum Finanzdéngschtleeschtungssecteur, déi weider Diversifizéierung vun der Wirtschaft, d’Aussetzen vun der automatescher Lounindexéierung 1982 an dem Erofsetzen vun de Léin.

Déi wirtschaftlech Entwécklung huet sech vu Mëtt der 1980er Joren bis 2000 op engem Rekordniveau beweegt. Dëst hat verschidden Ursaachen, an zwar dee weidere grousse Wuesstum vum Finanzsecteur (do si mer da beim Koffer a Néckel), déi gënschteg Entwécklung vum Déngschtleeschtungssecteur, d’Informatikdéngschtleeschtungen, dee produktiven Industriesecteur, deen héijen Niveau un Investitiounen an un allgemengem Wuesstum, déi relativ niddereg Lounsteieren a Sozialbeiträg, asw. An do sti mer haut nach, am internationale Vergläich beleeë mir a villen Hisiichten eng Plaz ënner de fënnef éischten.

En Artikel vum Roger Infalt

Placeholder Dummy template

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.