E Sprangbriet an e neit Liewen an e Bäitrag zur solidarescher Wirtschaft

De CIGL (Centre d'Initiative et de Gestion Local)

„Ech hunn hei eng Ausbildung an e Beruff fonnt, mee virun allem awer Respekt. Ech hunn erëm en Aarbechts- a Sozialliewen an d‘Gefill, als Persoun eppes wäert ze sinn.”

Dëst ass eng Ausso vum Gustav, dee laang Joren am Chômage war, éier hien e Kontrakt fir zwee Joer beim CIGL vun Esch-Uelzecht ënnerschriwwen hat. De Gustav huet hei seng Léier als Informatiker ofgeschloss. Dës nei Qualifikatioun huet et him erméiglecht, eng Aarbechtsplaz an enger privater Entreprise mat engem „contrat à durée indéterminée“ ze fannen.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

„Dës Geschicht vun engem vun eise Mataarbechter aus dem Beräich Integratioun ass eng vu villen, déi d’Aufgabe vun eiser Associatioun gutt erëmginn” seet de Carlos Breda, Direkter vum CIGL Esch: „D‘Aarbechtslosegkeet mat all hiren negative Konsequenzen ewéi Aarmut, Misär, Ausgrenzung an Diskriminéierung ze bekämpfen an op dësem, éischter ongewéinleche Wee zu enger Wirtschaft bäizedroen, bei där de Mënsch am Mëttelpunkt steet”.

Säit senger Grënnung am Joer 1997 huet den CIGL Esch zwee komplementar Ziler. Op där enger Säit solle Leit, op jonk oder manner jonk op der Sich no Aarbecht, Perspektiven op en neit soziaalt a professionellt Liewe kréien. Op där anerer Säit ginn eng Rëtsch un Déngschtleeschtungen vun ëffentlechem Interessi fir all Bierger ugebueden.

E Sprangbriet an en neit Liewen

De sozioprofessionellen Encadrement riicht sech u Leit, déi op perséinlech, berufflech a sozial Schwieregkeete bei der Aarbechtssich stoussen. Dës Leit ginn duerch d‘Aarbechtsamt (ADEM) un de CIGL orientéiert, fir do un enger Beschäftegungsmesure deelzehuelen.

Zum Zäitpunkt vum Engagement kritt den zukünftegen Aarbechter en Aarbechtskontrakt iwwer fënnef Méint, deen zweemol verlängert ka ginn, ouni dobäi iwwer eng Gesamtzäit vun 24 Méint erauszegoen. Bezuelt gëtt de gesetzleche Mindestloun.

De sozialen a professionellen Encadrement gëtt vun enger multidisziplinärer Ekipp iwwerholl, déi sech esouwuel aus Léit mat enger sozialpedagogescher Ausbildung, ewéi och aus techneschem oder manuelle Fachpersonal zesummesetzt. De sozioprofessionellen Encadrement gëtt vu spezielle Beroder, där hir Roll et ass, d’Salariéen erëm an de klasseschen Aarbechtsmaart ze integréieren iwwerholl.

Bei der Persoun op der Sich no Aarbecht, gëtt an engem éischten Entretien grad esou vill Wäert op dat soziaalt ewéi op dat professionellt Ëmfeld geluecht. Am Kader vun dësem Gespréich ënnerschreift déi betraffe Persoun eng intern Charte vu géigesäitegem Engagement, an deem si hir Bereetschaft erkläert, sech aktiv un de Beméiungen ze bedeelegen hir sozial Situatioun ze festegen oder ze verbesseren an e perséinlechen a beruffleche Projet opzebauen, deen et hir erméiglecht, sech erëm besser an de klasseschen Aarbechtsmaart ze integréieren.

Aus dësem Engagement ergëtt sech en individuell adaptéierten, sozioprofessionellen Integratiounsprojet: Opnam an Adaptatioun un d’Bedéngunge vum CIGL, Ausschaffe vun engem Liewens- an engem Aarbechtsprojet, Deelhuelen un der Formatioun, Upassung un eng Aarbechtsplaz, Ausschaffe vun engem Weiderbildungsprogramm, woubäi déi eenzel Weiderbildungen op d’Liewenssituatioun an de Liewens- an Aarbechtsprojet vun all eenzelem Kandidat ugepasst ginn. Um Enn vum Kontrakt kritt all Persoun e moossgeschneiderten, perséinlechen Aktiounsplang fir seng Sich no enger neier Aarbecht.

De CIGL Esch schafft enk mat allen ëffentlechen a privaten Instanzen zesummen, déi am Beräich vun der Beschäftegung an der berufflecher Formatioun aktiv sinn. E besonneschen Akzent gëtt op de lokale Charakter geluecht, well dëst erméiglecht e méi séiert Erkennen vu méigleche Schwieregkeete bei der betraffener Persoun, an esou nach méi eng individuell adaptéiert Begleedung um Wee zeréck an d‘Aarbechtswelt.

E Bäitrag zur Solidarwirtschaft

Eng Associatioun, wéi de CIGL Esch bitt eng breet Pallett un Déngschtleeschtungen un, déi vun ëffentlechem Interessi sinn. All dës Déngschtleeschtunge sinn drop ausgeriicht, dem Bierger ënner d’Ärem ze gräifen. Lauter Déngschtleeschtungen, déi de Bierger dacks vu kenger oder nëmmen deelweis vun aneren ëffentlechen Instanzen oder private Betriber ugebuede kritt.

Aktuell bitt de CIGL Esch eng ronn 15 Aktivitéiten a Projeten un, déi vum Ministère fir Aarbecht a Sozial- a Solidarwirtschaft unerkannt sinn: e Vëlo-Self-Service, e Geméisgaart, lokal Déngschtleeschtungen, eng Crèche, eng Maison Relais, Servicer an de Beräicher Ëmwelterzéiung, Gastronomie an och Kreeslafwirtschaft.

D’Ëmsetzung vun dëse Projeten ënnersträicht de sozialwirtschaftleche Charakter vum CIGL Esch. Op där enger Säit sinn all dës Projeten e Mëttel zur Aus- a Weiderbildung fir hir betreite Mataarbechter um Wee vun enger Aglidderung an den normalen Aarbechtsmaart, op där anerer Säit bedeite si eng aktiv Bedeelegung vun de Bierger un enger Solidargesellschaft.

Méi Informatiounen iwwer de CIGL Esch an hir Servicer fënns du op hirer Internetsäit!

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.