STM – Gesond op der Aarbecht

Service de Santé au Travail Multisectoriel

Wat heescht STM?

STM ass d’Ofkierzung fir „Service de Santé au Travail Multisectoriel“ an ass eng allgemengnëtzlech Ariichtung, déi dem Gesondheetsminister ënnersteet.

De Sëtz vum STM ass an der Stad an en huet 4 medezinesch Zentren am Land: an der Stad, zu Ettelbréck, zu Gréiwemaacher an zu Esch-Uelzecht.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Wat mécht eigentlech den STM?

Ënner anerem medezinesch Analysen, awer wéini sinn dës virgesinn?

  • Beim Engagement op Initiativ vum Patron, fir en Certificat fir d‘Beruffsfäegkeet (fiche d’examen médical) ze certifiéieren.
  • Et ginn och reegelméisseg Analysen op Invitatioun vum STM gemaach, wann de viregte Certificat ofleeft.
  • Och wann de Mataarbechter ouni Ënnerbriechung méi ewéi 6 Woche gefeelt huet, kann den Aarbechtsdokter e Rendez-vous fir ubruecht halen.
  • Op Ufro vum Patron, wann dësen et aus Gesondheetsgrënn oder wéinst besonneschen Aarbechtsbedéngunge fir noutwendeg hält.
  • Op Ufro vum Mataarbechter, der Personalvertriedung oder dem gemëschte Betribsrot, wa si et fir ubruecht halen.

Den STM mécht och Betribsvisitten

Fir dës Visitten ass de Kontakt tëschent dem Patron an dem Aarbechtsdokter wichteg. Bei enger Baustellevisitt kann de Patron sech vum Chef Chantier vertriede loossen.

Dës Visitten erlabe Geforen ze bestëmmen a bestoend Aarbechtsplazen ze erfaassen.

No der Visitt huet den Dokter eng kloer Virstellung vun den Ufuerderunge vun der Aarbechtsplaz, a kann domat d‘Beruffsfäegkeet bei de medezineschen Analyse besser beurteelen.

Wat mécht den STM soss nach?

D‘Aufgab vum Aarbechtsmediziner ass et, d’Patrone bei hire preventiven Aufgaben ze ënnerstëtzen.

Dofir bitt den STM follgend Leeschtungen un: Fortbildungen, Informatiounen, Rotschléi, physikalesch a cheemesch Analyse vum Aarbechtsëmfeld asw.

Den STM hëlleft de Betriber bei der cheemescher Analys vu Geforestoffer a bei der Opklärung vun de Mataarbechter iwwer déi méiglech Risiken. Et ginn och Informatiouns- a Fortbildungsveranstaltunge fir d‘Mataarbechter organiséiert, déi biologesche Geforestoffer ausgesat sinn (z.B. Hepatitis A a B asw.).

Den STM bewäert spezifesch Aarbechtsbedéngungen, déi zu Verbesserungsvirschléi an follgende Beräicher féieren: Schwéngungen, Beliichtung, Kaméidi, Klimabedéngungen a Physiologie op der Aarbecht, Muskel-Skelett-Erkrankungen, asw.

Beim Erkenne vu Risiken am Betrib kann den STM d’Patronen ënnerstëtzen a si am Beräich vun der Sécherheet op der Aarbecht beroden.

Am Beräich Éischt Hëllef

All Betrib muss eng bestëmmt Unzuel u Persounen noweisen, déi Noutfallhëllef leeschte kënnen. Déi erfuerderlech Unzuel hänkt vun der Gréisst vum Betrib an de Virschrëfte fir d‘Preventioun vun Accidenter vun „Association d’Assurance contre les Accidents“ of. Vun 8 Mataarbechter u bitt den STM och Éischt-Hëllef-Coursen am Betrib un.

Am Beräich vun enger gesonder Liewensféierung

Déi allgemeng Gesondheetsrisike sinn zum Groussdeel fir schwéier Krankheete verantwortlech (Diabetes, Häerz-Kreeslaf-Erkrankungen asw.). Gesond liewe kann hëllefen, dës Geforen ze reduzéieren. Hei bitt den STM de Betriber verschidde Programmer un: Sensibiliséierungskampagnen a Bezuch op verschidde Risikofaktoren: Beweegungsmangel, Tubakskonsum, Iwwergewiicht, kardiovaskulär Risikofaktoren ewéi héije Bluttdrock an Dyslipidemien, Alkohol- an Drogesucht, Bluttanalysen, Preventiounsprogrammer asw.

Am Beräich vun der Aarbechtspsychologie

Den STM bitt och hei eng Rei vu Leeschtungen u mam Zil, psychosozial Risike virzebeugen an d‘Wuelfille vun de Mataarbechter op der Aarbecht ze fërderen. Hei ginn et zwou Méiglechkeeten, entweeder Eenzelspriechstonne mat de Mataarbechter oder betriblech Moossnamen, ewéi Sensibiliséierungscampagnen, Informatiouns- a Fortbildungsveranstaltungen am Beräich vun der psychosozialer Gesondheet, z. B.: Stress- oder Konfliktbewältegung, Preventioun vu Gewalt a vu berufflecher Iwwerfuerderung.

Am Beräich vum Kampf géint d’Nikotinsucht

Nom Anti-Tubakgesetz vum 5. September 2006 bitt den STM de Betriber verschidde Leeschtungen am Ëmgang mam Fëmmen am Betrib un: Opklärung duerch Poster a Verdeele vu Broschüren iwwer d’Risike vum Fëmmen an d’Virdeeler vum Netfëmmen.

Am Beräich Ernärung

Den STM bitt de Betriber och Sensibiliséierungscampagnen iwwer d’Ernärung un.

Am Beräich vun der Preventioun vu Réckeleiden

Réckwéi ass eng heefeg Ursaach fir Krankmeldungen an ass an alle Beruffsfelder am Land present. Niewent de physeschen a psychologesche Leide gëtt Réckwéi deier fir d’Mataarbechter, d’Betriber an d’Gesondheetskeess.

Och hei gi Fortbildungen an 3 Stufen ugebueden: Vermeide vu Réckwéi (Een Dag fir däi Réck), Vermeide vum chronesche Verlaf vu Réckwéi (Dréit dem Réckwéi de Réck – DRR) an d‘Garantie fir eng méi héich Liewensqualitéit vun de Mataarbechter an hiert Bäibehale vum Aarbechtsprozess (Liewen a schaffe mat sengem Réck – LSR).

En Artikel vum Tania Hoffmann

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.