De Beruff Bauer: An d’Wéi geluecht oder geléiert? 

© Sophie Margue
Placeholder Dummy template
Kritt een de Beruff vum Bauer an d’Wéi geluecht oder kann een dat léieren a studéieren? De Bauer a fréiere Schoulmeeschter Jean-Claude Muller gëtt eis heirobber Äntwerten.

Kritt een de Beruff vum Bauer an d’Wéi geluecht oder kann een dat léieren a studéieren? Fir Äntwerten op dës Fro ze kréien, hu mir eis mam Bauer a Betribsmanager Jean-Claude Muller ënnerhalen. Hie war 14 Joer laang Schoulmeeschter, éier hie säi Beruff un den Nol gehaangen huet, fir de Familljebetrib „Haff Muller-Lemmer“ fréier „Éim Néckels“ genannt zu Conter ze iwwerhuelen.

De Jean-Claude Muller hat eng sécher Pai an nach genuch Fräizäit, fir um Familljenhaff ze hëllefen. Mee no 14 Joer als Schoulmeeschter huet hien decidéiert, dëse Beruff un den Nol ze hänken, fir sech ganz dem Bauerebetrib ze widmen. „Mir hate schonn ëmmer de Bauerebetrib Éim Néckels, mir sinn an der sechster Generatioun“, erzielt hien. Hien ass am Betrib opgewuess an huet ëmmer matgeschafft. Deemools hate seng Elteren a Grousselteren e klassesche Mëllechvéi-Betrib mat e bësse Fettvéi a se hu vill Grompere gesat, déi se direkt un d’Clientë verkaf hunn.  

„Wéi ech méi al gi sinn, ass gesot ginn: Géi léier eppes anescht a bleif net heiheem“, erënnert hie sech. Dat war ufangs den 1990er-Joren. Deemools konnt ee sech schwéier virstellen, datt hie 40 Joer laang esou säi Liewe sollt maachen. De Jean-Claude Muller ass dem elterleche Rot nogaangen, huet säi Lycée gemaach an ass Schoulmeeschter ginn, ouni awer seng Passioun fir de Bauerenhaff ganz opzeginn.   

A senge Lycéesjoren huet hien op de Lännereie geakert a Grompere gesat. Wéi hien du Schoulmeeschter ginn ass, huet hie weider ausgehollef. Aus e bëssen Akerbau ass ëmmer méi ginn, den Uebstbau ass derbäikomm an derno eng Brennerei. Wéi hien dunn 2013 säi Beruff opginn huet, fir sech ganz op de Familljebetrib ze konzentréieren, huet hie weider dran investéiert. Den Uebstbau ass ausgebaut ginn. 2017 war e Fraschtjoer, wou den Haff Muller-Lemmer extreem vill Schued beim Uebst hat. „Fir de Betrib iwwer Waasser ze halen, hu mir mat Geméis ugefaangen an hunn dat spéider mat Kabes, fir Sauermous ze maachen, weider ausgebaut“, erënnert sech de Jean-Claude Muller.   

Haut gëtt um Haff Muller-Lemmer an éischter Linn Uebst- a Geméisubau bedriwwen. D’Brennerei ass virun e puer Joer an déi zweet Rei geréckelt. Op ronn 20 Hektar gëtt Geméis ugeplanzt, op 10 Hektar Uebst an op 3 bis 4 Hektar gi Grompere geplanzt. Verkaaft gëtt de Gros un eng bekannt lëtzebuergesch Supermarchés-Ketten. De Rescht gëtt um Haff zu Conter an der hauseegener Epicerie verkaf an e bësse gëtt dann un d’Maison-relaisen a Kantinne geliwwert. An der Epicerie fannen d’Clienten net nëmme Produite vum eegenen Haff, mee och weider lokal Liewensmëttel vun anere Betriber, fir d’Sortiment ze vervollstännegen. „D’Leit wëllen net op verschidde Plaze fuere fir anzekafen. Dowéinst bidde mir hinnen hei eng ganz Gamm vu verschiddene Produiten un“, erkläert de Jean-Claude Muller. Momentan ginn déi lescht Spargele fir de Verkaf preparéiert an d’Äerdbiere si mëtten an der Haaptsaison.

Alles „learning by doing“? 

Agrikultur studéiert huet hien net. „Alles nëmme ‚learning by doing‘ ass vläicht iwwerdriwwen ze behaapten“, seet hien a schmunzelt. Mee zum Deel trëfft dat awer op hien zou. Zousätzlech huet hie sech stänneg weidergebilt, huet mat ville Beroder zesummegeschafft a ganz vill gelies.   

Passend dozou stelle mir dem Jean-Claude Muller dës Fro: Kritt een dann elo de Beruff Bauer an d’Wéi geluecht oder muss een dat léieren oder souguer studéieren? „Déi dräi Saache si richteg an déi dräi Saache si falsch“, äntwert hien. „Eleng an d’Wéi geluecht, geet sécherlech net duer. Dat hëlleft enorm, et ass e groussen Atout.“ An d’Wéi geluecht heescht fir de Jean-Claude Muller och, datt een iergendwann en Haff, e Stéck Land oder eng Betribsstätte fir ze exploitéiere kritt. „Dat mécht et scho mol direkt méi einfach“, seet hien. „Wann een et elo just studéiert huet an et huet een net de familiäre Background, dann ass et schwiereg, e Bauerebetrib selwer opzebauen an ze féieren.“   

Aus eegener Erfarung weess hien, datt et wichteg ass, wann ee vun doheem schonn e klenge Päckelche matkritt, fir de Feeling derfir ze kréien. Doniewent misst een et och léieren an am beschten dann och studéieren. „Dofir hunn ech och menge Kanner – déi elo am fréie Jugendalter sinn, wou esou Entscheedunge ganz schwiereg sinn  gesot, gitt normal an d’Schoul a wann der op Première sidd a mengt, datt de Betrib vläicht awer eppes fir iech ass, da gitt op eng Héischschoul oder op d’Uni, dat ass ganz egal, a spezialiséiert iech op ee spezifesche Beräich.“ De Jean-Claude Muller mierkt ëmmer erëm, datt hien e puer Lacunnen a sengem Wëssen huet, déi hien dann duerch Pionéiergeescht, wéi hie seet, erëm wettmécht. Dofir ass hien der Meenung, datt eng Spezialiséierung an engem bestëmmte Beräich vill ka bréngen. „Dofir ass et sécher net falsch, ze soen, et sollt een et och studéieren“, seet hien.

E Bauer ass am Fong e CEO 

De Problem vun de feelende Perspektiven ass awer fir jidder Bauer dee selwechten. Fir déi jonk oder zukünfteg Bauere géif dëse Punkt awer besonnesch schwéier weien. „Mir wëssen net, wat d’Virgabe vun der Politik an 20 Joer sinn. Mir wësse mol net, wat se muer wëll“, seet de Jean-Claude Muller. Dat verstäerkt d’Onsécherheet a kéint de Beruffschoix vu munchem zukünftege Bauer beaflossen. Dobäi kéim nach de Facteur, datt een, deen net op e bestoende Familljepatrimoine zeréckgräife kann, Schwieregkeete wäert kréien, sech ze implantéieren, och wann e vill studéiert oder eng grouss Begabung huet. 

De Manager vum Haff Muller-Lemmer resüméiert et esou: „Kritt een de Beruff Bauer an d’Wéi geluecht, da kann een dat hikréien, wann een e bëssen d’Gefill dofir huet a sech e bësse berode léisst. Wann een de Beruff geléiert oder studéiert huet, ass et och méiglech.“ Mee optimal ass senger Meenung no eng Mëschung aus deenen dräi Facteuren. Ob et besser ass, op d’Akerbauschoul oder op eng Uni an d’Ausland ze goen, dat wier net relevant, seet de Jean-Claude Muller. „Et gëtt keng Reegel an ech soen och net, dat eent ass besser wéi dat anert. Et ass ëmmer dat, wat s du duerno draus méchs“, seet hien. „Du kanns en héichstudéierten Uni-Absolvent sinn, ouni den Don ze hu fir d’Agronomie. An ëmgedréint kanns de keng Schoul gemaach hunn an awer en topp Bauer sinn.“   

De Jean-Claude Muller weist op e weidere wichtege Facteur hin: „E Bauer ass hautdesdaags am Fong e Manager.“ Iwwerspëtzt kéint ee soen, de Bauer ass de CEO vu sengem Betrib. Dat géif vläicht fir kleng Mëllechbauere manner gëllen, mee fir all déi aner wär dat net falsch ze behaapten. E Bauer misst deemno net nëmme grouss Notiounen am Beräich vun der Agronomie hunn, mee och an de Beräicher Management, Finanzen a Personalféierung. „De Bauer ass also net nëmme Bauer.“ Dëse wichtege Punkt ass dem Jean-Claude Muller och eréischt no an no bewosst ginn, wéi hien den Haff iwwerholl huet. De Begrëff Agrarökonom beschreift dat zimmlech treffend. 

Mee ee wichtege Punkt däerf een net vergiessen: d’Leidenschaft. Déi misst schonn do sinn, betount de Jean-Claude Muller. „Ouni Passioun mécht een dee Beruff sécher net“, seet hien. „Fir vill Suen ze verdéngen, mécht een dat net, do ginn et aner Saachen.“ D’Passioun fir dëse Metier gesäit een him och of. En Job mat enger sécherer Pai, ouni déi dagdeeglech Aarbecht um Haff kéim fir de Jean-Claude Muller net an d’Tut. De Beruff vum Schoulmeeschter hat hie jo schonn deemools un den Nol gehaangen, fir senger Leidenschaft nozegoen.

En Artikel vum Eric Rings

Fotoen: © Sophie Margue

© Sophie Margue

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.