Si gehéiert, ewéi d‘Festungsmauer, zum Bild vun eiser Alstad a präägt säit jeehier d‘Bild vun der Ënnerstad, dem Gronn. Eigentlech war et nach ëmmer do, dat quadratescht Gebai um Bord vun der Uelzecht mat sengem Kierchtuerm un der Säit. Um Ufank vun hirer Existenz huet si enger Rei vu Mënchen en Doheem gebueden. Am Laf vun de Joren ass se zu enger Klinick fir d‘Arméi ginn, spéiderhin e Prisong, wou d‘Prisonéier am haut komplett mat Glas iwwerdaachte Bannenhaff hir eenzeg Zäit ënner fräiem Himmel verbrénge konnten.
Gegrënnt gëtt d‘Abtei Notre-Dame am Joer 1083 duerch de Konrad I, deemolege Grof vu Lëtzebuerg, um haitege Plateau Almënster. Nodeem d‘Abtei an de Kricher tëschent dem franséische Kinnekräich an dem hellege réimesche Räich am Joer 1543 komplett zerstéiert gouf, an no engem kompletten Neiopbau a spéidere Joren op e Neits schwéier beschiedegt gouf, bauen d‘Benediktinermënchen am Joer 1606 am Gronn hir nei Abteikierch inklusiv enger ganzer Rei u weidere Gebaier.
Wéi all aner Kléischter gëtt och d‘Abtei Neimënster am Joer 1796 „sekulariséiert“, wat esouvill bedeit ewéi d‘Kierch enteegnen. Ab dësem Zäitpunkt gehéiert d‘Abtei dem Lëtzebuerger Staat, deen zu dëser Zäit ënner dem Regimm vun der éischter franséischer Republik steet. D’Abtei sollt an de Joren derno fir nach esou munchen Zweck gebraucht oder och mëssbraucht ginn.
Vun 1815 bis zum Joer 1867 gëtt d‘Johanneskierch, vun den zu Lëtzebuerg stationéierten Truppen vum deemolegen däitsche Bond als Lazaret, als Arméispidol genotzt. Nodeem déi lescht Truppen d‘Land verlooss haten, gëtt d‘Abtei als Prisong ëmfunktionéiert a sollt dat och bis an d‘Joer 1985 bleiwen.
An obwuel d‘Abtei säit deem Zäitpunkt eidel stoung, sollt si net zur Rou kommen. Den deemolege Justiz- a Kulturminister Robert Krieps, dee selwer am Alter vu 17 Joer, an Zäiten vun der Däitscher Besetzung am Gronn asouz éier hien an e Konzentratiounslager deportéiert gouf, gëtt deemools den Impuls, déi al Abtei am Gronn vu Grond op ze renovéieren, fir se spéiderhin als kulturellen Zentrum am Häerzen vun der Alstad notzen ze kënnen. Tatsächlech sollt et awer bis an d‘Joer 2004 daueren, bis de Centre culturel de rencontre Abbaye de Neumünster ageweit sollt ginn. An deene ganze Jore vun der Renovatioun sollt d‘Abtei am Gronn méi ewéi eng Kéier fir Schlagzeilen a politesch Ausernanersetzunge suergen.
Mol waren et archeologesch Relikter, déi e Bagger ouni Hemmungen ewechgeschëppt hat, déi aner Kéier war eng Dier op der falscher Plaz, an och net-wëssenschaftlech Demarchë vun deenen diversen, um Projet bedeelegten Acteuren, genee ewéi de Choix vum zukünftegen Direkter hu fir esou munch Diskussioune gesuergt.
2004 ass et dann endlech esouwäit an deen neien, komplett renovéierte Kulturzenter am Gronn gëtt ageweit a mam Claude Frisoni iwwerhëlt een net onbekannte Personnage aus der Lëtzebuerger Kulturzeen d‘Leedung vun där neier kultureller Struktur an dréckt dëser an de Joren derno en éischte Stempel op. An deene bal 10 Joer, mat um Ufank nach enger klenger Ekipp, fannen ëmmer méi Konschtwierker an Ausstellungen hire Wee an d‘Abtei. Esou muench bleiwen och fir ëmmer, ewéi zum Beispill d‘Ausstellung vum Lucien Wercollier an deem no him benannte Kräizgang ronderëm d‘Abtei. Awer och musikalesch a gastronomesch Konschtwierker fanne reegelméisseg hir Plaz an oder ronderëm de Kulturzentrum.
Spadséiert een duerch déi kleng Gässel am Gronn a Richtung vun der Abtei, fält engem als éischt d‘Kierch mat hirem imposanten Tuerm an d‘A. Duerch e Bou an der Mauer vum ugebaute Gebai kënnt een direkt an d’Häerz vum Kulturzentrum, dem fréieren Haff vum Prisong, d‘Agora Marcel Julien. Mat hirem risegen Daach aus Glas bitt eleng dësen Haff Plaz fir 400 Leit a stellt eng wonnerschéi Kuliss duer fir Hochzäiten oder Receptiounen.
All eenzelt Gebai an all eenzele Sall an der Abtei si benannt no bekannte Lëtzebuerger, déi eppes mat deem ale Prisong verbënnt. Si hunn all eppes ze bidden a kéinten se schwätzen, hätten se esou muncher Anekdot a Geschicht ze erzielen, mol vu gëschter, mol vun haut, mol lëschteg, mol grausam.
Am Dezember 2013 gëtt alt nees aus eppes Alen eppes Neies. No bal 10 Joer un der Spëtzt vun der Abtei iwwerhëlt d‘Ainhoa Achutegui d‘Leedung vum Claude Frisoni. D‘Abtei kritt doropshin e neit Gesiicht, aus dem Centre Culturel de Rencontre Abtei Neumünster gëtt Neimënster, an och de Programm gëtt mat Fangerspëtzegefill iwwerschafft a moderniséiert.
Haut bitt d‘Abtei eppes fir jiddereen. Mat bal 700 Evenementer iwwer d‘ganz Joer fënnt jiddereen e gudde Grond fir an de Gronn.
Weider Informatiounen iwwer Neimënster, d‘Geschicht an hire Programm fënns du op www.neimenster.lu