Eng fruuchteg Staang Geméis

Rubbarb emol anescht!

Wien huet se als Kand net gär aus dem Gaart vun der Boma geklaut a genësserlech dra gebass? Sauer huet e geschmaacht, kräfteg. An da waren do nach déi ganz Fiedem, déi sech am Mond gesammelt hunn an déi een da fréier oder spéider erausgespaut huet. Rieds ass vum Rheum rhabarbarum, Rubbarb op Lëtzebuergesch. De Rubbarb ass dat éischt Geméis, wat nom Wanter an eisem Gaart mat wuessen ufänkt. Jo, du hues richteg gelies, de Rubbarb ass, obwuel e meeschtens séiss – einfach mat Zocker, als Taart oder als Kompott gekacht – verdillegt gëtt, keng Fruucht, mee e Geméis!

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

An datt dëst Geméis och emol als Haaptplat an net als Dessert op den Dësch komme kann, dat weise mir dir mat dësem Rezept.

Schwéngsfilet mat Rubbarb-Rousemaräin-Zooss, Räis an enger grénger Zalot mat Äerdbier-Rubbarb-Vinaigrette.

Fir de Schwéngsfilet brauchs du (fir 4 Persounen):

Zoubereedung:

De Schäffchen op 100 Grad hëtzen. De Schwéngsfilet salzen a pefferen an an enger Pan mam Ueleg schaarf ubroden. De Filet zesumme mat engem Zweig Rousemaräin an eng feierfest Form leeën a fir 20 Minutten an de Schäffche stellen.

De Rubbarb botzen, kleng schneiden an zesumme mat deem zweeten Zweig Rousemaräin am Botter ubroden. De Béier an de Bouillon derbäi schëdden a kache loossen, bis de Rubbarb mëll ass. Mam Handmixer püréieren a mat Salz, Peffer an Hunneg ofschmaachen.

Fir d’Zalot brauchs du (fir 4 Persounen):

Zoubereedung:

D’Äerdbieren, de Rubbarb an d’Schalott am Esseg dëmpen, bis alles mëll ass. Mam Handmixer püréieren an ofkille loossen. Den Ueleg lues a lues derbäi schëdden an ëmmer erëm réieren. De Moschter drënner hiewen a weider réieren, bis eng crèmeg Mass entsteet. Mat Peffer ofschmaachen.

Rout, gréng, sauer oder séiss – wat fir eng Zorte Rubbarb gëtt et?

Et gëtt méi ewéi eng Zort Rubbarb. Se gesinn anescht aus an och am Geschmaach ënnerscheeden se sech. Jee nodeems, wat s du gären domat méchs, passt éischter e saueren, éischter e séisse Rubbarb.

Grénge Still, gréngt Fleesch: Sauer mécht lëschteg. Dës Zorte si besonnesch sauer an hunn an der Reegel déi déckste Stiller.

Roude Still, gréngt Fleesch: Dës Zort fënnt ee meeschten am Buttek. Se ass e wéineg manner sauer ewéi déi mam grénge Still.

Roude Still, rout Fleesch: Dëst sinn déi séissten Zorten. Am bekanntsten ass den Hammbier-Rubbarb.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.