VATEL Club Lëtzebuerg

Supporter vun der Gastronomie

Placeholder Dummy template
Foto: ©VatelClub

Esou wéi all Fussballsveräin säi Supporterclub huet, esou huet och déi Lëtzebuerger Gastronomie e Veräin, dee sech asetzt fir déi, déi eis déi gutt Menüen op den Dësch zauberen. De Vatel-Club du Grand-Duché de Luxembourg als Vereenegung vu professionelle Käch an awer och Amateuren vun der Gastronomie ass besonnesch bekannt als Organisateur vun der EXPOGAST, Plattform vum kulinaresche Genoss heizuland.

D’Geschicht vum Vatel-Club geet zeréck bis an d’1930er Joren, wou déi éischt Associatioun vu professionelle Käch ënner dem Numm Coopération des cuisiniers professionnels du Grand-Duché de Luxembourg gegrënnt ginn ass. Déi huet dunn an de Joren 1935 an 1938 déi éischt gastronomesch Ausstellungen am Cercle organiséiert. Nom Enn vum zweete Weltkrich hu sech Käch a Servicepersonal am Ganymed-Verband zesummefonnt. Méi spéit hunn déi professionell Kichemeeschtere sech dunn ënner dem Germain Gretsch am haitege Vatel-Club du Grand-Duché de Luxembourg“ zesummefonnt, deen um Ufank just Beruffskäch regruppéiert huet, duerno awer 1970 mat der Unitéit Amitié Gastronomique François Vatel och d‘Amateuren vun der Gastronomie an der Lëtzebuerger Kichen mat ageschloss huet.

De François Vatel, deen eigentlech Fritz-Karl Watel geheescht huet, staamt aus der Géigend ronderëm Zürich a war beim Prënz vu Condé zoustänneg fir alles, wat mat Kichen an Organisatioun ze dinn hat. Tëschenzäitlechen huet hien och fir den Nicolas Fouquet geschafft, den deemools räichste Mann vu Frankräich.

Zeréck an déi Lëtzebuerger Gastronomie, wou de Vatel-Club mat senge ronn 400 Memberen eng zolidd Schëpp bäigeluecht huet, fir eise Käch op internationalem Niveau deen néidege Respekt ze verschafen. Als Member vum G5, an deem 5 Länner a Regioune vertruede sinn (Däitschland, Éisträich, Schwäiz, Südtiroul a Lëtzebuerg) huet de Club méi Afloss op Weltniveau. De Kommitee besteet aus 14 Leit aus deene verschiddenste Richtungen, déi entweeder selbstännegen sinn, aus anere Beruffer stamen oder awer als Kichen-Enseignanten (LTB oder EHTL) schaffen, déi awer alleguer mat Häerz a Séil derbäi sinn, wann et drëm geet, Promotioun ze maachen fir d’Gastronomie, zum Beispill ënner dem Stéchwuert EXPOGAST. Dës kulinaresch Ausstellung, déi all 4 Joer organiséiert gëtt, entstanen aus enger Rei Manifestatiounen virdrun, ass 1974 fir d’éischt ënner dëser geschützter Bezeechnung am Stater Cercle organiséiert ginn a konnt vun Ufank u vill Interessi vir sech verbuchen. Deem entspriechend war schonn 1978 Première an de Foireshalen um Kierchbierg, wou 2018 insgesamt 2800 Käch aus 48 Länner vu 5 Kontinenten defiléiert sinn a méi ewéi 48.000 Visiteure gezielt goufen. Déi nächst Expogast ass am November 2022 virgesinn.

Ausserdeem organiséiert de Vatel-Club all Joer de Vatel Concours an der Hotelschoul, dee sech u jonk Käch riicht, déi hiren Ofschloss bannent deene leschten 2 Joer gemaach hunn an déi hei untrieden, fir als Chief of the Year gekréint ze ginn.

An da schafft de Vatel-Club och nach un enger interessanter Video-Dokumentatioun, déi d’Liewenswierk vu verschidde Käch an och Anekdoten aus der Lëtzebuerger Gastronomie verschafft a fir d‘Nowelt erhale soll.

Mini Käch

Eng flott Initiative ass zanter 2017 och de Programm Mini Käch ënner de Fittiche vum Kommiteesmember Diane Steichen, déi als Enseignante an der Hotelschoul schafft an eis och an engem Interview d’Informatiounen zu dësem Artikel geliwwert huet. Ënner dem Numm Mini Käch 1 treffen sech déi interesséiert Kanner tëschent 10 an 13 Joer eemol de Mount op verschidde Plazen, léieren do déi lokal Produzente kennen (La Provençale, Maart an der Staat, Luxlait, Grosbusch, Panelux, asw) a wiesselen derno bei d‘Mini Käch 2, wou a verschidde Schoulen dann och richteg gekacht gëtt. All Kand, wat heidrun interesséiert ass, kann sech gäre mellen ënner www.vatel.lu.

En Artikel vum Sully Prud‘homme

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.