Wann d’Iesse gerullt kënnt

Repas sur roues zu Lëtzebuerg

De Repas sur roues, wuertwiertlech iwwersat Iessen op Rieder, ass am Zweete Weltkrich an England entstanen, wéi eng Fraenorganisatioun am Krichsjoer 1943 fir d’éischte Kéier Iessen un eeler Persounen ausgedeelt huet. Eng revolutionär Iddi, déi an den nächste Joerzéngten a ville weidere Länner hire Wee gemaach huet, sou och zu Lëtzebuerg.

De Begrëff Repas sur roues, op Englesch meals on wheels, huet sech dobäi iwweregens net iwwerall als Numm fir d’Initiativ agebiergert, a Frankräich heescht dës zum Beispill einfach Repas livrés à domicile, anerwäerts huet sech deen nach méi neutrale Begrëff Catering duerchgesat. Besonnesch wärend der Corona-Pandemie ware vill Restaurante gezwongen, hir Platen bei de Client ze liwweren, amplaz se bei sech am Lokal ze zerwéieren. Och dat war, wann een esou wëll, eng Variant vum Iessen op Rieder. Op dëser Plaz wëlle mir eis allerdéngs nëmme mam „traditionelle“ Repas sur roues befaassen. De Service Repas sur roues ass zu Lëtzebuerg eng gesetzlech encadréiert Déngschtleeschtung. Se gëtt allgemeng op kommunalem Niveau organiséiert an den externe Prestataire ënnerläit enger staatlecher Agrementspflicht souwéi strikte qualitativen a sanitäre Konditiounen. De Service riicht sech virun allem un eeler a vulnerabel Persounen. Dobäi betount d’Claudine Mertens, Chargée de direction fir de Repas sur roues vu SERVIOR, datt d’Prestatairë sech prinzipiell selwer finanzéiere mussen an och net all Gemeng eppes bäileet beim Präis, deen de Leit um Enn verrechent gëtt. D’Aschreiwung, fir vum Iessen op Rieder kënnen ze profitéieren, geschitt iwwer déi jeeweileg Gemeng.

Haut bidden eng ganz Rëtsch kleng a gréisser Betriber hei am Land dëse wichtege Service un, deen et besonnesch de Leit am Drëtten Alter erlaabt, sou laang wéi méiglech an hirer eegener Wunneng ze bleiwen. Eng net onwichteg Roll spillt dobäi och de sozialen Aspekt vum Iessen op Rieder – trauereg ze soen, mee a munche Fäll ass de Chauffer, deen d’Iesse bréngt, deen eenzege mënschleche Kontakt, deen déi eeler Persoun de ganzen Dag huet.

SERVIOR am Fokus

Ënner de bekanntsten Acteuren am Repas-sur-roues-Secteur fanne mir ënner anerem den Déngschtleeschter SERVIOR. D’Entreprise proposéiert hire Clienten all Dag e Choix tëschent zwee Menüen, déi vu professionelle Käch zoubereet ginn. De Menü setzt sech aus enger Zopp, engem Haaptplat esouwéi enger Zalot oder engem Dessert zesummen. Et gëtt allkéiers eng Variant ouni Fleesch an d’Leit hunn d’Méiglechkeet, Austauschkomponenten ze wielen, zum Beispill en anert Geméis, Püree asw. Am Fall vu spezifesche gesondheetleche Problemer, zum Beispill beim Knaen oder Schlécken, ass et zudeem méiglech, geschniddent oder gemuelent Fleesch ze bestellen. An de Menüe ginn an der Reegel regional a saisonal Produite verschafft.

De Client kritt de Menü ausgedeelt, mécht säi Choix (eleng, zesumme mam Chauffer oder mat der Famill) a gëtt dëse bei enger vun den nächste Liwwerungen erëm of. Online kann ee sech d’Menüen op www.SERVIOR.lu ukucken. D’Bestellunge kënnen och per E-Mail oder Telefon gemaach ginn, mee déi meescht Menüe ginn a Pabeierform bestallt.

Zum Service gehéiert eng speziell Induktiounsplack, déi SERVIOR oder d’Partnergemengen de Clienten zur Verfügung stellen, fir d’Iessen ze wiermen. Dat erméiglecht dem Client, genee dann z’iessen, wann et em am beschte passt. D’Plack ass ganz einfach ze handhaben: Et muss ee just de Start-Knäppchen drécken a schonn ass d’Iessen a 36 Minutte prett. Alternativ kann een de Plat och an der Mikrowell wiermen, allerdéngs ass d’Resultat mat der Induktiounsplack an der Reegel besser.

En Artikel vum Patrick Calzi

Véier Froen un d’Claudine Mertens, Chargée de direction fir de Repas sur roues vu SERVIOR

KONTERBONT: Ginn et zu Lëtzebuerg speziell Konditiounen, fir de Repas sur roues däerfen unzebidden? Brauch een dofir eng Geneemegung?

Claudine Mertens: SERVIOR huet eng Konventioun mat 63 Gemengen. Dat ass den aktuelle Stand. All Gemeng leet hir Präisser fest a bestëmmt och d’Konditiounen, déi reegelen, wéi eng Awunner vum Repas sur roues kënne profitéieren. Et gi Gemengen, déi subventionéieren en Deel vun de Käschten. Aner Gemenge ginn de Präis, dee mir verrechnen, eent zu eent un de Client weider.

Et brauch een en Agrement, fir de Repas sur roues kënnen ze maachen. An et sinn och divers Konditioune fixéiert, un déi den Déngschtleeschter sech muss halen. Dat ass alles am Gesetz vum 23. August 2023 iwwer d’„qualités des services pour personnes âgées“ definéiert. Zum Beispill musse mir e Rapport fir den zoustännege Ministère maachen an och eng Gestioun vun de Plainten.

KB: Wee sinn Är Clienten?

C.M.: Generell sinn et Clienten ab 60 Joer, déi vum Repas sur roues profitéieren. Mee et kënnt awer och vir, datt mir mol Iesse bei méi jonk Leit liwweren. Zum Beispill, wa se gewëssen Aschränkungen no enger Operatioun hunn oder wann e spezifeschen Handicap existéiert.

KB: Wat sinn déi gréisst Erausfuerderunge beim Repas sur roues?

C.M.: D’Erausfuerderunge kënne vu ganz verschiddener Natur sinn. Zum Beispill de Stroosseverkéier, wann et dorëm geet, fir pünktlech beim Client ze sinn. Et ginn och Erausfuerderunge mat de Clientë selwer, beispillsweis wa se d’Dier net opmaachen. Mir musse reaktiv sinn, wann de Client vergiess huet, säi Menü ze bestellen. Ausserdeem musse mer eis un d’Iessens-Demande vun de Leit adaptéieren, déi ëmmer erëm evoluéiert. D’Opstellung vun de Menüe muss dann ugepasst ginn.

Doriwwer eraus ginn et verschidde gesetzlech Virlagen, déi ze respektéiere sinn. Zum Beispill bei de Camionnetten, déi e Frigo hunn. Dat ass natierlech mat zousätzlechen administrativen Aarbechte verbonnen, déi e Restaurant net huet, wann ech mir do geleeëntlech e Plat bestellen. Dobäi komme schliisslech och déi aktuell héich Energie- a Liewensmëttel-Präisser.

KB: Spillt de sozialen Aspekt bei der Liwwerung vum Iessen eng Roll?

C.M.: De Repas sur roues ënnerscheet sech duerchaus vun der Iessens-Liwwerung, déi e Restaurateur mécht. Et ass méi wéi just liwweren. Mir bidden zum Beispill och verschidden Texturen a Regimmer un, déi op déi spezifesch Demande vum Client aginn.

Déi sozial Komponent spillt effektiv eng grouss Roll. De Chauffer geet bei d’Leit eran, hëlleft hinnen nach eventuell derbäi, den Deckel vun der Këscht opzemaachen. Mee virun allem huet hien e léift Wuert fir se, well heiansdo ass de Chauffer déi eenzeg Kontaktpersoun, déi d’Leit hunn. Well mir bei d’Leit heemfueren, kréie mer munchmol mat, wa Saache bei de Clienten net méi esou richteg funktionéieren. Et kënnt och vir, datt se d’Dier guer net méi opmaachen. Dofir si mir mat de soziale Servicer vun de Gemengen oder och mat de Familljen am enke Kontakt.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.