E Stéck vum Paradis matzen an der klenger Lëtzebuerger Schwäiz

De Mëllerdall, esou muencher Lëtzebuerger ass dat gréngt Stéck Landschaft am Nordosten vum Groussherzogtum e Begrëff. Esou muencher Een denkt un déi kleng Lëtzebuerger Schwäiz ewéi déi flott Regioun ronderëm d‘Uerschafften Iechternach, Berdorf, Consdorf, Beefort, a Mëllerdall am Volleksmond gär genannt gëtt. Deem Aneren kënnt éischter de Schiessentümpel, dee klenge Waasserfall am Mëllerdall, a gläichzäiteg warscheinlech ee vun deene beléiftsten Postkaartemotiver an eisem klengen Ländchen. Awer och de Mëllerdall Trail, déi 112 Kilometer laang Wanderweeër déi e Wanderer tëschent Fielsplécken aus Lëtzebuerger Sandsteen, hell Däller, an enger Rei u klengen Baachen den Alldag vergiesse léisst.

Virun ronn 250 Millioune Joren war déi ganz Géigend nach vum Liasmier bedeckt. Sand, Kallek a Salzer hunn sech zu där Zäit um Mieresbuedem ofgesat an verstengeren iwwer e puer Millioune Joren zu Sandsteen, Kaleksteen, an Dolomiten. Nodeem dat Mier verschwonnen ass sichen sech Baachen a kléng Flëss hire Wee duerch d‘Steng a formen esou eng eenzegaarteg an ofwieselungsräich Landschaft déi haut al Mënsch mat hieren mysteschen Däller a majestéitesch Bëscher ze begeeschteren weess.

Eng ganz Rëtsch vu Joren méi spéit entstinn am haitegen Mëllerdall iwwer 60 Millen an deenen zu där Zäit gréisstendeels Broutmiel gemuele gouf. Eng vun dësen Millen, d‘Hierenger Millen huet et bis haut iwwerlieft. Am Joer 1624 daucht déi éischte Kéier an enger Schrëft de Numm „Johann dem Heringer Müller“ op. Säitdeem ass d‘Hierenger Millen a Familiebesëtz a gëtt vun Generatioun zu Generatioun weider ginn. Bis zum zweete Weltkrich gëtt hei weiderhin Miel fir Brout a Véi gemuel. Wärend der Ardenneoffensiv an de Joren 1944 bis 1945 gëtt d‘Millen ufangs vun däitschen, spéider vun amerikanesche Zaldoten besat. Zu dëser Zäit ginn déi mëscht d‘Dokumenter zerstéiert esou datt haut nëmmen nach wéineg iwwer d‘Geschicht vun der Millen bekannt ass. Nom Krich gëtt bis zum Doud vum lëschte Mëller, dem Wilhelm Berg am Joer 1978 just nach „Schrotmehl“ hiergestallt. Derno zerfält d‘Gebai lues a lues.

1988 keeft d‘Gemeng Waldbëlleg déi al Millen an d’Grondstéck ronderëm. 2007 fänken d‘Restauratiounsaarbechten, nodeems d’Gebai komplett entkäert gouf un. Den Architekt Marcel Niederweis gëtt deem ale Gemaier e komplett neit Ausgesinn, ouni deen alen Charme ze verléieren.

Haut fënnt een an deem alen, renovéierten Gemaier esou muencher Zäitzeien aus alen Epochen. E klenge Musée huet seng Plaz hei fonnt, an entféiert d‘Leit op eng Rees a vergaangen Zäiten. Niewent enger Rei Ausstellungsstécker fënnt een am Keller vum Gebai nach dat originaalt Millerad wat, ganz ontypesch am Gebai selwer integréiert ass an sech vun Zäit zu Zäit nach dréit an d‘Visiteuren vun der Millen oft an d‘Staune bréngt. De Mëttelpunkt vun der Hierenger Millen fënnt een haut awer am Haaptgebai vun der Millen. D‘Brasserie an de Restaurant Hierenger Millen. Zanter 2014 schwéngen hei d‘Marie Louise Engeldinger an de Lars Fiebig de Bräileffel. Déi jonk Koppel déi alle béid zu Lyon studéiert hunn an derno an verschiddenen Kichen an allen häre Länner Erfarungen gesammelt hunn begeeschteren Haut d’Clienten an hirem heemlechen Restaurant an engem wonnerschéine Kader. Hei ass jiddwereen zu bal all Dageszäit wëllkomm. Grousse Wäert leeën déi zwee Patronen vun der Millen op Kanner- a Familiefrëndlechkeet. Haaptsächlech fir déi kleng gëtt villes gebueden. An och no engem gudde Maufel kënnen d‘Kanner sech op där grousser Spillplaz niewent der Millen ameséieren wärend déi eeler Generatioun d‘Féiss vun der Wanderung nach e wéineg entspanen loossen.

E Genoss ass déi hausgmaachten Tarte flambée op der Terass vun der Hierenger Millen. Also, d‘Wanderschong eraus gekroomt, a lass, a Richtung kleng Lëtzebuerger Schwäiz an der Hierenger Millen.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.