Iessen wéi beim Xavier Kieffer!

Huesenziwwi

 

  • Fir 10 Persoune braucht Dir:
  • 3500 Gramm Hues
  • 100 Milliliter Ueleg
  • 2000 Milliliter roude Wäin
  • 100 Gramm Zwiwwelen
  • 50 Gramm Schalotten
  • Thymian, Lorberblieder a Péiterséileg jee no Goût
  • 150 Gramm Botter
  • 150 Gramm Miel
  • 1000 Milliliter Fong
  • 250 Gramm gereecherte Bauchspeck
  • 400 Gramm Champignonen
  • 150 Gramm Miniënnen
  • 150 Gramm Panéiermiel
  • 120 Gramm Botter
  • 150 Gramm Muerten
  • 150 Gramm Zelleri
  • 150 Gramm Porrett
  • 150 Gramm Ënnen
  • 1000 Milliliter däischtere Fong
  • Wakelter jee no Goût
  • Salz a gemuelene Peffer no Geschmaach

Zoubereedung:

1.  Den Hues ofzéien a botzen
2. A Stécker schneiden
3. 24 Stonnen am Mirepoix mat klasseschem Bouquet garni, de Wakelter an dem Roude Wäin marinéieren.
4. D’Fleeschstécker aus der Marinad huelen an ofdrëpse loossen
5. Mat Gefill ofdréchnen
6. Wierzen
7. D’Fleesch am waarmen Ueleg sautéieren (schaarf ubroden)
8. D’Marinad passéieren a waarm maachen
9. Miel mat Botter an engem Dëppe waarm maachen a verréieren
10. Marinéiert Geméis derbäi maachen
11. Marinad an den Zoosefong drop schëdden.
12. Opkache loossen
13. 20 Minutte lues kache loossen
14. Passéieren
15. D’Stécker vum Hues derbäi maachen
16. Mam Deckel drop fir zwou Stonne lues kache loossen
17. Speck a Stécker schneiden an ubroden
18. D’Champignone propper maachen an a véier Deeler schneiden.
19. Am Botter sautéieren a wierzen
20. Fréijoerszwiwwele botzen a mat Zocker am Botter sautéieren
21. Brout a Wierfele schneiden an am Botter ubroden
22. D’Garnitur waarm stellen
23. Den Huesenziwwi an Terrinne presentéieren
24. Garnitur derbäi maachen a Péiterséileg driwwer streeën.

 

Mummentaart

Dir braucht:

  • 250 Gramm Miel
  • 250 Gramm kale Botter
  • 1 Pouz Salz
  • 3 bis 4 liicht sauer Äppel
  • Korinten (no Geschmaach)
  • Brongen Zocker
  • Kanéil

 

Virbereedung

1. De kale Botter a klenge Stécker bei d‘Miel derbäi maachen a mat der Kichemaschinn oder mat den Hänn knieden. De wäisse Kéis derbäi maachen a weider kniede bis en zéien Deeg entsteet. D’Botterstécker däerfen nach sichtbar sinn. Aus dem Deeg eng Kugel formen an a Plastikfolie gewéckelt fir mindestens eng Stonn an de Frigo leeën.

2. D’Äppel schielen an a kleng Stécker oder Scheiwe schneiden. E puer Drëpsen Zitrounejus op d’Äppel maache fir datt se net brong ginn.

 

Zoubereedung

Den Deeg an zwee deelen an op enger grousser Fläch, déi mat Miel bestreet ass, zu zwee groussen Deegkreeser ausrullen. Eng Taarteform afetten a mat enger Deegschicht ausleeën. DÄpplestécker an d’Korinten drop verdeelen, de Kanéil an de brongen Zocker driwwer streeën. Déi zweet Schicht vum Deeg als Deckel dropleeën an d’Ränner mat Eegiel asträichen. De Rescht vum Eegiel um Deckel verdeelen an e puer dekorativ Lächer dra stiechen, fir datt beim Baken den Donst entweeche kann an den Deegdeckel net opplatzt. 30 bis 40 Minutte bei 180 Grad baken. Wotlech genéissen.

Huesenziwwi


Fir 10 Persoune braucht Dir:


3500 Gramm Hues
100 Milliliter Ueleg
2000 Milliliter roude Wäin
100 Gramm Zwiwwelen
50 Gramm Schalotten
Thymian, Lorberblieder a Péiterséileg jee no Goût
150 Gramm Botter
150 Gramm Miel
1000 Milliliter Fong
250 Gramm gereecherte Bauchspeck
400 Gramm Champignonen
150 Gramm Miniënnen
150 Gramm Panéiermiel
120 Gramm Botter
150 Gramm Muerten
150 Gramm Zelleri
150 Gramm Porrett
150 Gramm Ënnen
1000 Milliliter däischtere Fong
Wakelter jee no Goût
Salz a gemuelene Peffer no Geschmaach


Zoubereedung:


Den Hues ofzéien a botzen
A Stécker schneiden
24 Stonnen am Mirepoix mat klasseschem Bouquet garni, de Wakelter an dem Roude Wäin marinéieren.
D’Fleeschstécker aus der Marinad huelen an ofdrëpse loossen
Mat Gefill ofdréchnen
Wierzen
D’Fleesch am waarmen Ueleg sautéieren (schaarf ubroden)
D’Marinad passéieren a waarm maachen
Miel mat Botter an engem Dëppe waarm maachen a verréieren
Marinéiert Geméis derbäi maachen
Marinad an den Zoosefong drop schëdden.
Opkache loossen
20 Minutte lues kache loossen
Passéieren
D’Stécker vum Hues derbäi maachen
Mam Deckel drop fir zwou Stonne lues kache loossen
Speck a Stécker schneiden an ubroden
D’Champignone propper maachen an a véier Deeler schneiden.
Am Botter sautéieren a wierzen
Fréijoerszwiwwele botzen a mat Zocker am Botter sautéieren
Brout a Wierfele schneiden an am Botter ubroden
D’Garnitur waarm stellen
Den Huesenziwwi an Terrinne presentéieren
Garnitur derbäi maachen a Péiterséileg driwwer streeën.


Mummentaart

Dir braucht:
250 Gramm Miel
250 Gramm kale Botter
1 Pouz Salz
3 bis 4 liicht sauer Äppel
Korinten (no Geschmaach)
Brongen Zocker
Kanéil

Virbereedung


De kale Botter a klenge Stécker bei d‘Miel derbäi maachen a mat der Kichemaschinn oder mat den Hänn knieden. De wäisse Kéis derbäi maachen a weider kniede bis en zéien Deeg entsteet. D’Botterstécker däerfen nach sichtbar sinn. Aus dem Deeg eng Kugel formen an a Plastikfolie gewéckelt fir mindestens eng Stonn an de Frigo leeën.
D’Äppel schielen an a kleng Stécker oder Scheiwe schneiden. E puer Drëpsen Zitrounejus op d’Äppel maache fir datt se net brong ginn.

Zoubereedung


Den Deeg an zwee deelen an op enger grousser Fläch, déi mat Miel bestreet ass, zu zwee groussen Deegkreeser ausrullen. Eng Taarteform afetten a mat enger Deegschicht ausleeën. DÄpplestécker an d’Korinten drop verdeelen, de Kanéil an de brongen Zocker driwwer streeën. Déi zweet Schicht vum Deeg als Deckel dropleeën an d’Ränner mat Eegiel asträichen. De Rescht vum Eegiel um Deckel verdeelen an e puer dekorativ Lächer dra stiechen, fir datt beim Baken den Donst entweeche kann an den Deegdeckel net opplatzt. 30 bis 40 Minutte bei 180 Grad baken. Wotlech genéissen.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.