Alles a Moossen

D’Analys vun der d’Lëtzebuerger Kichen aus Siicht vun enger Nutricienne

Bouneschlupp, e Bifdeck mat Fritten, Kniddele mat Gréiwen – et ass kee Geheimnis: de Lëtzebuerger lieft fir gutt ze iessen. Eng uerdentlech Moolzecht ënner Kolleegen oder mat der Famill, am Beschte mat engem Pättche Wäin dobäi, dat mécht eis hei am Land glécklech. Wie selwer awer scho mol mat Cholesterol, Harnsaier oder e bësse Speck ronderëm d’Hëften ze kämpfen hat, dee weess, datt de Foodlover-Lifestyle net ëmmer déi kierperfrëndlechste Liewensmanéier ass. Ma keng Panik: et kann een och genéissen a gläichzäiteg op eng gesond Ernärung oppassen. Wéi dat geet, verréit d’Ernierungsberoderin Kristina Reichel a raumt dobäi och direkt mat e puer Virurteeler géintiwwer Dieteticienen, Nutriciennen a Co. op.

Gutt, gären an defteg, esou kéint een de Motto vum richtege Lëtzebuerger beim Theema Iesse beschreiwen. Aus ernärungstechnescher Siicht net ëmmer déi optimaalsten Definitioun, ma mat e puer klengen Tipps loosse sech d’Iessgewunnechte ganz einfach verbesseren, ouni dobäi hire Charme ze verléieren. „Alles a Moossen“, seet d’Kristina Reichel heizou. D’Ernärungsberoderin kënnt zwar eigentlech vun der däitscher Säit vun der Musel, wunnt mat hirer Famill awer säit enger Zäit schonn zu Lëtzebuerg a weess, wéi d’Land a Saachen Iessen tickt. „Typesch Lëtzebuergesch si Saache wéi Bouchée à la reine, Kniddele mat Speck a mindestens eemol d’Woch Spaghetti mat Bolognesezose. Wat hei opfält, ass, datt alles zimmlech fetteg an defteg ass, wat fir d’Gesondheet natierlech net esou de Burner ass“, esou d’Kristina.

Ma un de nationale Platen ass awer bei wäitem net alles verkéiert: d’Paschtéit gëtt meeschtens begleet vun enger Zooss mat Champignonen, déi de Kierper mat Proteinne versuergen, beim Judd leie Gaardebounen dobäi, déi vill Ballaststoffer hunn, verdauungsfërdernd, daarmrengegend a laang appetitstëllend sinn, an dat selwecht gëllt fir déi traditionell Bouneschlupp an eise gudden Ierzebulli. „Hülsenfrüchte si generell immens gesond a sinn zum Beispill och fir Vegetarier oder Veganer eng gutt Quell fir Proteinnen“, esou d’Kristina. Déi kleng „Kraftpakete“, wéi si se nennt, stieche voller Vitaminnen an däerfen also gär an d’Kiche mat agebonne ginn.

Et ass also éischter eng Fro vu wéi vill a wéi oft, a net onbedéngt esou wierklech wat, seet d’Kristina: „Wat ee wëll verbidden, gëtt souwisou net duerchgehalen. Dat kennt ee jo vu sech selwer: wann een sech seet, ech däerf kee Bréitche mat Liewerwurscht méi iessen, dann huet een zwou Minutten drop genee dat an der Hand.“ Versicht een d’Loscht op eppes ze ënnerbannen, kritt ee just nach méi en „Heißhunger” op genee dat. Et gëllt also erauszefannen, wat ee besonnesch gär ësst an déi ongesond Saachen ze reduzéieren, amplaz komplett vun der Iesslëscht ze sträichen.

Ee vun dësen Usazpunkten ass d‘Fleesch. „Fleesch ass allgemeng wichteg, mee hei gëtt es wierklech enorm vill giess. D’Weltgesondheetsorganisatioun empfielt, zweemol d’Woch Fleesch ze iessen an eemol Fësch. Ech soen éischter, et soll een zwee vegetaresch Deeg an der Woch aleeën, dat ass scho mol e gudden Ufank“, esou d’Ernärungsberoderin. Dem Krisitina seng Fauschtreegel beim Fleeschkonsum ass: wat an déi eegen Handfläch passt, ass fir den Otto Normalverbraucher pro Portioun vëlleg an der Rei. Wien awer op Nummer sécher wëll goen, dee soll Schwéngefleesch esou gutt et geet evitéieren an dofir léiwer op Rand, Gefligel, Strauss oder Wëld zeréckgräifen. „Dat ass eng vun de beschte Fleeschzorten a vill méi Bio geet eigentlech net.”

Eppes, wat niewent Fleesch och an d’Viséier vun der Ernierungsberoderin geréit, ass dem Lëtzebuerger seng berüümt berüchtegt Schmier: „Eng Broutmoolzecht pro Dag ass an der Rei, mee et soll een am beschten net moies an owes Schmieren iessen.“ Generell sollt ee versichen, einfach e puer Grondreegelen ze befollegen: „moies vill iessen, mëttes eng normal Portioun an owes éischter wéineg. Et sollt een och dorop oppassen, beim Kaffi Saache mat ville Kuelenhydrater ze iessen. Den Owesmenü soll éischter vill Proteinnen enthalen.“

Wat dann och oft ënnerschat gëtt, ass d’Theema Gedrénks. „Bei all guddem Iesse gehéiert a Lëtzebuerg e gudde Wäin derbäi an dës Kombinatioun ass relativ schwiereg. Et ass och Usus, am Restaurant esouwuel en Aperitif, wéi Wäin an en Digestif ze drénken, a just dotëschent heiansdo eng Schlupp Waasser, woubäi et eigentlech ëmgedréit soll sinn“, esou d’Kristina. Wärend den Ofbau vun Alkohol de Bluttzockerspigel an d’Luucht dreift an doduerch extra hongereg mécht, huet d’Waasser eng rengegend Wierkung a spullt déi schlecht Stoffer erëm aus dem Kierper eraus. Wien trotzdeem net op säi Patt verzichte wëll, dee soll dréchene Wäin amplaz vu séissem drénken – mee dat ass hei jo souwisou éischter d’Traditioun.

D’Krisitina wëll d’Lëtzebuerger Kichen awer op kee Fall verdäiwelen, well och hatt ass e bekennende Genéisser. Fir sech a säi Sättegungsgefill ganz einfach auszetricksen, ouni op all déi lecker Saachen ze verzichten, gëtt hatt dofir dësen Tipp: „Wann een als Entrée eng kleng Zalot ësst, dann ass ee schonn ee bësse sat an et ësst een duerno automatesch manner.“ Och sollt ee probéieren, vläicht net grad Entrée, Haaptplat an Dessert ze wielen, mee sech éischter op eng bis zwou Saachen ze beschränken (an am beschte Fall net grad d’Coupe Colonel op der Kaart wielen). Generell gëllt fir eis séiss Leckermäulchen: léiwer d’Uebstvariant wéi d‘Ramvariant. „Eng Rubbarbstaart ass ëmmer besser wéi e Stéck Schwarzwälder Kirschtorte a Sorbet ass definitiv méi gesond wéi normal Glace“, esou d’Ernierungsberoderin.

Fir hatt ass et wichteg, e Kompromëss ze fannen, well kee wëll sech déi kleng Freede vum Alldag komplett verbidde loossen. Natierlech gëllen dës Reegele just fir Leit, déi net aus gesondheetleche Grënn oppassen oder ofhuele mussen. Ma och hei léisst sech fir jiddwereen déi richteg Léisung fannen. „E gutt Buch zum Theema Iessen ass Der Ernährungskompass vum Bas Kast. Do ginn all déi verschidden Ernährungsstiler erkläert an et fënnt ee vill Informatiounen zu gesondem Iessen“, verréit d’Kristina. Fir si ass hiert Beruffsfeld mat eent vun de spannendsten, well d’Leit bei hirer Ernärung ze berode bedeit op kee Fall, just mam Fanger op all déi béis Déckmécher ze weisen: „Et ass en immens spannenden an dynamesche Beruff, well et ëmmer erëm nei Liewensstiler ginn an een ëmmer erëm Neies léiere kann, wat een dann u seng Clientë weidergëtt.“ Dorop bleift wuel just nach ze soen: gudden Appetit, awer am beschte mat Käppchen.

En Artikel vum Laura Tomassini

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.