E gudde Maufel an eng flott Rees.

Placeholder Dummy template

Kachen a Reesen, zwee Theemaen déi an eisem klengen Ländchen grouss geschriwwe ginn a vill Lëtzebuerger a Residenten ëmmer erëm op e Neits begeeschteren. Zwou Thematiken déi e gebiertege Minettsdapp säit enger Zäit mat ganz vill Fangerspëtzegefill op Pabeier, an domat de Leit ganz no bréngt.

Riets ass vum Bibi Wintersdorf, Joergang 1963. Scho fréi zitt et dat jonkt Meedchen an d‘Welt eraus. Eng éischt Statioun ass Bréissel wou hatt Sproochen studéiert. Weider geet et derno an déi deemoleg däitsch Haaptstad Bonn wou hatt esou muencher Joer als Direktesch vum Tourismus an PR Zerwiss vun der Lëtzebuerger Botschaft war. E puer Joren méi spéit geet d‘Rees weider op Köln bei RTL Television wou d‘Bibi iwwer eng Rei vu Joren verantwortlech ass fir de Kanner- a Jugendprogramm. 1996, no der Gebuert vu senger Duechter Victoria zitt et dee gebiertegen Escher awer erëm zeréck op Lëtzebuerg.

Esou richteg bekannt gëtt d‘Bibi hei zu Lëtzebuerg awer duerch eng ganz Rei vun historeschen Bicher. An de Bicher mam Titel „Lëtzebuerg an de 50er, 60er, 70er an 80er Joren“ geheit d‘Bibi Wintersdorf all Kéier e Bléck an de Réckspigel an erzielt d‘Geschicht vun engem ganze Joerzéngt, gräift eng Hellewull u Klischeeën a Fakten aus dëser Zäit op, kombinéiert se mat ganz vill Fangerspëtzegefill mat flotten ale Fotoen aus der entspriechender Epoch vun eisem Ländchen a stellt méi ewéi eng Kéier d‘Fro op an der Vergaangenheet d‘Zukunft net vläicht besser war!

2007 mécht d‘Bibi, zesummen mat enger Frëndin beim internationale Kachconcours Cooking Cup zu Kapstadt déi drëtte Plaz. Déi logesch Konsequenz war e Kachbuch aus der Fieder vun der passionéierter Hobbykächin. 2010 kënnt d‘Buch mam einfachen awer treffenden Titel KACHEN op de Lëtzebuerger Marché. „Gekacht hunn ech schonn ëmmer gär, well ech an enger typesch lëtzebuergescher Famill grouss gi sinn, wou schonn ëmmer gutt gekacht a gutt giess gouf. Meng Mamm a meng Boma si meng Virbiller an haut ass meng Duechter Victoria och schonn an där Traditioun nogeréckelt. Säi selwer gebakent Sauerdeeg-Brout ass einfach genial!“ erzielt d‘Bibi Wintersdorf.

Nodeems d‘Kachbuch e groussen Erfolleg war, war de Wee bei e Lëtzebuerger Kachmagasinn net méi wäit. 2013 fënnt een déi éischt Ausgab vum Magasinn an den Zeitungsbutteker. Vill Wäert leet déi mëttlerweil 10 Mann (a Fra) staark Redaktioun op d‘Qualitéit, sief et beim Inhalt oder bei der Gestaltung, an dat mierkt een direkt wann een des Bibel an Zeitungsform am Grapp huet. An 7 Joer huet sech esou muenches gedoen. Mëttlerweil gëtt et KACHEN an den 3 geleefege Sproochen hei am Land, an och den Inhalt ass iwwer d‘Joren un d‘Wënsch vum Lieser ugepasst ginn. „KACHEN ass e liewege Medium a mir versichen an der Redaktioun reaktiv ze sinn an eis Publikatioun un d’Ëmstänn an d’Nofro unzepassen. Mir sinn zanter méi wéi engem Joer konsequent op de Wee gaangen, Lifestyle-Theemen, virun allem am Beräich Nohaltegkeet an Kreeslafwirtschaft an de Fokus ze setzen, well mir fannen datt dat eng Noutwendegkeet ass an der aktueller Situatioun entsprécht.“ esou d‘Bibi Wintersdorf.

Am Groussen a Ganze geet et eis drëm, eng Plattform fir lokal Produkter a Produzenten an eng Visittekaart fir eist Ländchen hei an am Ausland ze sinn. Wa mir domat eis Lieser interesséieren, ënnerhalen an inspiréiere kënnen, schléisst sech fir eis de Krees.

Bibi Wintersdorf

Mam Theema Kachen war et awer net gedoen, well 2019 bréngt d‘Ekipp ronderëm d‘Bibi Wintersdorf en zweete Magasinn an d‘Regaler vun den Zeitungsbutteker, mat deem se engersäits en eegenen Dadda, an anerersäits e wichtegen Theema fir all Lëtzebuerger uschwätzen: REESEN.

Och de REESEN Magasinn dréit d‘Handschrëft vun der Ekipp ronderëm d‘Globetrotterin Bibi Wintersdorf. Eng flott Opmaachung, interessant a gutt recherchéiert Theemen an interessant Reesziler ronderëm de Globus, an dat alles 100% made in Luxembourg!

„Ech sinn net wéineg stolz drop, a 5 Joer eppes op d’Bee gestallt ze hunn, wat Aarbechtsplaze geschafen huet an net nëmme mir Spaass mécht, mee och menger Ekipp, eise Partner a virun allem eise Lieser.“

Bibi Wintersdorf

Haut sinn KACHEN a REESEN fest Gréissten um Lëtzebuerger Marché vun den Magasinner an Zäitschrëften, an och de Wee op den auslännesch Marché ass kierzlech ugetruede ginn. En Zweiwel um Erfolleg besteet net.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.