D’Amiperas D‘Stëmm vun de Senioren

„Firwat soll keng Associatioun geschaf ginn, déi sech just mat de Problemer vun den eelere Persoune befaasst?“ Dat war d’Fro, déi de Grënner vun der Amiperas (Amicale des personnes retraitées âgées et solitaires), den Här Jean-Pierre Thoma, den 30. November 1963 a sengem Schreiwes un d’Press gestallt huet. Säit dësem Datum huet sech vill bei dëser ASBL gedoen an si huet sech am Laf vun de leschte Joerzéngten zu enger Institutioun zu Lëtzebuerg entwéckelt. Ongeféier 8.000 Memberen zielt d’Associatioun hautdesdaags.

Der Amiperas hir Ziler sinn ëmmer déi selwecht bliwwen: Si setzt sech fir d’Rechter an d’Flichte vun de Senioren an a këmmert sech dorëm, méi eeler Persounen an der Rent zesummenzeféieren. „Mir sinn d’Stëmm vun de Senioren“, seet d’Madamm Edmée Anen.

D’Interessen an d’Ufuerderunge vu hire Memberen hu sech am Laf vun der Zäit awer geännert. „Fréier ass et nach duergaangen, datt mir e Kaartespillowend organiséiert hunn. Domat ginn sech eis Leit dëser Deeg net méi zefridden“, seet d’Generalsekretärin. An der haiteger Zäit gëtt eng méi grouss Panoplie vu verschiddenen Aktivitéite vun der Amiperas verlaangt. „D’Besoine vun de Leit sinn och ganz ënnerschiddlech“, seet si. Et gi Leit, déi nach richteg gutt a Form sinn an dowéinst en Ausfluch an d’Ausland maache wëllen. Aner Membere sinn éischter dofir, e klengen Tripp hei am Land ze ënnerhuelen. An da ginn et nach déijéineg, déi gären e klengen Tour an der Géigend maache wëllen, mä hire Kierper et net méi richteg erlaabt. „Fir sou Leit hu mer och en eegenen Auto, mat deem mer si vun A op B féiere kënnen“, seet déi laangjäreg Kommiteesmember.

Reesen organiséieren ass awer just eng vun den Aktiounen, déi Amiperas ubitt. Beléift si virun allem Coursen, déi de Senioren derbäi hëllefe sollen, sech an der digitaler Gesellschaft besser zurechtzefannen. Hinne gi geziilt Kenntnisser am Beräich vun der Digitaliséierung vermëttelt. Et gëtt hinnen e konkreet Wëssen am Ëmgang mam Handy a Computer bäibruecht. Dat ass wichteg, wëll hautdesdaags ëmmer méi Institutiounen de Wee ginn, alles online unzebidden, vun enger Steiererklärung bis hin zu enger einfacher Bankiwwerweisung. Do ass et wichteg, datt d’Senioren sech ze hëllefe wëssen, wann d’Bank emol eng Kéier zou ass.

Niewent dem Ubidde vu Course schafft d’Amiperas ganz enk mat der Patientevertriedung zesummen. Et ginn nämlech ëmmer méi Leit, déi Problemer mat de Gesondheetsinstitutiounen hunn. Sou bitt d’Amiperas Rendez-vousen un, zu deenen d’Leit komme kënnen, fir iwwer juristesch Theemen ze diskutéieren. D’Associatioun steet hire Memberen an esou Fäll als Beroder zur Säit.

Net ze vergiessen ass awer och e weidert flott Event vun der Amiperas: de sougenannte Generationstreff. Jonk Mënsche kommen net méi esou oft mat eelere Leit a Kontakt. D’Iwwerleeunge vu béiden Altersgruppe si ganz ënnerschiddlech. Dofir gouf dës Initiativ an d’Liewe geruff, sou datt sech béid Generatioune mateneen austausche kënnen.

Dës, ewéi och déi aner, Aktivitéite sinn an de leschte Méint awer all an d’Waasser gefall. De Coronavirus mécht der Amiperas nämlech e Stréch duerch d‘Rechnung. Hir Membere gehéieren nämlech där Grupp vu Leit un, déi als Risikopatiente gëllen. „Mir si schéin ugeschmiert duerch de Virus“, erkläert d’Madamm Anen. „Mir kënne momentan glat a guer näischt organiséieren. Eis Projete sinn all op Äis geluecht“, seet si weider. Dës sanitär Kris huet awer och Auswierkungen op d’Finanze vun der Amiperas. Scho virdrun sinn d’Bäihëllefen, déi de Staat soss der Associatioun ausgeschott huet, zeréckgaangen. Esou kënnt d’Amiperas ëmmer méi an d’Laberenten, fir d’Besoine vun hiren Unhänger erfëllen ze kënnen.

En Uleies, dat der Amiperas besonnesch um Häerz läit, ass géint d’Aarmut am Alter ze kämpfen. Vill Leit aus der Drëtter Generatioun liewen no un der oder esouguer ënner der Aarmutsgrenz. „Mir versiche virun allem deene Leit – esou gutt et méiglech ass – finanziell ënner d’Äerm ze gräifen“, seet d’Madamm Anen. Et gi Fäll, wou d’Fra de Stot gemaach an de Mann e Liewe laang geschafft huet. D’Famill konnt sech iwwer Jore finanziell esou just iwwer Waasser halen. Bei engem Stierffall vum Mann ass d’Gefor fir d’Wittfra herno grouss, datt si hiert finanziellt Standbee verléiere géif. Et kann esouguer esou wäit goen, datt si et sech herno net emol méi leeschte kann, zum Beispill en einfachen Ausfluch op Tréier ze maachen. „Genee esou Situatioune probéiere mer déi betreffend Leit ze ënnerstëtzen“, seet d’Madamm Anen.

Ofgesi vun all de Bestriewungen a Projeten, deenen d’Amiperas nogeet, hofft d’Generalsekretärin, datt a noer Zukunft eng uerdentlech Internetsäit mat neiem Design entsteet. „Mir schaffen drun“, seet si. Mee fir eng professionell Gestaltung vum Site muss eng Zomm vun 10.000 € dohigeluecht ginn. An Zäite vu Corona spillt dës visuell Neigestaltung awer verständlecherweis nëmmen eng ënnergeuerdent Roll.

En Artikel vum Laurent Neiertz

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.