Senioren en Doheem ginn

Dëse Gedanke steet vun Ufank u bei der SERVIOR am Mëttelpunkt. SERVIOR, dat ass en Numm, deen deene meeschte Leit e Begrëff ass, an awer wëssen déi mannst, wat d‘SERVIOR eigentlech ass. Och wann d‘SERVIOR an éischter Linn fir hir Wunnstrukture fir eeler Leit bekannt ass, bitt een dem drëtten Alter weesentlech méi ewéi nëmmen eng Plaz fir ze wunnen.

Placeholder Dummy template

Am Joer 1998 gëtt den Etablissement Public Centres, Foyers et Services pour Persones Agées mat der Iddi gegrënnt, all Zerwisser fir den drëtten Alter aus enger Hand kënnen unzebidden. Zanterhier ass villes passéiert. Hautdesdaags bedreift SERVIOR am ganzen 15 Haiser mat Wunnplazen fir eeler Leit an allen Ecke vum Land, gëtt méi ewéi 1600 Leit en Doheem a bitt méi ewéi 2000 Persounen eng Aarbechtsplaz.

D’Ënnerstëtzung vu Leit am drëtten Alter fänkt bei der SERVIOR scho fréi un. Fir Leit, déi nach an hirem eegenem Doheem liewen bitt d‘SERVIOR de Service Iessen op Rieder un. An 31 Partnergemengen uechter d‘Land huet een d‘Wiel tëschent 2 Menüen mat Zopp an Zalot, engem Haaptplat an engem Dessert. Domat awer net genuch, och Plate fir Diabetiker oder Vegetarier oder e Menü ouni Salz ginn ugebueden. D‘Menüe ginn dagdeeglech bei d‘Leit geliwwert a kënnen, wann de groussen Honger dann do ass, mat engem einfachen Drock op de Knäppchen vun der matgeliwerter Kachplack gewiermt ginn. Ganz nom Motto: Servior deckt Iech den Dësch doheem.

Fir déi meeschte Leit ass d‘Alters- oder Fleegeheem dat lescht Doheem an hirem Liewen. A genee dat soll et sinn, en Doheem. „Wann ech soen ech ginn heem, da ginn ech op mäin Zëmmer“ erzielt eng vun de Matbewunnerinnen vum CIPA Iechternach. A genee dorop gëtt bei der SERVIOR grousse Wäert geluecht. Sech doheem fillen an trotzdeem all Fräiheeten genéissen, sech net isoléiert fillen, an zu all Moment déi néideg Hëllef an Ënnerstëtzung kréien.

Wunnen am Altersheem, dat heescht net a sengen véier Wänn sëtzen an de Plaffong kucken: Am Géigendeel, an all Haus gëtt eppes gebueden an dat praktesch ronderëm d‘Auer! De Mëttelpunkt vun deene meeschten Haiser ass den Iesssall. Hei trëfft een sech, mat Frënn aus dem Heem fir ze poteren an zesummen ze iessen. Och den Apero um Sonndegmoien, wou niewent de Frënn a Kolleegen aus dem Haus, och d‘Familiememberen a d‘Frënn vun dobaussen ëmmer wëllkomm sinn, fir e Patt ze drénken a flott Momenter ze erliewen. Iwwer den Dag stinn eng Hellewull un Aktivitéiten zur Verfügung, fir jiddereen an zu all Moment. Niewent engem kompletten Therapieprogramm ginn et Bastelaktivitéiten, Kachatelieren, Sport-aktivitéiten, Liesronnen, reegelméisseg Ausflich an nach villes méi. „Hei gëtt esou villes organiséiert, do weess een heiansdo net méi, woumat een ufänke soll“ kréie mir erzielt. An och wann een et emol méi roueg ugoe wëllt, muss een dofir net a senge 4 Mauere sëtze bleiwen. Dat flott ronderëm an deene meeschten Haiser gëtt engem d‘Méiglechkeet d‘Natur direkt virun der Dier ze genéissen.

Egal wéi ee säin Dag gestallt a wat een ënnerhëlt, et ass een ni eleng. „D‘Jongen an d‘Meedercher hei sinn ëmmer ganz ganz frëndlech an ëmmer do, wann een se brauch. Déi sinn al ferm um Dill“ ass nëmmen eng vun villen Aussoen iwwer d‘Personal. Och dorop gëtt bei der SERVIOR grousse Wäert geluecht. Eng permanent Weiderbildung an d‘Fërderung vum Personal gëtt hei groussgeschriwwen.

Bei der SERVIOR ass den Numm Programm: SERVicer fir SenIORen vum drëtten Alter. Fir datt den drëtte Alter dee schéinsten Alter vum Liewe gëtt.

Servior zu Lëtzebuerg

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.