Den Nuckes huet et fauschtendéck hanner den Oueren. Säin Alldag op der Aarbecht an engem Altersheem kritt hien nawell ganz gutt ëm. Al John Wayne Filmer gehéiere fir hien zum Alldag, an och dat heemlecht Beschafe vun Zigarette fir déi Leit, op déi hien eigentlech oppasse soll, ass ganz normal fir de Nuckes. Wéi hien eng Kéier owes dunn awer eng éischter liicht bekleeten Damm als klenge Kaddo, fir engem vun deenen eeleren Hären am Seniorenheem eng Freed fir de Gebuertsdag ze maachen, heemlech aschleist, platzt der Direktesch vum Heem de Kolli an de Nuckes muss goen. Mat him géingen am léifsten och seng bescht Kolleegen aus dem Heem hir Siwesaache paken an sech zesumme mam Nuckes aus dem Stëbs maachen.
Well eppes kënnt fir den Nuckes, de Fons, de Lull an de Jängi net a Fro: de Rescht vun hirem Liewen an engem stëbsegen Altersheem sëtzen, Kaarte spillen a sech u komesche Gerécher erfreeën. Si erwaarden sech méi vum Rescht vum Liewen. Nei Aventuren, neit Gléck, nei Léift.
Eng Wunngemeinschaft, an där jiddwereen sech wuelfillt, zesumme mat de Kolleegen, déi déi selwecht Iwwerzeegungen hunn ewéi si selwer, dat wär d‘Léisung. Den Hoke bei der Saach? Fir esou eppes zu Lëtzebuerg ze realiséieren, brauch een dat néidegt Kapital, extreem vill Gedold fir déi néideg Pabeieren zesummenzekréien a virun allem eng bezuelbar Immobilie, déi och nach jiddwerengem gefält. „Et ass net einfach“ mengen déi véier Kolleegen, mee opginn kënnt fir si net a Fro.
Mam Film Rusty Boys erzielt de Lëtzebuerger Filmemaacher Andy Bausch d‘Geschicht vun engem Grupp Groelzeger mat Hörapparat, déi schonn zum drëtten Alter zielen, awer nach laang net bei d‘aalt Eise gehéieren. Dat selwecht kann een och vun de Schauspiller behaapten. Mam Marco Lorenzini, Fernand Fox, Pol Greisch, André Jung a Josiane Peiffer sinn d‘Haaptrolle perfekt besat, an den Andy Bausch an de Frank Feitler, vun deenen d‘Iddi an d‘Dréibuch stamen, bréngen et tatsächlech fäerdeg, d‘Crème de la crème vun der Lëtzebuerger Schauspielzunft aus dem drëtten Alter zesummenzerafen a mat hinnen e Konschtwierk op de groussen Ecran ze bréngen, deen den Altersduerchschnëtt vun de Schauspiller op en Niveau bréngt, deen an nächster Zäit kaum méi en anere Film iwwertreffen däerft. An datt déi ganz Ekipp Freed beim Dréien hat an den Herzschrittmacher vun deem engen oder aneren och emol de Kopplabunz geschloen huet, mécht sech an al Zeen am Film bemierkbar.
Mat ganz vill Fangerspëtzegefill üübt den Andy Bausch Kritik un engem Tabutheema: der Aart a Weis, wéi eeler Mënschen am Altersheem behandelt ginn, hëlt awer gläichzäiteg dës eeler Matmënschen, déi esou hir léif Méi mat de soziale Medien an dem Ëmgang mam Computer hunn, vu moderner Musek näischt wësse wëllen an och wéineg Versteesdemech fir d‘Kultur an d‘Verhale vun hiren auslänneschen Noperen oder de sougenannten Heckefransousen hunn, ferm op d‘Schëpp.
D‘Iddi fir de Film entsteet zu Hollerech an engem Bistro, erzielt eis den Andy Bausch am Gespréich. Déi éischt Versioun vum Dréibuch staamt aus dem Realisateur senger Fieder. Zesummen mam Frank Feitler iwwerschafft hien d‘Dréibuch duerno mat ganz vill Gefill a gëtt him de leschte Schlëff. Mam alen Direkter vum Groussen Theater schafft den Andy Bausch scho säit de fréien nonzeger Jore reegelméisseg zesummen. De Produzent Paul Thiltges ass hellop begeeschtert vum Dréibuch a suergt derfir, datt de Film a kuerzer Zäit seng Première um groussen Ecran feiert an och duerno op DVD ënner d‘Leit kënnt.
Awer net nëmmen an de Lëtzebuerger Kinoen an an den heemesche Fotelle gëtt mat an iwwer déi véier Hären mat groen Hoer, hir divers Kierpergeräischer an Naupe gelaacht. Op ënnerschiddleche Filmfestivallen uechter Europa ginn d‘Rusty Boys gewisen. Enn 2017 feiert déi däitsch Versioun zu Stuttgart Première an och bei eisen däitschen Nopere wëssen d’Rusty Boys ze begeeschteren. Déi rabbeleg Seniore gi sech awer nach laang net zefridden an zéie weider. Net nëmmen an europäesche Stied ewéi Roum, München a Prag begeeschteren si op deem engen oder anere Filmfestival hir Spectateuren. Och virum asiatesche Raum maache si net Halt. Tokyo, Kyoto an Taiwan si weider Statiounen op hirer Rees.
Wier d‘Alginn an op d‘Nues falen nëmmen hallef esou schéin ewéi bei de Rusty Boys, wieren d’Altersheemer eidel. Oder fir et mam Nuckes senge Wierder ze soen: och den John Wayne ass méi ewéi eng Kéier vu sengem Päerd gefall!
En Artikel vum Marc Wilgé
#