Sex am Alter – firwat net?

Mat zwanzeg ass een der Meenung, datt Mënsche mat véierzeg – déi schliisslech schonn zum alen Eise gehéieren – kaum nach en opreegend Sexliewe kënnen hunn. Mat véierzeg ass een dann dovun iwwerzeegt, sextechnesch ni besser drop gewiescht ze sinn ewéi elo. Gläichzäiteg ass ee sech sécher, datt bei Mënsche mat sechzeg am Bett allerhéchstens nach de Minimum ofleeft. Kaum ass ee sechzeg, kraacht et zwar hei an do, awer d’Loscht op Sex bleift. Warscheinlech – esou mutmaasst een – sinn et déi Achtzegjäreg, déi elo d’Lous vun engem Liewen ouni Sex gezunn hunn. Mat achtzeg daucht dann d’Fro op, wéi ee jee gleewe konnt, datt e Liewen ouni de Gedanken u Sex iwwerhaapt méiglech ass. Sex wäert an eisem Liewen also ëmmer eng Roll spillen. Allerdéngs verännert sech de Kierper.

No fofzeg – D’Zäit fir de beschte Sex vun Ärem Liewen

Wärend et also a jonke Jore ganz heefeg ëm Leeschtung, Duerchhalverméigen a Standhaftegkeet geet, ee méiglechst vill ausprobéiert, wandelt sech de Sex am Alter.

Den Drock no oniwwertraffener Leeschtung ass beim Sex am Alter net méi do. Amplaz steet d’Léift zum Partner am Mëttelpunkt an de Wonsch, sech géigesäiteg schéi Stonnen ze schenken. D’Zäertlechkeet réckelt an de Vierdergrond.

Verhütung ass da bei Sex am Alter och keen Theema méi, wat zu enger neier Fräiheet féiert.

Alles kéint esou schéi sinn, wann dann net de Kierper wier, dee lues awer sécher ze schwächelen ufänkt.

Wat sinn déi bescht Viraussetzunge fir gudde Sex am Alter?

Gesondheet an eng inneg Partnerschaft.

Dohier hu meeschtens déi Mënschen am meeschte Spaass un hirem Sexliewe bis an den héijen Alter, déi schonn ëmmer gesond gelieft hunn, déi hir Zäit méi seele beim Dokter verbréngen an amplaz dovu Spaass hunn, Sport maachen a sech gesond ernären.

Et si Mënschen, déi op eng inneg Bezéiung zu hirem Partner Wäert leeën a Sex net nëmmen als Flichtprogramm ugesinn. Béides zesummen – Gesondheet an eng éierlech Partnerschaft – schaaft also d’Viraussetzung fir erfëllende Sex am Alter, mat fofzeg, sechzeg, siwwenzeg an och mat achtzeg oder nonzeg.

Sex hält jonk a gesond – esou laang et Spaass mécht.

Sex huet vill positiv Auswierkungen op d’Gesondheet – déi ausgeschott Hormoner bewierke zum Beispill, datt ee sech méi glécklech an entspaant fillt.

Wichteg beim Sex am Alter: Wann de Geschlechtsverkéier zu enger Verflichtung gëtt, verflitt de gesondheetlechen Notzen. Et däerf ee sech net ënner Drock setzen a wann d’Gelenker wéi dinn, muss een net de Kamasutra duerchturnen.

Kommunizéiere mam Partner!

Och wa kierperlech Beschwerden optrieden, fir bal alles gëtt et eng Léisung!

An enger Partnerschaft steet kee vun de Partner ënner Drock, beim Sex dëst oder dat leeschten ze mussen. Esou kann ee zum Beispill zesummen no Méiglechkeete sichen, Sex am Alter an trotz kierperleche Beschwerden erfollegräich ze gestalten an entspaant ze genéissen.

Déi richteg Positioun fir Sex am Alter

Vläicht brauch een och nëmmen eng nei a méi bequeem Stellung, fir trotz de Réckeproblemer sexuell aktiv sinn ze kënnen? Et kënne Positiounen ausprobéiert ginn, déi fir alle béid mat manner Ustrengung verbonne sinn. Och Kësse kënnen als Ënnerlag benotzt ginn.

Sollt et och emol net klappen, ass et heefeg schonn en eenzegaartege Genoss dem Partner no ze sinn, seng plakeg Haut ze spieren a sech géigesäiteg ze heemelen an erfëllt mat esou vill Léift a Freed, datt eng Penetratioun net noutwendeg ass a vollkommen an den Hannergrond réckelt.

Bleift sexuell aktiv!

Reegelméissege Sex huet positiv Auswierkungen op d’Häerz an d’Immunsystem, suergt fir bessere Schlof, e gesonde Bluttdrock an natierlech och fir eng besser Moral.

Fakt ass: Mir bleiwen eist Liewe laang sexuell Wiesen. Enger neier Studie no verspieren ënner de 75-Järegen nach 61 Prozent vun de Fraen an 58 vun de Männer reegelméisseg sexuellt Verlaangen.

40 Prozent vun den iwwer 60-Järegen hunn ëmmerhin nach e Sexualliewen. Mat de weidere Jore ginn et der manner, virun allem bei de Fraen. D’Majoritéit vun de Seniorinnen huet zwar bis Enn 70 sexuell Wënsch a Fantasien. Trotzdeem hu bei enger Ëmfro vun iwwer 60-Järegen nëmme 25 Prozent uginn, sexuell aktiv ze sinn. Bei de gläichalterege Männer waren et dogéint 58 Prozent.

D’Grënn fir dëst sinn och gesellschaftlecher Natur: Frae ginn am Schnëtt siwe Joer méi al ewéi Männer, iwwer 65 herrscht also – aus weiblecher Sicht – Männermangel. Ausserdeem zitt et déi eeler Hären heefeg zu méi jonke Partnerinnen, dat verschäerft d’Mangelsituatioun fir eeler Dammen nach méi. Esou sinn dann och dräi Véierel vun de 75- bis 79-järege Männer bestuet, awer nëmmen 38 Prozent vun de gläichalterege Fraen.

En Artikel vum Tania Hoffmann

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.