Eng Geschäftswelt déi weiderdréit

Et ass wuel kee Geheimnis: dëst Joer war fir de Gros vun der Stater Geschäftswelt e Fiasko. Chantieren, héich Loyeren, Pandemie – 2020 hätt wuel net villes méi toppe kënnen. Ma trotz méi „downs“ ewéi „ups“ schloen sech d’Lëtzebuerger Geschäftsleit awer daper, well sech ënnerkréie loosse wëll hei keen, och net vum Covid. D’Vizepresidentin vum Stater Geschäftsverband (UCVL) Mireille Rahme-Bley an den Business-Owner Dan Gantrel ginn en Abléck an de klenge bis grousse Wansinn, deen déi lescht Méint un der Dagesuerdnung stoung a verroden, firwat een trotz Kris net de Courage verléiere soll.

Eng Balance fanne fir de Schued an der Santé, dem soziale Liewen an der Ekonomie ze minimiséieren, dat ass den Challenge, mat deem sech Politiker a Staatscheffe säit dem Ufank vun der Corona-Pandemie am Mäerz mussen erëmklappen. D’Decisiounen an hir Suitten auszedroe kruten an de leschte Méint awer net just Privatleit a Bierger, mee virun allem d’Lëtzebuerger Geschäftsleit hunn d’Schléi dacks haart getraff. No méintlaange Chantieren a vill Verkéiersgedeessems stoung virun allem an der Stad ville Geschäfter d’Waasser scho bis un den Hals. De Covid war du just nach d’Schlagsan uewendrop. Ma et wëll een awer op kee Fall am Selbstmatleed versuppen, well zemools als Independant ass een et gewinnt, ze kämpfen.

Trotz Gestruewels a Kontebeweegungen, déi staark un eng géi Ski-Descente erënneren, loossen och d’Mireille Rahme-Bley an den Dan Gantrel de Kapp nach laang net hänken. Déi eng Säit véier Restauratiouns-Lokaler mat 37 Employéen, déi aner Säit e Skateshop, e Kleedergeschäft an geschwënn e Kannerbutteck – dat sinn d’Businesser, déi béid Memberen vum Stater Geschäftsverband ze geréieren hunn. Wann do d’Kris zouschléit, Diere mussen zoubleiwen an d’Hëllefe fir Independanten deels éischter mickereg ausfalen, da kann et schonn emol knapp ginn. Ma wärend villes dëst Joer e batteren Nogeschmaach hannerléisst, stellen d’Mireille an den Dan awer fest, datt d’Kris och hir positiver Effekter hat.

„Ganz grouss geschriwwe gouf an de leschte Méint d’Wuert Solidaritéit“, betount d’Besëtzerin vum Café des Capucins, dem Downtown, der Skybar an dem L’Avenue. Esouwuel bei de Mataarbechter, ewéi och bei de Clienten hätt een als Commerçant enorm Ënnerstëtzung erlieft, an dat deet gutt. „De leschten Owend virum éischte Lockdown sinn d’Leit bei eis komm an hu gesot, datt mir eis keng Suerge misste maachen, si géifen nämlech all erëmkommen. Fir de Juni hat och eng Fra d’Skybar reservéiert fir hire Gebuertsdag ze feieren. Wéi bis kloer war, datt dat net kéint stattfannen, huet si eis d’Sue gelooss a gesot, mir sollen den Datum fir d’nächst Joer halen, an dat obwuel si emol net weess, op et eis dann iwwerhaapt nach gëtt“, erënnert sech d’Vizepresidentin vun der UCVL.

Och den Dan vun Olliewood, Stitch an Trouble Maker konnt iwwer d‘Ënnerstëtzung vu senge Leit nëmme staunen. „Trotzdeem mir zou haten, sinn eis Employéë komm an hunn eis gehollef, d’Geschäft anescht opzebauen. No zwee Deeg hate mir en Onlineshop ob d’Bee gestallt, dat war awer nëmme méiglech, well eisen IT-Guy Vollgas ginn huet a Kolleegen eng Hand mat ugepaakt hunn“, esou de Business-Owner. Sief et beim Ausliwwere vu bestallter Wuer oder beim Akaf bei de Locals – wärend der Kris sinn d’Leit zesummegeréckelt an et gouf gehollef, wou ee nëmme konnt. „Dat huet eis dat néidegt Klenggeld ginn, fir iwwerhaapt kënnen ze iwwerliewen“, esou den Dan. Ma och ënner de Geschäftsleit selwer ass den Zesummenhalt gewuess: wou virdru jiddereen a senger Mëscht gewurschtelt huet, gouf elo ënner d’Äerm gegraff. „Jiddereen hat déi selwecht Problemer, dofir si mir vill méi zu enger Eenheet ginn.“ Et misst een och un anerer denken, egal wéi schlecht et engem selwer geet, well wéi de Kollaboratiouns-Tshirt vum Stitch an der Caritas et richteg seet: „We are in this shit together“.

Zesummen ass dann och e gutt Stéchwuert, fir eppes anescht ze beschreiwen, dat d’Kris an der Stad bewierkt huet. Niewent sportlechen Aktivitéiten ass et virun allem d’Zäit an der Famill, déi nees e neie Wäert krut. „Wat extreem opkomm ass, ass datt d’Leit nees méi Zäit zesumme verbruet hunn, och mat de Kanner an Enkelen“, esou den Dan. En Trëppeltour iwwer de Wenzelswee, eng Ronn mam Vëlo, e Nomëtteg dobaussen an der Stad – wat soss am Alldagsstress oft ënnergeet, gouf dëst Joer nees gemaach. Vill dozou bäigedroen hunn och déi vereenzelt Initiative vun der Stad Lëtzebuerg, betount d’Mireille: „Wat ech als immens positiv empfonnt hunn, ass, datt d’Stad de Lokaler Terrasse bäiginn huet an dat deels a Quartieren, wou virdru kee Mënsch higaangen ass.“ Manner Trottoiren a Parkingen, mee dofir Foussgängerzonen mat Animatiounen – aus der Stroossbuerger Strooss, dem Fort Neipperg oder der Ënneschtgaass sinn esou Plaze ginn, déi Foussgänger gäre besichen. Och de Projet „d’Stad lieft“ an d’Primme fir Vëloen hu gehollef, d’Bierger nees méi an den Zentrum ze zéien.

Natierlech misst hei nach un der Kommunikatioun gefeilt ginn a virum allem d’Parkinge besser ausgeschëldert, mee villes wier e Schrëtt an déi richteg Richtung, mengt och den Dan: „Déi vill Chantieren dinn elo natierlech wéi, mee an e puer Méint bréngt et eis all eppes. Et muss een eeben heiansdo e bëssen d’Loft kënnen unhalen, fir datt d’Butteker derno erëm kënnen esou richteg Gas ginn.“ Och de gratis ëffentlechen Transport gesinn d’Commerçanten als Virdeel, well trotz Pech mam Timing kënnt dësen der Geschäftswelt an Zukunft sécherlech zegutt. Generell schätzen d’Mireille an den Dan sech als glécklech, an der Stad hir Lokaler ze bedreiwen, well hei war d’Ënnerstëtzung op ville Plaze bis ewell grouss. „An der Kris spillen d’Proprietären eng enorm grouss Roll. Ee vun eisen Etablissementer gehéiert zum Beispill der Gemeng an do hate mir guer keng Problemer, well si eis de Loyer deels geschenkt hunn an esouguer den hallwe Mäerz erëmbezuelt hunn“, esou d’Barbesëtzerin. Och aner Proprietären hätte beim Loyer en A zougedréckt, doniewent gouf et Bonge vun der Gemeng am Wäert vun 1.000 Euro an nach finanziell Hëllef fir Betriber.

Eppes, wat virun allem dem Dan awer wärend der Kris um Mo läit, ass d‘Tatsaach, datt Salariéen, déi oft am Normale schonn un de Mindestloun grenzen, an de Méint vum Lockdown just 80 Prozent vun hirem Salaire ausbezuelt kruten, wärend Staatsfonctionnairen déi voll Paie konnte bäibehalen. „Dat spléckt d’Gesellschaft an do muss a mengen Aen nach eng besser Solidaritéit fonnt ginn“, esou de Skateshop-Besëtzer. Fir hien als Employeur wier et dat Allerwichtegst, senge Mataarbechter eng fair Pai kënnen ze garantéieren, an dëst och an Zäite vun enger Pandemie. Et misst een d’Situatioun awer als Chance ugesinn, Saachen ze änneren, well villes wier zwar elo haart, mee fin de compte awer eng Investitioun an d’Zukunft. Genee des Mentalitéit ass et och, déi d’Mireille trotz zweeter Fermeture vu senge Lokaler d’Motivatioun net verléiere léisst. Am Downtown a Co. gëtt déi onfräiwëlleg gewonnen Zäit genotzt, fir positiv Ännerungen ze maachen. „Mir hu scho wärend dem éischte Lockdown renovéiert an alles nei ugeplanzt, fir preparéiert ze sinn, wann eis Clienten nees kommen an si och uerdentlech ze empfänken.“

Et hätt ee vill lokal Leit derbäi gewonnen, well wärend d‘Reesen an d’Ausland 2020 éischter schwiereg war, hunn d’Leit sech op de Wee duerch dat eegent Ländche gemaach. „Et huet een d’Stad nees nei entdeckt an domat och d’Lëtzebuerger Geschäftswelt“, stellt d’Barbesëtzerin fest. Fir dann och am Dezember kënne positiv an d’Zukunft ze kucken, gëtt vun him a senger Ekipp iwwerall fläisseg Chrëschtdagsdeko opgehaangen. Well eent ass fir d’Mireille an den Dan sécher: si wëlle schaffen, an och wann et aktuell en Dilemma tëschent „Bleif doheem“ an „Ënnerstëtz deng Stad“ gëtt – d’Ekonomie muss weider dréien, a „weider“ heescht och de Motto ënner Geschäftsleit.

En Artikel vum Laura Tomassini

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.