„Da géi kucken, wou s de sëtz. Misst an der éischter Rei sinn“, sot meng Mamm, warscheinlech, well den zweete Saz krut ech schonn net méi richteg mat, well ech schonn a Richtung Riddo ënnerwee war. Do souzen se, meng Kolleegen, an si hate schonn eng Cola an eng Chips am Grapp.
„Mmmh … där wëll ech och elo eng“, hunn ech mer geduecht, a si mer séier eng Cola mat deenen honnert Frang kafe gaangen, déi ech vu menger Mamm krut hat. Ech kafen awer keng Chips, ech wëll léiwer Tombola an der Paus. An erëm séier zeréck bei d‘Kolleegen, well et geet gläich lass. Et huet schonn eemol geschellt. Nach ass vill Kaméidi am Sall, well et ass nach net am Gaangen, mee gläich awer, elo kënne mer nach bëssen Dommheete maachen.
Et schellt eng zweete Kéier. Mir kréie scho vun hannendru gesot, dat mer awer elo misste roueg sinn, wann et lass geet. Wéi wa mer dat net wéissten!
Hanner dem roude Riddo héiert ee Gepëspers. Ëmmer erëm dat selwecht Wuert. „Mert, Mert, Mert“. Hunn awer keng wierklech Anung, wat dat heesche soll. An do héiert een et schonn. Et schellt déi drëtte Kéier. Vun engem Moment op den anere gëtt et roueg. Jiddereen geet séier op seng Plaz. Et héiert een nach e bësse Getuschels hannen am Sall, aus der éischter Rei héiert een awer näischt. Et geet lass. De Riddo geet op!
Sou ass et a menger Erënnerung ganz staark present, wann ech un meng Kandheet denken a wann ech mech un den Duerftheater aus eiser Gemeng erënneren. Deemools huet de Club des Jeunes sech der Aufgab nach ugeholl, fir eemol d‘Joer Leit aus der Géigend zum Laachen ze bréngen. Ech ka mech nach ganz gutt drun erënneren, datt deen Owend, eemol am Joer, ëmmer fuerchtbar vill gelaacht gouf. Ech ka mech awer och erënneren, dat ech net ëmmer genee wosst wéisou de ganze Sall Tréinen an den Aen hat, vu laachen. Dat war mir awer och egal, ech hunn monter mat gelaacht an dobäi u menger Cola gelëpst. Et war ëmmer schéin, eemol am Joer, den Theater kucken ze goen. An et war kloer. Dat do wëll ech och emol maachen.
Ronn 20 Joer méi spéit ass et dann och esou. Ech stinn op der anerer Säit vum Riddo. Späize menge Kolleegen iwwer d‘Schëller a soe „Merde, Merde, Merde“. Haut verstinn ech, wat et heescht, an ech weess och datt een dat am Theater mécht, ier de Riddo opgeet, fir sech nach emol kuerz virum Optrëtt Gléck ze wënschen.
Mëttlerweil weess ech awer nach eppes méi an zwar, datt dëst net vill mat Gléck ze dinn huet, mee mat vill Aarbecht, Organisatioun a virun allem Prouwen.
Och wann de sougenannten „Duerftheater“ oder am Däitschen och ëmmer mol erëm als „Bauerntheater“ bezeechent, vu verschiddene Säite belächelt gëtt, well et natierlech eppes anescht ass wéi de klasseschen Drama oder och de Cabaret, egal op dësen elo politesch ass oder net, stellt dësen trotzdeem e wichtege Pilier vun eiser Gesellschaft duer, dee sech net ze verstoppe brauch. Et stellt fir vill Leit den éischte Kontakt zu engem kulturellem Evenement duer, an et bréngt, wéi all Veräin, Leit zesummen a léisst se e flotte Moment zesumme verbréngen.
Wéi scho kuerz ugedeit, ass sou en Theaterowend net vun elo op gläich geplangt an organiséiert. Sécherlech ass de gréissten Aspekt d‘Stéck selwer. Dëst muss als éischt emol erausgesicht ginn. Hei steet ee scho virun ënnerschiddleche Froen, huelen ech ee Klassiker wéi zum Beispill Jonggesellenkëscht, de säit Joerzéngte Succès beim Publikum huet, oder woen ech et a siche mer ee Stéck, dat nach bal ni hei am Land gespillt gouf. Oder ginn ech nach ee Schrëtt méi weit an ech iwwersetzen e Stéck oder schreiwen et esouguer selwer. Dat ass sécherlech kee Selbstläufer, mee trotzdeem hunn och hei am Land schonn e puer Leit gewisen, datt een sech net virum Ausland muss verstoppen. Sou falen hei Nimm ewéi Etienne Clement, David Everad oder Marco Assa ëmmer erëm bei der Sich no engem Stéck an d’Aen. Datt dës Stécker dann och nach bei de Leit ukommen, mierkt een dorun, dat se iwwerall uechtert Land gespillt ginn.
Wann een d‘Stéck da bis fonnt huet, an am beschte Fall och nach eent, wou jiddereen da wëll matspillen, och ka matspillen, well dat ass net ëmmer esou einfach, well oft ass eng Fra ze mann oder e Mann ze vill, da kann et lassgoen.
Elo kënnt sécherlech den ustrengendsten Deel, awer och dee flottsten. Wéi bei ville Veräiner geet et och hei drëm, eng gutt Zäit ze hunn, vill ze laachen, emol zesummen eng Fläsch Béier ze drénken an awer eppes Anstänneges op Been ze stellen. Déi Zäit, wou et duergaangen ass, just op d‘Bün ze klammen an e puer Dommheeten ze maachen, ass eriwwer. All Duerf huet mëttlerweil, erëm oder nach ëmmer, säin Theaterveräin oder säi Veräin, sief et Musek, de Fussball oder d‘Pompjeeën, déi traditionell eemol am Joer spillen. Do ginn et sécherlech Leit, déi all Joer, ouni grouss driwwer nozedenken, op déi selwecht Plaz kucke ginn. Mee et ginn der awer och ëmmer méi, déi ganz geziilt op verschidde Plaze kucke ginn, well et do einfach e Stéck besser, méi witzeg oder einfach anescht ass. Dëst ass virun allem de Fall, well Leit méi mobil ewéi fréier sinn, an de Choix un Duerftheateren immens grouss ass. Et muss een net a sengem Duerf kucke goen, well een net bis an nächst Duerf kennt. Duerch déi staark Mobilitéit ass ee vläicht och net méi esou un „säin Duerf“ gebonnen, mee et kennt een och vill Leit vun auswäerts. Konkurrenz ass soumat garantéiert a belieft, esou wéi an all Beräich, och d‘Geschäft. Doniewent gesäit een och, datt den Duerftheater eppes ass, wat et scho laang gëtt, souzesoen eng Traditioun, mee dofir awer nach laang net ausgestuerwen ass oder langweileg muss sinn.
Loosse mir awer erëm op d‘Theema zeréckkommen. D‘Stéck aus erausgesicht, Prouwe festgeluecht a soumat sinn déi kal Wanterowenter gutt gefëllt. Mee net eleng d‘Spille vun den Acteuren oder iwwerhaapt emol ee gudde Regisseur, deen d’Stéck dirigéiert an „en scène“ setzt, mécht ee gudden Theaterowend aus.
E flotte Flyer, deen an Ae spréngt, wou all Infoe gutt ze erkenne sinn, gëtt mëttlerweil ëmmer méi e Muss. Hei gräift een oft op een aus dem Club zeréck, deen dat gutt kann oder och emol op en Atelier Protegé oder eng Agence, déi dorop spezialiséiert sinn, déi sech dann och direkt ëm den Drock këmmeren. Bis de Flyer, dann awer esou ass, wéi een sech dat virstellt, ginn dann mol séier en décke Grapp Mailen duerch Géigend geschéckt.
Wann et dann awer esouwäit ass, déi éischt Plakater sinn opgehaangen, a Flyeren a Boîte geheit, da fänkt d‘Nervositéit u mat klammen. Da gëtt sech den Text emol richteg op d‘Long gezunn a e bësse méi genee geléiert, well et wëll ee jo wierklech net, wann et Owes esouwäit ass, op eemol op der Bün stoen a säin Text net wëssen. Dat wier jo mol penibel.
Eleng de Flyer an den Text ginn dann awer och net duer. Et muss eng Atmosphär geschafe ginn. Dofir sinn d’Männer a d’Frae vun der Bünenekipp, (oft Pensionären) gefrot. Niewent de richtege Miwwelen an der passender Tapéit, ginn och ëmmer méi Spezialeffekter gebraucht. „Jo, mee dat muss dann do opfueren, geet dat?“ oder „kann een do och Fonke sprange loossen?“ sinn da Froen déi am Raum stinn. An erstaunlecherweis, a meeschten ouni vill ze soen, „fiert et dann déi nächste Kéier do op“, wou et soll, a „et sprangen do Fonken“, am beschte Fall och, wou et soll. Och wann dëst scheinbar am Hannergrond ofleeft, ass et awer ëmmer mat vill Opwand verbonnen. Dat selwecht gëllt natierlech fir de Mann oder d‘Fra hanner dem Mëschpult, deen haut och net méi ewechzedenken ass. Eng gutt Intromusik, fir d‘Leit anzestëmmen oder fir eng spannend an entscheedend Situatioun musikalesch ze hannerleeën, ass ee Muss.
D‘Bün steet, d‘Flyeren si verdeelt an den Telefon bei der Madamm vun der Reservatioun leeft waarm. D‘Nervositéit klëmmt a klëmmt. Da kënne op eemol Prouwen och emol eng Stonn méi laang daueren, well dat awer net esou klappt, wéi et soll oder et trëfft een sech e ganze Samschdeg, just fir un den Detailer ze schaffen.
An dann ass et esouwäit. Den Theaterowend ass do. D‘Gedrénks ass kal an d‘Bréidercher geschmiert, D‘Leit hanner dem Comptoir si prett. D‘Première steet un. Hanner der Bün ass et roueg. Déi verschidden Acteuren hunn hir Ritualer. Déi eng ginn den Text nach emol duerch, anerer iessen eppes an nach anerer kréie vun elauter Nervositéit kee Stéck erof. Et schellt déi éischte Kéier. D‘Regisseurin seet nach puer lescht Wierder, éier si d‘Bün dann och verléisst. Et schellt déi zweete Kéier. Et gëtt gespaut, an et héiert ee „Merde, Merde, Merde“. An der éischter Rei héiert een nach d‘Geknätschs vun de Chipsen an d‘Geschlupps vun der Cola. Et schellt déi drëtte Kéier.
Et ass roueg.
De Riddo geet op.
En Artikel vum Luc Ruppert