Zweehonnert Cent fir Mënsch an Ëmwelt

Kennt Dir d’Tafel an Däitschland? Wien elo un eng Tafel denkt, déi am Klassesall hänkt, deem werft de Schoulmeeschter grad e béise Bléck zou.

Nee, eng aner Tafel ass gemengt, an de Slogan vun der Hëllefsorganisatioun mat dësem Numm bréngt hir Missioun op de Punkt: „Lebensmittel retten. Menschen helfen.” Obwuel grad d’Zäit ëm Chrëschtdag zu enger besonnesch solidarescher Period am Joer gehéiert, kämpft d’Tafel u sech iwwer dat ganzt Joer géint d’Liewensmëttelverschwendung andeems Liewensmëttel, där hiren Haltbarkeetsdatum bal ofgelaf ass, mee déi trotzdeem nach ganz gutt schmaachen, u Leit verdeelt ginn, déi sech net esou vill leeschte kënnen. Vill Liewensmëttel musse no dem ofgelafene Mindesthaltbarkeitsdatum aus de Rayonen aussortéiert ginn, well se net méi däerfe verkaaft ginn. Béchsen, Uebst, Geméis … theoreetesch misst een domat dann d’Poubelle fidderen, obwuel déi duerchaus nach kéinte verschafft ginn an domat vill bedierfteg Mënschen sat maache géifen.

Gëtt et d’Tafel och zu Lëtzebuerg?

Nee, héi hu mir den Cent Buttek! Deen éischte Verdeelungszentrum huet Enn 2009 seng Dieren opgemaach. 5 Joer méi spéit gouf d’Associatioun als Organisatioun vun ëffentlechem Notzen unerkannt. Dës besteet aus 200 Fräiwëllegen, déi sech all Dag drëm këmmeren, Liewensmëttel ze sammelen, déi ofgelaf an awer nach iessbar sinn. Dës Liewensmëttel gi vu Supermarchéen, Bäcker a klenge Commercen gratis zur Verfügung gestallt. Eng Win-Win-Win – Situatioun. De Commerce muss sech net ëm d’Entsuergung këmmeren, den Cent Buttek ASBL erfëllt domat hir Ziler an deene Leit, déi sech eppes kënne siche kommen, ass och domat gehollef!

D’Liewensmëttelverschwendung gëtt domat definitiv reduzéiert a Leit mat ageschränkte finanzielle Mëttel gëtt gehollef. Et geet hei ëm Respekt, Würd an och dorëm, d’Leit a Richtung spezialiséiert Servicer vun den Office sociaux ze orientéieren an domat hier sozial Inklusioun ze promovéieren, ouni se ofzestempelen.

Haut, zielt den Cent Buttek ASBL dräi Verdeelungszentren zu hirer Associatioun. Een zu Beetebuerg, een zu Beggen an een zu Péiteng. D’Benevollen hu vu moies bis owes e volle Programm: Als éischt gëtt mam Killwon den Tour gemaach a bei all Partner stallgehalen. Do gëtt d’Iessen, wat zur Verfügung gestallt gouf, mol sortéiert. Wat kann ee weider verwenden, wéi kann een et weider verwenden? Natierlech ginn d’Liewensmëttel dann och schéi propper gesënnert a gelagert. Schlussendlech geet et dann un d’Weiderverdeelung un d’Verdeelungszentren an un d’Familljen, déi duerch de Service vum Office sociale vun de concernéierte Gemengen ausgewielt goufen. Zwee Mol an der Woch, ginn d’Dieren opgemaach fir de Leit d’Méiglechkeet ze ginn, sech déi Wuere sichen ze kommen, déi gebraucht ginn. Ganz gratis ass dat dann awer och net. Fir symbolescher 2 Euro, also 200 Cent, kënne si sech am Buttek zerwéiere kommen. Dohier och den Numm Den Cent Buttek ASBL. Liewensmëttel, déi och hei net ofgeholl ginn, ginn dann un Foyeren weiderverdeelt.

550 Tonnen qualitativ gudde Liewensmëttel ginn ongeféier pro Joer zu Gonschten vun hirer Klientel gesammelt a verdeelt. Wann ee bedenkt, dass dës 550 Tonnen anerwäerts an der Poubelle gelant wieren, wärend de Bedarf u Liewensmëttel do ass, da kann ee bal behaapten, datt och d’Ëmwelt dovu profitéiert! Dat ganzt gëtt vun der FEAD (Fund for European Aid to the Most Deprived), enger Hëllefsorganisatioun fir mëttellos Mënsche vun der europäescher Kommissioun, ënnerstëtzt. Finanziell Ënnerstëtzung bidde virun allem och déi zoustänneg Gemengen, privat Donen a verschidden Associatiounen andeems si hëllefen, déi gängeg Depensen esou wéi d’Erhalung vun den Infrastrukturen an dem Ekipementer ze garantéieren.

Den Cent Buttek kann entweeder finanziell oder physesch ënnerstëtzt ginn. Si sinn ëmmer op der Sich no Benevollen, déi sech hinnen an hirer Missioun uschléisse wëllen. An och wann ee keng Zäit huet, sech aktiv ze bedeelegen, et ka schonn eng grouss Hëllef sinn, sech bewosst ze ginn, datt 1,3 Milliarden Tonne Liewensmëttel, also een Drëttel vun der Gesamtproduktioun einfach ewechgeheit ginn, wärend 20% vun der Weltpopulatioun Honger leide mussen.


Dofir denkt drun – Léiwer verwenden ewéi verschwenden!

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.