Lëtz make movies

Interview mam Lëtzebuerger Realisateur Andy Bausch

Wie Lëtzebuerger Film seet, dee kënnt net dolaanscht, och Andy Bausch ze soen, well keen huet déi heemesch Filmzeen esou gepräägt, wéi de Realisateur aus dem Minett. Schonn als Teenager huet de jonken Diddelenger seng Léift fir alles entdeckt, wat a Bild an Toun ka festgehale ginn an esou ass aus enger Lycéespassioun schnell eng Karriär ginn, déi wäit iwwer d’Grenze vu Lëtzebuerg erausgeet. Ganz per du verréit de Filmemaacher am Interview, wat fir hien déi gréissten Etappen a sengem Liewe waren a firwat de selwerernannte Cinephil haut am léifsten doheem seng Kinosmomenter verbréngt.

Wéi ass dat mat der Filmléift bei dir lassgaangen?

Meng Leidenschaft war schonn ëmmer d’Musek an ech wollt och eigentlech Museker ginn, mee mäi Papp ass wuel schold drun, dass doraus näischt ginn ass, well hien deemools dat gemaach huet, wat ech haut och maachen: Menge Kanner hiert Liewe filmen a flott verschaffen. Mäi Papp hat ëmmer Kameraen an huet an de 60er, wéi mir nach kleng waren, op Super 8 gefilmt. Als Jugendlechen hunn ech du vill Fotoe gemaach, virun allem op Concerten. Mat 16 oder 17 hat ech dunn en Deal mam Wort, wou ech Berichter iwwer Festivallen an Däitschland geschriwwen hunn an dofir konnt Backstage goen. Do hunn ech zwee, dräi Mol mengem Papp seng Kamera matgeholl a gefilmt, an dat ass am Fong, wéi et lassgaangen ass.

Kanns de dech nach un deng éischt Filmopnamen erënneren?

Meng éischt Biller hunn ech 1976 um Sunrise-Festival zu Offenburg gedréit, wou ënner anerem de Bob Marley an Aerosmith gespillt hunn. Ech hunn an der Zäit och vill d’Scorpions gefilmt a war deemools ëfters mat hinnen ënnerwee. Dat war fir mech dee richtegen Declic. Vun do un hunn ech ugefaangen, am Lycée Nic Biever Sketcher mat menge Schoulkomeroden ze dréinen. Mir krute relativ schnell immens vill Opmierksamkeet, well deemools nach kee Filmer gemaach huet. Eist Virbild war ëmmer Monty Python, mee d’Resultat huet éischter un déi däitsch Comedy-Sendung Klimbim erënnert. Mat 19 hunn ech du mäin éischte klenge Kuerzfilm a Schwaarzwäiss gedréit. Do ass et ëm Droge gaangen an deen huet an der Lëtzebuerger Amateursfilmzeen fir zimmlech vill Furri gesuergt. Ech hunn direkt den 1. Präis am Nationalconcours gewonnen a krut dräi Säiten am Télécran. Ech gouf deemools schonn immens iwwermediatiséiert, einfach well ech deen Éischte war, deen dat hei am Land gemaach huet.

Wéi bass de da vun do aus op richtegt Filmemaache komm?

Mir haten zu e puer eng Gruppéierung, déi huet sech Nasty Arts genannt a mat der hunn ech mäin éischte Long métrage gefilmt, dat war och deen eenzege Lëtzebuerger long-métrage op Super 8: When The Music’s Over huet dee geheescht, e war un e Stéck vu The Doors ugeleent. D’Haaptroll huet en Typ gespillt, deen deemools relativ gutt ausgesinn huet an och Talent hat, dat war mäi Frënd de Paul Thiltges, deen haut mäi Produzent ass. Deen éischte wichtegen Aschnëtt a mengem Liewe koum awer dunn zu Diddeleng am Béierbuttek. Ech hat do mäin éischt Appartement an iwwer mir huet den Thierry van Werveke gewunnt. Mir sinn eis ni kloer driwwer ginn, wien da lo wien ugeschwat huet, mee fir mech war direkt kloer: Déi do Schnëss wëlls de an denge Filmer hunn. Vun do u koumen d’Thierry-Kuerzfilm-Joren a meng Theemen hunn ugefaang, méi seriö ze ginn.

Beim Thema Thierry denkt ee jo direkt un den „Troublemaker“, wéi ass dësen entstanen?

Dat Ganzt ass u sech ugaangen op der Première vu mengem Film Gwynchilla, Legend of Dark Ages, wou ech den däitsche Kameramann Klaus Peter Weber kenne geléiert hunn. Him verdanken ech et, dass am Summer ’86 e Koup Techniker aus dem Saarland an e puer Diddelenger un engem Dësch souzen an iwwerluet hunn, wat se mat dem Projet Troublemaker maache sollten. Mir haten deemools net immens vill Suen zesummegedriwwen an e Koup Scholde gemaach, esou dass mir eis Rushen – also d’Réimaterial vum Film – mol net aus dem Labo rauskritt fir ze gesinn, wat mir do iwwerhaapt gedréit haten. Dofir hu mir misse mam Dréi ophalen an eisen Dekorateur, den Armand Strainchamps, an ech hunn eng Boîte gegrënnt, mat där mir Pubbe fir d’IP gedréit hunn. De Klaus huet iergendwann dem Chefredakter vum Saarländischer Rundfunk eis Aarbecht gewisen an dee war esou begeeschtert, dass e mat eis en Deal gemaach an eis den zweeten Deel vum Tournage finanzéiert huet. Esou konnte mir ee Joer drop dunn endlech weiderfilmen.

Dat war awer net ëmmer esou einfach, oder?

Den Tournage war duerch den Thierry an den däitschen Acteur Ender Frings immens ustrengend a chaotesch. Eisen Alldag um Set huet esou ausgesinn, dass mir alles preparéiert hunn an da kee wousst, wou déi zwee dru waren. Meng Assistentin hat deemools den Optrag kritt, ëmmer ze kucken, a wéi engem Café si hänke bliwwe sinn an eis dat per Walkie-Talkie matzedeelen, mee den Thierry an den Ender hunn hir deen dunn ofgeholl an am Frigo verstoppt. Doduerch ass och de Schluss vum Film ganz anescht gi wéi geplangt. Mir haten iergendwann de Kéis mat hinnen an hunn an Amerika ouni si fäerdeggedréit.

Déi lescht Joren hues du jo relativ vill Documentairë gemaach, wéi ass et dozou komm?

No Club des Chômeurs hunn ech meng eege Boîte mam Numm Rattlesnake Pictures gegrënnt an ugefaangen, Documentairen ze dréien. Déi éischt Doku mat richtegem Budget war L’homme au cigare iwwer de Fred Junck, fréieren Direkter vun der Cinemathèque. Dee Film war immens wichteg, well e mir Courage ginn huet an ech gemierkt hunn, dass ech kéint Leit interviewen an eppes aus hinnen erauskëddelen. Insgesamt hunn ech zanterhier 16 Documentairë gedréit.

Wat sinn da fir dech déi Filmer, op déi s de am meeschte stolz bass?

Ech hunn den A Wopbopaloobop A Lopbamboom immens gär an de Leslie Kent an natierlech den inThierryview, well en esou perséinlech ass. Houfereg sinn ech awer virun allem iwwer de Fait, datt ech den Troublemaker gemaach hunn, deen alles declenchéiert huet a vun deem d’Leit soen, datt et de Kultfilm vu Lëtzebuerg ass, zéng Joer drop de Club des Chômeurs, dee laang Zäit de meeschtgekuckte Lëtzebuerger Film war an zwielef Joer drop dunn de Rusty Boys, deen nees en immense Succès hat an deen éischte Lëtzebuerger Film war, deen eng richteg Distributioun an Däitschland hat.

Gëtt et dann och Filmer, déi s de nach gär géifs maachen?

Et ginn dräi Projeten, aus deene leider ni eppes ginn ass, mee déi ech immens gär realiséiert hätt. Dat ass eemol den El Loco, e Film iwwer en Drive-in-Kinosbesëtzer un engem Indianerreservat an New Mexico, dann e Projet dee ’97 mat Studio Hamburg zesumme sollt produzéiert gi mam Titel Johnny Perfume, dat war eng Privatdetektiv-Geschicht als Komedie, déi ech wollt mat Referenzen op de Film noir maachen, an als leschten – an dat ass fir mech dee schéinsten – de Kiss Them Boys Goodbye, deen am Wanter 1943 spillt, wéi d’Amerikaner hei waren an deen ëm eng Libesgeschicht tëschent engem Lëtzebuerger Meedchen an engem schwaarzen G.I. geet. Dat war u sech als Fiktionaliséierung vu mengem Documentaire Schockela, Knätschgummi a brong Puppelcher geduecht, mee mir hu keng Suen dofir krut.

Bass du selwer eigentlech e Kinosgänger?

Ech sinn als Jonke vill an d’Cinemathèque gaangen an hunn um FR3 nuechtelaang de Cinéma de minuit gekuckt a mäin halleft Liewen domat verbruet, Videokassetten, Laserdisken an DVDen ze sammelen. Ech si schonn e Cinephil, jo, mee mëttlerweil ginn ech nëmmen nach wéineg an de Kino, well ech déi Flughafekinoen net gär hunn. An den 80er an 90er sinn ech véier bis siwe Mol d’Woch e Film kucke gaangen, mee am Alter huet dat u Wichtegkeet verluer. Wat awer net heescht, datt ech manner Filmer kucken. Mëttlerweil sinn ech och süchteg no Serien. Ech maache säit de 70er all Joer eng Lëscht mat den 20 beschte Filmer an déi ass mëttlerweil zimmlech serielasteg.

Wat sinn dann do deng Favourites?

Fargo ass mat déi flottst fir mech, Sopranos fannen ech genial, Sons of Anarchy, Mad Men, Deadwoord. An ech muss gestoen, datt ech trotz den Diskussiounen a Kontroversen ëm déi lescht Staffel e risegen Game of Thrones-Fan sinn.

An deng All-time-Liblingsfilmer?

Raging Bull vum Scorsese fannen ech immens gutt an da gëtt et zwee Realisateuren, déi zwar grondverschidde sinn, mee wou ech absolut Fan sinn. Dat ass den Tarantino an den Aki Kaurismäki, e finnesche Realisateur, deen éischter minimalistesch Filmer mécht mat wéineg Dialog. Als Museklibhaber gefale mir natierlech och den High Fidelity an den Almost Famous. Bei deem kréien ech Héngerhaut, en ass immens gutt gemaach an do fannen ech mech selwer dran erëm.

Wéi hues du dech da perséinlech iwwer d’Joren entwéckelt?

Den Andy Bausch ass mëttlerweil en totale Familljemënsch ginn. Wann ee mech freet, wat ech déi lescht Wochen a Méint gefilmt hunn, da sinn dat d’Liichtathletik an d’Crosse vu menge Kanner. Ech lafe reegelméisseg mat dräi Kameraen duerch de Bësch, deslescht hunn ech de Start vu mengem Bouf sengem Cross a 4k gefilmt an doheem an eng extreem Zäitlupp gesat an am Hannergrond hat ech de Soundtrack vu The Revenant lafen, en Titel mat Sträicher. Bingo! Dat war schonn e mega Highlight fir mech an och dat ass de Filmemaacher Andy Bausch, mee dee kritt just meng Famill ze gesinn.

En Interview vum Laura Tomassini

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.