Ganz ouni Pomp presentéiert sech den 9. Dezember 1939 d‘Revue dem Lëtzebuerger Lieser, op der éischter Säit eng schwaarz-wäiss Foto vum Prënz Felix a sengem Bouf Jean ewéi se uechter d‘Stroosse vun New York spadséieren.
Eng weider Wochenzeitung mat politeschen Theemen, huet deemools wuel esou munchereen sech geduecht. Wäit dernieft, well „Mir hu keng he’ch Prätentiounen. Mir wéllen Iech eng letzeburgesch Sâch bréngen, Hausmâcherkascht fir de Familliendösch; national an o’hni d’Politik“, huet et deemools vum Editeur geheescht. Datt grad déi zwee Prënzen op der éischter Säit am Fokus stoungen, hat och manner eppes mat Politik ze dinn, mee sollt e Bezuch zur Weltausstellung zu New York an de Joren 1939 an 1940 sinn, a gläichzäiteg den 100. Gebuertsdag vun der Onofhängegkeet vu Lëtzebuerg representéieren.
Eng Ekipp vun 10 Mann ënner der Leedung vum Pierre Kellner huet de Magasinn an der Zäit produzéiert, de François Bourg huet sech ëm den Drock gekëmmert. D‘Geschicht vum Traditiounsbetrib, der Dréckerei Bourg-Bourger, sollt dann och iwwer eng Rei vu Jore ganz enk mat där vun der Revue verbonne bleiwen. D‘Revue, ewéi se spéiderhi sollt heeschen, gouf zum Aushängeschëld vun der Dréckerei a war iwwer Joerzéngten de Beweis no bausse fir déi technesch Innovatiounen a Moderniséierunge vum Betrib.
19 Nummeren an deels grénger, deels mofer Faarf sinn deemools entstan. D‘Nummer 19, déi den 11. Mee 1940, een Dag no der däitscher Besatzung, sollt erauskommen, sollt et ni bis bei d‘Leit packen. Den 1. Juli 1940 huet nach d’Nummer 20 d’Luucht vun der Welt erbléckst, an derno sollt et fir eng laang Zäit roueg gi ronderëm déi nach jonk Wochenzeitung.
1945 war et den Zeechner a Glasmoler Emile Probst, inspiréiert vum amerikaneschen Time Magazine, deen d‘Virkrichsblietchen ënner dem Numm Revue erëm opliewe gelooss huet. De Grënner selwer huet deemools och de Muskelprotz gezeechent, dee spéiderhin de Cover vun där éischter Nummer sollt schmécken.
No der Befreiung war d‘Nofro no neien, nationale, Publikatioune grouss. Bei Bourg-Bourger sinn zu där Zäit, niewent der Revue, och d‘Dageszeitung L‘Union an d‘Wochenzeitung Ons Jongen duerch d‘Dréckerpress gelaf. Dësen Honger vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung sollt awer erëm schnell noloossen, an d‘Revue ass an déi éischt Kris vun hirer 75-järeger Geschicht gerëtscht. Um Déifpunkt vu just nach knapps 2 000 Exemplairen an der Woch huet de Grënner Emile Probst „seng“ Revue den 1. Abrëll 1946 u säin Drécker verkaf, dee schonn 1948 déi nächst Kris huet misse meeschteren. D’Verkafszuele sinn dunn alt nees eng Kéier no ënne gaang, dës Kéier loung de Problem awer éischter bei den Diffuseuren. Bannent zwee Méint huet de Verlag en eegent Netz aus lokale Vertrieder opgebaut, an huet fläisseg d‘Privatstéit uechter d‘Land beliwwert.
Schonn zu där Zäit waren d’Leit, déi hanner der Revue stoungen, innovativ: Et huet sech gelount, d‘Revue ze abonéieren, well et krut ee vill méi ewéi nëmmen all Woch eng Zeitung. Zesumme mam Abonnement krut een eng gratis Doudes- an Accidenteversécherung esouwéi all Mount eng Lotterie, déi sech Gléckspolice genannt huet.
2020 huet d‘Revue Gebuertsdag gefeiert. Iwwer 75 Joer huet si elo um Bockel a si huet an engem Dräivéierelsjoerhonnert eng Hellewull vun Héichten an Déiften erlieft; si huet sech am Takt vun de Joerzéngte verännert an ass trotz allem hirer Linn an der Iddi vun de Grënner iwwer déi ganz Joren trei bliwwen.
„Gepräägt gouf d‘Revue vun der Zäit, an där se entstanen ass, awer virun allem vun de Mënschen, déi se produzéiert hunn“, schreift den haitege Chefredakter Stefan Kunzmann am Editorial vun der Spezialausgab, déi ënner dem Titel „75 Joer revue, ein Rücklick“ erauskomm ass.
Datt d‘Revue och haut nach ëmmer de Klischee mat sech ronderëmschleeft, e Familljemagasinn ze sinn, dat gréisstendeels Artikelen iwwer d‘groussherzoglech Famill publizéiert, wat e Schwéierpunkt war, deen d‘Revue an de 60er-Joren hat, gefält him dann awer net esou gutt. „Ech ginn am Gespréich mat Leit reegelméisseg op dëse Klischee ugeschwat!“, erzielt de Stefan Kunzmann. Dat wëllt hien awer esou net stoe loossen: „D‘Revue ass haut eppes ganz aneres. Mir sinn haut breet opgestallt a bidden un sech eppes fir all Alter.“
Schwéier deet sech d’Revue allerdéngs domat, déi jonk Generatiounen ze erreechen, fir déi sech dat meescht am Internet ofspillt, dacks an enger App. „An deem Beräich hu mir tatsächlech e wéineg eppes opzehuelen“, gëtt de Stefan Kunzmann zou, an ass awer ganz optimistesch, datt och an deem Beräich seng awer zimmlech kleng Ekipp eppes op d‘Been gestallt kritt, wat op d’mannst esou innovativ ass ewéi deemools d‘Gléckspolice.
Trotz allen Héichten an Déiften, déi d‘Revue („Mir sinn e wéineg ewéi e Roude Wäin, et gëtt gutt Joergäng, et gëtt manner Gudder”, esou de Stefan Kunzmann) an deene 75 Joer duerchlieft huet, huet si awer ëmmer erëm d‘Lieser beandrockt a beaflosst an och esou muncher Iddi ass an de Lokaler vun der Revue entstanen. Schonn a jonke Joren huet e Grappvoll Humor d’Zäitschrëft a Form vun ënnerschiddleche Bande-dessinéeë begleet. Waren et am Ufank nach „De Bim an de Jopi“ aus der Fieder vum Pe‘l Schlechter a spéider dem Gab Weis säi Scout „Mil“, eng Lëtzebuerger Versioun vum Tintin, war et 1987 dann d‘Iddi vum engem Nationalheld, déi an der Revue entstoung. De Roger Leiner an de Lucien Czuga hunn deemools, ënner dem Impuls vun der Revue-Ekipp, de „Superjhemp“ erschaf, de kachkéis-maufelende Lëtzebuerger Superheld mat Flucheegenschaften, deen iwwer bal 20 Joer d‘Luxusbuerger virun allem Béise geschützt huet, an dat am Ufank all Woch exklusiv an der Revue.
75 Joer, an et géif nach esou munches ze erziele ginn, vun Anekdoten iwwer kleng Mësselen a wonnerbar Momenter. E puer vun dëse Geschichten an e flotten Abléck an d‘Geschicht vun der Revue hunn de Stefan Kunzmann a seng Ekipp an enger Spezialausgab verpak: 75 Joer Revue, ein Rückblick.
Prost Revue, op weider 75 Joer mat Héichten an Déiften, innovativen Iddien, Humor a Reportagen, déi sech esou munchereen net an engem Familljemagasinn erwaarde géif!
En Artikel vum Marc Wilgé