Buschtawenzopp

Buschtawenzopp mécht besonnesch Spaass! Zemools wann se mat frëschem Geméis an Héngerbroscht verfeinert gëtt. Esou schmaacht se net nëmme formidabel, mee ass och nach richteg gesond.

Membership Required

You must be a member to access this content.

View Membership Levels

Already a member? Log in here

Du brauchs (fir 4 Persounen)

  • 1 Bott Zoppegeméis
  • 200 Gramm Héngerbroscht
  • 1 Zwiwwel
  • 100 Gramm Buschtawen-Nuddelen
  • 1/2 Bott Péiterséileg
  • 2 Muerten
  • 100 Gramm Ierbesen
  • Salz
  • Peffer
  1. D’Zoppegeméis schielen an zesumme mat der Héngerbroscht ënner dem Krunn ofspullen. D’Héngerbroscht an d’Zoppegeméis mat 2 Liter Waasser an engem Dëppen zum kache bréngen a bei mëttlerer Hëtzt brutschele loossen.
  2. D’Zwiwwele schielen, an zwou Hallschente schneiden an an enger Pan op der Schnattsäit bei staarker Hëtzt ubroden. D’Zwiwwelen an d’Zopp maachen a 15 Minutten bei schwaacher Hëtzt brutschele loossen.
  3. D’Geméis an d’Héngerbroscht aus der Britt eraus huelen. D’Geméis entsuergen. D’Héngerbroscht ofkille loossen an a kleng Wierfele schneiden.
  4. D’Muerten an den Zelleri schielen, a Wierfele schneiden an zesumme mam Héngerfleesch, den Ierbessen an de Nuddelen an d’Zopp maachen. De Péiterséileg wäschen, kleng hacken, an och an d’Zopp dra maachen. Nach eng Kéier opkachen a 5 Minutte brutschele loossen.
  5. Virum zerwéiere mat Salz a Peffer ofschmaachen.


Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.