De Feierkrop

Feierkrop Iwwerschrëft

Esou al gëtt keng Kou

Satir a Schwaarz a Rout. De Jacques Drescher bléckt zeréck op 1000 Ausgabe vun enger Kou, déi schonn zu Liefzäiten dagdeeglech op d’Schluechtbänk gedriwwe gouf an awer ni am Supermarchésregal gelant ass.

Zeechnung: Romain Lenertz

De Jean-Michel Treinen an „Guter Humor ist nie nett“
E Gespréich mam Gréngespoun (26.12.1997)

„Wann een e Puddel huet, an deen een onstierflech verléift ass, dann ass dat seng Saach, an geet de Satiriker näischt un. Wann awer den Ady Jung mat zwee pissende Köteren eng ganz Gemengeverwaltung brooch leet ass dat eng ëffentlech Saach, well de Mann Schäffen zu Esch ass a seng Hënn sech schrecklech ondemokratesch verhalen hunn.“

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

De 14. November 2014 kënnt déi 1000. Ausgab vun der satirescher Wochenzeitung de Feierkrop eraus. U sech war et jo déi 1001. Nummer, well déi éischt Nummer, déi den 8. Oktober 1993 mam Numm Den neie Feierkrop zwee Deeg virun den deemolege Gemengewalen erauskoum, war eng Nullnummer ouni wierklech eng ze sinn, well et sech ëm eng verkaaften a verëffentlecht Ausgab gehandelt huet.

An der éischter Nummer, an där ee bezuelten Annoncë vun DP, déi Gréng, GLEI-GAP an de Caféë Café beim Malou, Café Diva a Café Jhang fonnt huet, mellt sech den deemolegen Den neie Feierkrop mat: „Viviane Muppeschnëss, zurück von den Guadeluppen“. Déi mam verkasematuckelten Numm vun der Escher CSV-Politikerin a spéiderer EU-Commissairin ënnerschriwwe Rubrik gouf et schonn an den 80er-Jore vum viregte Joerhonnert als „Unterhaus-Revue“ am Ländchen, an där mëttlerweil agestallter satirescher Bäilag vum Lëtzebuerger Land, a spéider reegelméisseg op der an der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek vum 16. Mäerz 1984 bis den 23. Juli 1993 verëffentlechter wéchentlecher Satirsäit De Feierkrop. Dobäi huet et sech ëm eng nei Verëffentlechung vum Titel gehandelt, dee schonn an onmëttelbarer Nokrichszäit, an Uleenung un d’Lidd De Feierwôn, tëschent 1948 an 1950 an onreegelméissegen Ofstänn als satiresch Bäilag vun der KPL-Zeitung erausgi gouf.

Méi al ewéi d’Wäschfra

Den neie Feierkrop, deen haut erëm de Feierkrop heescht, gehéiert an der Tëschenzäit zum journalisteschen Establishment, deen hien awer weiderhi mat ganz wéineg Respekt als „Doofpresse“ bezeechnen däerf, well hie jo keng staatlech Pressehëllef kritt. Esou eng Entwécklung ass an enger mëttlerweil 21-järeger Geschicht déi normaalste Saach vun der Welt an eigentlech net ze vermeiden.

Trotz allem bleift de Feierkrop pressekritesch a gëtt säit sengen Ufäng net midd, de Korporatismus vun den etabléierte Medien op d’Schëpp ze huelen.

An aller Bescheidenheet ka festgehale ginn, datt de Feierkrop e Rekord gebrach huet. An där méi ewéi 300-järeger Lëtzebuerger Pressegeschicht ass en déi laangliewegste Satirzeitung an iwwertrëfft esouguer déi éischt satiresch Zeitung D’Wäschfra (1868-1884), déi et ëmmerhin op stolzer 16 Joer bruecht huet.

Domat ass schonn ugedeit, datt de Feierkrop méiglecherweis net éiweg erschénge wäert, mee datt en Experiment gegléckt ass, un deem eng Rëtsch vun de Konkurrenten an den onfräiwëlleg satireschen Dageszeitunge vun Ufank u gezweiwelt hunn. Et géing sech ëm eng Aventure handelen, déi vun Ufank un zum Scheitere verurteelt wär, war 1993 d’Urteel aus engem net genannte Mond. En Experiment ass et schonn eleng, well de Feierkrop vun engem Genossenschaftsverlag verëffentlecht gëtt, deen dem Auteur an de Karikaturiste gehéiert, déi e produzéieren. Dat garantéiert op d’mannst e gewëssent Mooss un Onofhängegkeet bannent de Grenze vun deem wat erlaabt ass. Wéinst engem Grappvoll Geriichtsaffären, an deenen et gréisstendeels ëm d’Verkasematuckele vun Nimm goung, an déi de Feierkrop gréisstendeels gewonnen huet, ass mëttlerweil hei am Ländche fir eng wiederfest Jurisprudenz a Saache Satir gesuergt.

Kucke mir emol wat d’Experte soen: „Binnen kurzer Zeit sollte sie [die Satirezeitung Den neie Feierkrop – d. Verf.] sich mit einer Mischung aus Klatsch, politischer Satire und Enthüllungsjournalismus in Text und Karikaturen als eine der erfolgreichsten Presseneugründungen der letzten Jahrzehnte erweisen.“ 1

„Nicht in der geistigen Nachfolge eines Arlequin, Gukuk, Mitock oder Peckvillchen“

Eng weider Beschreiwung: „Eine kritische Auseinandersetzung mit dem Feierkrop kommt an der Frage nicht vorbei, wie Satire gehandhabt wird. An der Figur des Feierkrop lässt sich eine solche Analyse am ehesten festmachen, da die Textbeiträge zu uneinheitlich in ihrer Ausrichtung sind. Der Zeichner begnügt sich nicht damit, einen entzauberten Blick auf eine unzulängliche Welt zu werfen. An jedem Freitag tritt uns der kleine, boshafte Teufel mit seinem aggressiven Blick entgegen. Mit unverhohlen zur Schau gestellter Schadenfreude gießt er Öl aufs schwelende Feuer. Schamlos, zynisch, rotzfrech und eingestandenermaßen unfair stöbert er mit seinem ekligen Stachel in den Angelegenheiten anderer Leute herum. In diesem Sinne stellt der Feierkrop eine radikale Zäsur in der Geschichte der satirischen Presse in Luxemburg dar. Diese Figur steht nicht in der geistigen Nachfolge eines Arlequin, Gukuk, Mitock oder Peckvillchen. Wer unbedingt eine geistige Verwandtschaft sucht, findet sie eher in der Wäschfra. Diese ordinär, etwas grobe Frau aus dem Vorstadtmilieu, ausgerüstet mit gesundem Menschenverstand, wirft ihren spöttisch-boshaften Blick auf die Welt. Die Art der Identifikation, die der Feierkrop anstrebt, ist nicht die der obengenannten Figuren. Er ist keineswegs der nette Kerl von nebenan.“ 2

Ob dat Kompliment nach ubruecht ass, oder ob de Feierkrop haut eventuell méi Manéieren huet, doriwwer ass een sech net eens an et soll hei och net diskutéiert ginn. Mat Sécherheet huet sech de Feierkrop am Laf vun der Zäit verännert. Hien ass net méi nei, a wat net méi nei ass, schockéiert och net méi esou ewéi am Ufank.

Am beschte mierkt een dat wuel un der Behandlung, déi der Monarchie widderfiert. Wéi de Feierkrop de 4. Juni 2002 exklusiv driwwer bericht huet, wéi d’Groussherzogin sech viru versammelter Mannschaft vun de Chefredaktere vum Haff iwwer hir Schwéiermamm beklot huet, war dat eng Schlagzeil no där een an deenen anere Presseorganer ouni Erfolleg siche konnt.

An den Achtzeger an Ufank der Nonzeger vum leschte Joerhonnert hu sech d’Berichter iwwer de groussherzoglechen Haff op e Grappvoll wuelgefälleg Bäiträg a Wuert a Bild beschränkt. De Feierkrop huet wuel dozou bäigedroen, datt dat haut net méi esou ass, woubäi dat natierlech weeder fir d’Monarchie, op déi hautdesdaags vun alle Säite geklappt gëtt, nach fir d’Satirzeitung gutt ass. Well net nëmmen de Feierkrop, doduerch datt hien net méi als eenzeg Zeitung mat wéineg Respekt ëm den Eck kënnt an domat eng Nisch verluer huet, och d’Zäiten hu sech geännert, a wann een als Satiriker net wëll mat deenen anere Wëllef haulen, muss een den Haff géint all d’Virwërf, déi déi aner Pabeierhändler him zoumudden, scho bal a Schutz huelen. An Zäite vun der Globaliséierung ass den Héichadel am Fong eng subversiv Veranstaltung, déi et awer selbstverständlech verdéngt huet, weiderhi satiresch eeschtgeholl ze ginn.

De Feierkrop war vun Ufank un och eng antiklerikal Zeitung, an awer och kritesch géintiwwer vu professionelle Pafefrësser. Beim Duerchbliedere vun deenen 21 Joergäng vun der Satirzeitung géif ee méiglecherweis feststellen, datt och d’Behandlung vun Theemen, déi mat Relioun a Kierch ze dinn hunn, haut e wéineg manner graff ausfält ewéi nach zu Pionéierzäiten. Mee och dat hätt manner mat engem Sënneswandel vun den déngschtdoende Satiriker ze dinn ewéi mam reelle Verloscht vu Muecht an Afloss vun der Kierch.

D’Bedeitung vu Karikaturen

Ganz banal gesot ass de Feierkrop haut eng Wochenzeitung, déi keng Witzelcher iwwer Eisebunner oder Pecherte mécht, mee beméit ass, déi politesch Aktualitéit op satiresch Aart a Weis ofzedecken an Artikelen ze publizéieren, déi am Rescht vun der Press feelen: „L’orientation politique et surtout idéologique du Den Neie Feierkrop est ouvertement de gauche. Mais l’hebdomadaire est indépendant de tout parti, quel qu’il soit.“ 4

D’Ausgesi vun der Zeitung gëtt vun den Zeechner Romain Lenertz, Guy W. Stoos a Moe Skitafi gepräägt. Hir Karikaturen a Comic-Strippe sinn iwwerméisseg politesch a beschränken sech dacks net op d’Illustréiere vum Zeitungsartikel. Se kënnen oft eegestänneg existéieren. Am Laf vun der Zäit erginn si eng Chronik vun de politeschen Ereegnesser zu Lëtzebuerg.

Ee vun de beléiftste Virwërf un d’Adress vum Feierkrop war ëmmer, datt hien et net kéint mat deene grousse Satirzeitungen à la Le Canard enchaîné ophuelen. Dës Feststellung trëfft selbstverständlech zou, ass awer onéierlech a staamt an der Reegel vu Kulturschafenden oder Rechtsgeléierten déi, genee ewéi déi Kroperten, déi sech um allgemenge Mëttelmoos erfreeën, an der Provënz hänkebliwwe sinn an et ni bis op Paräis gepackt hunn, oder et och nëmme probéiert hunn.

A wat de Canard enchaîné betrëfft, esou däerft dës Beschreiwung hëllefen, eppes derbäizeléieren: „Mais, dans le cas du Canard enchainé, la déformation est accentuée par le point de vue adopté, qui est celui du satiriste. Ce n’est pas l’histoire diplomatique et politique, celle des grands hommes et des pensées de haute élévation, qui apparaît dans le Canard; c’est son envers, sa face cachée et triviale, ses coulisses. (…) On en a fait le reproche à l’hebdomadaire satirique. C’est oublier sa nature et sa raison d’être, qui sont précisément de dénoncer, railler, tourner tout en dérision.“ 5

Vläicht trëfft dat och op de Feierkrop zou.

Jacques Drescher

Dësen Artikel gëtt et och an Däitscher Sprooch:

1. Romain Hilgert. Zeitungen zu Lëtzebuerg 1704-2004, SIP 2004.

2. Marc Thiel am Lëtzebuerger Almanach vum Joerhonnert. Editions Guy Binsfeld 1999.

3. Der Streit im Hause Nassau, Großherzogin von böser Schwiegermutter gemobbt. Den neie Feierkrop Nr. 4/19, 04.06.2002.

4. Jean-Claude Olivier. Den neie Feierkrop – La nouveauté de la presse luxembourgeoise. 1995-1996.

5. Laurent Martin. Le Canard enchaîné ou les Fortunes de la vertu – Histoire d’un journal satirque 1915-2000. Paris, 2001.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.