Marc Hansen

Den Universal-Minister

Minister fir d’Fonction publique, Minister fir d’Bezéiung zum Parlament, delegéierte Minister fir Digitaliséierung an delegéierte Minister fir d‘Verwaltungsreform – wat de Marc Hansen zanter Dezember 2018 ze geréieren huet, passt net an ee Ministère eleng.

Jofferegässel, Boulevard Roosevelt, Avenue de la Liberté – tëschent de verschiddenen Adresse vun de Ministèrë pendelt de Minister hin an hier. „No e puer Joer kritt een dat och besser organiséiert“, esou de Marc Hansen.

Zemools elo, an enger Zäit an där jo villes opgrond vun der sanitärer Kris digital beschwat gëtt.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

E Minister ass en Télétravailleur

„E Minister ass souwisou en Télétravailleur! Mir schaffe vill ënnerwee, mir schaffen am Auto, vill op mobillen Apparater, do muss ee guer net ëmmer physesch beim Büro sëtzen“, erzielt de Marc Hansen.

Datt opgrond vun der Coronapandemie d‘Digitaliséierung elo e gutt Stéck méi séier virugeet, begréisst de Minister Hansen. Als Beispill nennt hien d’Formulairë fir de „Congé pour raisons familiales“ unzefroen: Virun e puer Joren hätt ee fir esou e Formulaire eng ganz Rei Reunioune gemaach, et wär alles bis an de leschten Detail iwwerpréift ginn, da wär de Formulaire nach bis bei den drëtte Supérieur hiérarchique gaang, an eréischt da wär de Formulaire prett gewiescht.

Wéinst der sanitärer Kris huet quasi missen iwwer Nuecht en digitalen Accès do sinn, an et gouf einfach gemaach.

Dës Start-up-Mentalitéit muss hänke bleiwen!

An deem Sënn schafft de Ministère fir d’Fonction publique och un der Ausbildung vun de Staatsbeamten, hei gëtt direkt méi op digital Léisunge gesat.

Natierlech wär de Wee iwwer d’Digitaliséierung och net iwwerall an ëmmer deen eenzegen, mee de Marc Hansen ass zouversiichtlech, datt domat vill Zäit an onnéideg Deplacementer kënne vermeit ginn.

Mat e bësse Recul géif sech weisen, wou d’Limitte vum Digitale sinn, an da muss een adaptéieren.

Am Moment huet een op alle Fall beim CTIE, dem Centre des technologies de l‘information de l’État, all Hänn voll ze dinn, fir de sougenannten eGovernment ze realiséieren. Esou huet de Marc Hansen zum Beispill rezent de „Portail national des enquêtes publiques“ virgestallt, e weidere Schrëtt an der Vereinfachung vun den administrativen Demarchen.

„Do wou nach keng elektronesch Gestioun vun Dokumenter méiglech ass, musse mer da mol fir d’éischt eist Handwierk maachen“, seet de Marc Hansen.

D’Handwierk léieren

„Handwierk” ass e Begrëff, deen dacks am Gespréich mam Minister Hansen fält.

Zum Beispill, wann hien erzielt ewéi hien am Ufank vun den 1990er-Jore beim deemolege Radiosender DNR ugefaangen huet mat schaffen. Deemools war et nach vill méi opwändeg, Radio ze maachen, ewéi haut: Den Toun gouf op Bänner iwwerspillt, déi esou grouss waren ewéi eng Vinylsplack, an dono sinn se op enger Bandmaschinn geschnidde ginn.

De Marc Hansen erënnert sech och, wéi hie fir RTL Télé op déi olympesch Spiller zu Athen war: Do huet een esou vill Material – Kamera, Videokassetten, Stativ, a wat ee soss alles esou gebraucht huet – matgeschleeft. Esou vill, datt d’Mall vum Taxi net méi zougoung.

„Dat war spektakulär – an haut brauch een nach e Laptop fir Toun a Bild ze verschaffen. Heiansdo esouguer just e Smartphone“.

A senger Zäit als Presentateur beim Radio a bei der Tëlee huet de Marc Hansen sech och drop beruff, fir d’éischt emol säin Handwierk ze léieren, an zwar andeem en dra geschafft huet.

Mat där selwechter Astellung huet de Marc Hansen sech ufangs an d’Gemengepolitik ageschafft. Hie war vun 2005 bis 2014 Schäffen an der Gemeng Useldeng, a vun 2011 un och Member vum interkommunale Syndicat Réidener Kanton.

Säit 2008 ass de Marc Hansen an der DP, 2009 gouf hien dunn Attaché parlementaire. Vun 2011 bis 2014 huet de fréiere Presentateur awer nach eng weider Statioun an der Pressewelt gemaach: Hie war Direkter vun den Éditions Lëtzebuerger Journal.

2013 ass de Marc Hansen Deputéierte ginn, 2014 dunn direkt Staatssekretär am Educatiouns– a Fuerschungsministère, a vun 2015 u fir d’éischt Staatssekretär am Wunnengsbauministère an, no der Demissioun vun der deemoleger Ministesch Maggy Nagel, Wunnengsbauminister, an e bësse méi spéit och delegéierte Minister fir Héichschoul a Fuerschung.

No de Wale vun 2018 huet de Marc Hansen dann de Ministère fir d’Fonction publique an dee fir d’Bezéiung zum Parlament iwwerholl, an hien ass delegéierte Minister fir Digitaliséierung an delegéierte Minister fir d’Verwaltungsreform.

„Wann ee mir deemools gesot hätt, dat doten ass eng Kéier däi Wee – dat hätt ech ni geduecht –, seet de Marc Hansen am Réckbléck op seng Karriär vum Presentateur um Radio bis haut a betount, datt hie keng vu senge Statioune wéilt mëssen.

En typeschen Alldag gëtt et fir de Minister net: D’Deeg fänke moies fréi un an dauere bis an de spéiden Owend. Och well bei déi reng Aarbecht vum Minister nach ëffentlech a politesch Aarbecht dobäi kënnt.

Fräizäit gëtt et kaum, an de Fussball an der Härenekipp huet de Marc Hansen un den Nol gehaangen, well et kaum machbar ass, all Méindeg Owend um 7 Auer prett fir den Training ze sinn.

Wat seng Vue op d’Presselandschaft zu Lëtzebuerg ugeet, a well hie selwer laang an de Medie geschafft huet, ass de Marc Hansen ganz virsiichteg mat Aussoen iwwer d‘Press.

Op d’Fro, ob et schwiereg war, vun dem deen d’Froe stellt op deen, dee se muss beäntweren, ëmzeswitchen, seet de Minister Hansen: „Et schuet näischt, wann een och déi aner Säit vum Comptoir gesinn huet“.


En Artikel vum Nathalie Bender

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.