Et ass kee Schoulfräi

Et war den 12. Mäerz 2020 – en Donneschdegowend – wéi de Premierminister Xavier Bettel annoncéiert huet, datt d’Schoulen, d’Crèchen an d’Maison-relaisen am ganze Land fir op d’mannst zwou Woche géifen zougoen. Och op der Uni goufe keng Coursë méi gehalen.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Nach virun dëser Annonce huet de Premier d’Pressekonferenz mat engem Saz ugefaangen, vun deem mir wuel haut eréischt d’Ausmooss verstinn:

„An den nächsten Deeg a Wochen ännert sech den Alldag an eisem Land a mir mussen eis upassen.“

Den Dag drop, also freides, den 13. Mäerz, war nach een Dag regulär Schoul. Vill Zäit fir den Homeschooling virzebereede war fir d’Léierpersonal net. Niewebäi waren nach Kanner a Jonker ze encadréieren an d’Froe vun den Elteren ze beäntweren. Sécherlech keng einfach Situatioun, déi awer vum Gros vum Schoulpersonal mat vill Motivatioun geléist gouf.

De Premierminister hat jo kloer gesot:

„Et ass wichteg, dobäi ze ënnersträichen: Et ass kee Schoulfräi an d’Schüler sinn och net a Quarantän. Et wäert an deenen nächsten zwou Wochen och en Apprentissage stattfannen duerch Hausaufgaben a Kontakt tëschent dem Enseignant an och de Schüler, iwwer E-Mail.“

Virun allem déi sougenannten iPad-Klassen haten eng einfach Ëmstellung. Esouguer de Konschtunterrecht konnt um Tablet gemaacht ginn: einfach dat virtuellt Bild un d’Konschtproffe schécken, fäerdeg! Vun engem Dag op deen anere war den Unterrecht komplett digital, fir déi Jonk am Lycée (och bekannt als „digital natives“) en Dram, deen an Erfëllung gaangen ass. Dobäi koum, datt ee moies net esou fréi huet missen opstoen. Déi Jonk hunn sech oppen an upassungsfäeg gewisen. An enger ongewësser Situatioun ass léisungsorientéiert geschafft ginn.

Problemer an oppe Froe goufen a ginn et allerdéngs an der Primärschoul. Déi mannste Kanner kënnen am Grondschoulalter eegestänneg léieren. Och mat den digitale Medie brauchen si nach Hëllef. Dacks huet een héieren, datt Léierinnen a Schoulmeeschteren hire Schüler d’Aufgabeblieder heembruecht hunn. D’Eltere sollten dës dann entweeder analog oder agescannt zeréckschécken. Et ass fir d’Schoulpersonal schwéier, d’Kanner am Homeschooling direkt ze kontaktéieren. D’Bildung leeft also iwwer d’Elteren, déi net all am Congé pour raisons familiales sinn, mee och dacks vun doheem aus musse schaffen. Eng duebel Belaaschtung, déi zum Alldag ginn ass.

Déi éischt Woche vum Homeschooling waren awer trotz alle Schwieregkeete gezeechent vu vill Motivatioun, ville Froen an awer virun allem dem Gefill, datt een et schonn irgendwéi zesumme géif hikréien. D’Eltere mat den Enseignanten, d’Kanner mat den Elteren an d’Enseignantë mat de Kanner.

An du koum d’Ouschtervakanz. Duerchootmen! Den Educatiounsminister Claude Meisch hat betount, datt d’Vakanz soll genotzt gi fir sech ze erhuelen, an datt et an dëse Woche keng Hausaufgabe sollt ginn. Den 2. Abrëll gouf et dann awer och d’Confirmatioun vun deem, wat ee scho méi laang huet komme gesinn: D’Schoule sinn och no der Vakanz zoubliwwen, den Homeschooling goung weider bis den 3. Mee.

Hallo, bass du nach do?

Lues a lues goufe Stëmme méi haart, datt verschidde Schüler a Schülerinnen net géifen nokommen an an de Videokonferenzen net present wieren. An der Klass kritt een e Kand nach motivéiert, matzeschaffen, ma duerch de Bildschierm ass dat méi schwéier. Ausserdeem kënnen sech déi Kanner, déi souwisou scho Schwieregkeeten hunn, hanner dem Bildschierm besser verstoppen.


Wärend d’Neiinfektiounen erofgaange sinn, gouf et also ëmmer méi kloer, datt déi jonk Generatioun esou séier wéi méiglech erëm an d’Schoul géif gehéieren. Datt een „eng gréisstméiglech Normalitéit“ wéilt zeréckginn, huet de Claude Meisch an dësem Pandemie-Joer jo e puer mol gesot.


Ma et huet dann awer bis Enn Mee gedauert, bis jiddereen erëm konnt zeréck hanner seng Schoulbänk goen. Déi éischt Rentrée matzen am Schouljoer gouf et fir déi Jonk op den Ofschlossklassen, ufangs Mee. Dat dann och mat Mask an Ofspär-Bänner, fir datt sech d’Schüler an d’Schülerinnen tëschent de Klasse méiglechst wéineg sollte kräizen. Déi Lescht, déi sech op de Schoulwee hunn däerfe maachen, waren d’Kanner aus dem Fondamental. De 25. Mee 2020 war et fir si esou wäit, nodeems si zwee an en hallwe Mount net méi an hirem Klassesall waren.

Neit Schouljoer, nämmlecht Froen a Problemer

E speziellt Schouljoer war 2020 allemol, ma an der Summervakanz war erëm Zäit, fir sech ze erblosen a fir sech eng Strategie fir dat neit Schouljoer ze ginn. Ma genee dat wier awer net gemaacht ginn, esou d’Stëmme vu verschiddenen Enseignantsgewerkschaften. Am September ass d’Schoul nees opgaange mat engem Stufeplang, deen op den éischte Bléck net ganz einfach geschéngt huet. Doduerch sollt awer verhënnert ginn, datt direkt ganz Klassen a Quarantän géife geschéckt ginn, wann et en eenzele Fall vu Covid-19 sollt ginn. Wéi dunn awer op eemol rieds war vu „partieller“ Quarantän, also datt esouwuel Enseignanten wéi och Schüler zwar an d’Schoul dierften, mee fir de Rescht vum Dag sollten doheem bleiwen, war d’Kritik grouss. Eng Situatioun, déi bei deene Betraffene fir Onverständnes gesuergt huet. Séier gouf déi Deel-Quarantän doropshin opgehuewen.

An der Pandemie léieren eeben net nëmmen d’Kanner an der Schoul eppes bäi, ma och d’Politikerinnen a Politiker vun Dag zu Dag. Dem Educatiounsminister Meisch säi Credo „An der Schoul stécht ee sech net un“ gouf esou dacks kommentéiert a kritiséiert wéi warscheinlech keng aner Ausso am Corona-Joer. Verständlech, datt sech esou muench Eltere gefrot hunn, ob et wierklech de richtege Wee wier, datt hir Kanner erëm sollen an de Presenzunterrecht goen. Op dëser Plaz muss een awer och soen, datt déi scho pauschal Ausso vum Minister och nach méi pauschal opgefaasst gouf. Wat u sech sollt heeschen, datt et an der Schoul vill Mesurë ginn, fir d’Verbreedung vum Virus méiglechst ze verhënneren, gouf erofgebrach op „An der Schoul stécht ee sech net un“. Ma den internen Tracing géif awer weisen, datt de Virus an deene meeschte Fäll vu baussen an d’Schoul eragedroe gëtt. Datt den Tracing awer net ëmmer kloer festleeë kann, wou eng Persoun sech ugestach huet, gouf vun offizieller Säit net weider beuecht.

Limitten erreecht

Schwiereg gouf et da besonnesch, wéi d’Infektiounen erëm geklomme sinn. Am Hierscht an am fréie Wanter hu vill Schoulen iwwer verstäerkt Ausfäll beim Personal geklot, ganz Klassen hu missen a Quarantän. Virun der Chrëschtvakanz huet den Educatiounsminister ugekënnegt, datt déi éischt Woch am Januar erëm Schoul doheem ugesot wier.

„Bei 800 Neiinfektioune bei Schüler an Enseignantë pro Woch ass dat schwéier ze organiséieren an ëmzesetzen. A mir hunn et net ëmmer zu eiser eegener Zefriddenheet hikritt.“

Esou de Claude Meisch den 22. Dezember 2020 op enger Pressekonferenz, déi, wéi et mëttlerweil üblech ass, live konnt suivéiert ginn. Gemengt huet de Minister, datt den Tracing an d’Erstelle vun Ordonnancë fir PCR-Tester bei der deemoleger Explosioun vun Infektiounen net méi konnt geréiert ginn. Duerch déi vill Absencë wier et och de Kanner an deene Jonken net méi zouzemudde gewiecht, an d’Schoul ze goen. Den Alldag wier net méi ze organiséiere gewiecht an de Programm wier och ze kuerz komm.

D’Joer 2021 huet also onspektakulär ugefaangen, an och mat enger neier Zuel hanne léisst de Virus sech eeben och net ewechblosen. Esou gouf also iwwerall nees de Laptop an den Tablet ausgepaakt, de Procedere ass bekannt. Ma eng Woch drop koum dunn awer déi grouss Iwwerraschung, nodeems sech d’Familljen dach esou gutt agestallt haten: D’Schoule sinn no enger Woch Homeschooling erëm opgaangen.

Effektiv waren d’Zuelen och ufangs Januar an der Baisse, ma dat sollt awer net laang esou bleiwen. Déi brittesch Variant huet sech breetgemaacht an nëmmen ee Mount drop koum d’Ukënnegung, datt nees eng Woch doheem geléiert géif ginn. Fir de Secondaire huet an der Woch vum 8. Februar 2021 souwisou d’Fuesvakanz ugefaangen, ma déi Kleng hunn d’Nues awer nach missen doheem an de Bicher halen. Kritik vum Schoulpersonal: No engem Joer Pandemie-Alldag huet de Ministère ugekënnengt, alt nees op engem Donneschdeg, datt vu méindes u kee Presenzunterrecht méi wier. Erëm eng Kéier blouf just een Dag fir alles virzebereeden, niewebäi nach Kanner ze encadréieren an d’Froe vun den Elteren ze beäntweren. Dat koum engem dach iergendwéi bekannt vir?!

Ma nei war awer d’Situatioun an de Schoulen. Et hätt séier misse reagéiert ginn, esou de Minister. Eenzel positiv Fäll hätte sech zu Infektiounsketten entwéckelt. Déi méi ustiechend Varianten hunn dofir gesuergt, datt sech awer méi an de Schoulen ugestach ginn ass. Keng Spuer méi vum Claude Meisch sengem „An de Schoule stécht een sech net un“-Credo.

No der Fuesvakanz gouf et dann erëm eng kleng Rentrée, ma awer e bëssen anescht wéi erwaart. An der Klass huet elo d’Mask och missen ugehale ginn, wann een an senger Bänk souz. Fir d’Kanner „eng Plo, mee awer normal“, wéi e klenge Jong aus dem Cycle 2.2 an engem Interview sot. Dat gesinn seng Komerodinnen a Komeroden och esou, woubäi een sech an dëser Klass net ganz sécher war, ob Homeschooling ouni Mask dann net awer besser wier wéi Schoul mat Mask. Eens waren sech d’Kanner allemol, datt si hir Frënn an d’Léierin doheem dach awer vermësst hunn. Well Bildung jo um Enn net just aus Bicher kënnt.

Richtung Schnelltest

„Déi sanitär Kris soll keng Bildungskris ginn“, sot emol den zoustännege Minister Meisch. A genee dowéinst gouf an engem Joer Pandemie niewent dem Op- an Zoumaache vun der Schoul och virun allem gekuckt, datt d’Schülerinnen an d’Schüler och kënnen an hire Klassesall goen. Mesuren wéi d’Maskeflicht am Klassesall oder de Stufemodell, dee lafend adaptéiert gëtt, solle genee dat erméiglechen, nämlech datt all Kand an der Schoul vun engem Enseignant oder enger Léierin kann ënnerriicht ginn. Den Homeschooling huet et erlaabt, d’Digitaliséierung virunzedreiwen. Mat Plattforme wéi Teams oder der Internetsäit schouldoheem.lu ass vun Ufank u versicht ginn, der jonker Generatioun eng uerdentlech Bildung ze bidden.

Dobäi kommen och nei Méiglechkeeten, déi am Klassesall eng gréisser Sécherheet solle ginn, wéi zum Beispill d’CO2-Moossapparater. Och wann dës ze dacks géife piipsen an de Cours stéieren, wéi et vum Terrain heescht, oder ze sensibel wieren an net richteg géife moossen, ass et eeben nach ëmmer e stännegt Léieren, wéi een am beschte mam Virus ka liewen.

A verschiddene Gemenge goufen och Loftfilteren installéiert. Dës Apparater waren zwar vum Educatiounsministère a vun der Santé fir net noutwendeg erkläert ginn, ma an e puer Klasse fënnt een se awer. Et ginn sech vill Froe gestallt, wat eppes kéint bréngen a wat net, wéi een d’Verbreedung vum Virus do, wou all Dag vill Leit zesummekommen, ka minimiséieren, a wéi ee séier an den Homeschooling ka wiesselen, wann et dann noutwendeg gëtt. Et gëtt wuel net dat eent Patentrezept fir d’Schoule kënnen opzehalen. Ma et ginn awer vill gutt Usätz. An och duerchaus gutt Méiglechkeeten, wann et dann awer mol nees muss Schoul doheem sinn.

Déi warscheinlech gréissten Tournure kéinten elo d’Schnelltester, respektiv d’Selbsttester, liwweren. No der Ouschtervakanz kommen dës an all de Schoulen uechter d’Land an den Asaz. Domat soll méi fréi kënnen detektéiert ginn, wann et positiv Fäll ënner de Schüler oder dem Schoulpersonal ginn. Infektiounskette kéinten esou méi séier duerchbrach ginn. Well d’Resultat, anescht wéi beim PCR-Test, schonn no enger knapper Véierel- bis hallwer Stonn do ass, kéint een dës Antigentester gutt an den Alldag integréieren, besonnesch wann een den Test selwer ka maachen, also kee Gesondheetspersonal dofir noutwendeg ass. Zesumme mat den Hygiènesmesurë kéint een esou eng zousätzlech Sécherheet schafen a verhënneren, datt d’Infektiounen an de Schoulen nees explodéieren, wéi dat am Dezember oder ufangs Februar de Fall war. Perspektiven, fir datt de Schoulalldag ka funktionéieren, gëtt et also duerchaus.

Dës Pandemie huet net nëmmen dem Schoulwiesen, mee eis alleguer, gewisen, datt mir musse flexibel sinn a séier reagéieren. Profitéieren, wann et geet, an zeréckschalten, wann et muss sinn. Virun allem am Schoulsystem, wou kee Kand ass wéi dat anert, ass genee dës Approche wichteg.

Ma déi vill Iddien a Proposen, déi sech am Laf vum leschte Joer entwéckelt hunn, hunn awer och däitlech gemaacht, wéi relevant an onverzichtbar e gudde Schoulsystem mat engagéiertem Personal ass. Wat vläicht virun der Pandemie net gesinn oder fir selbstverständlech gehale gouf, ass duerch eng Noutsituatioun däitlech ginn. An och d’Léierpersonal ass sech dëser Verantwortung bewosst. Well vun uewe kënnen nach esou vill Recommandatiounen a Gesetzer kommen – wien se ëmsetzt, sinn d’Leit um Terrain, déi bei de Kanner a Jonke sinn. An datt den Ament no Weeër gesicht gëtt fir ze verhënneren, datt aus der sanitärer Kris eng Bildungskris gëtt, beweist, datt ëmmerhin versicht gëtt, e gerechte Schoulsystem bäizebehalen.

En Artikel vum Monica Camposeo

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.