1 Joer COVID-19-Pandemie an hir Bedeitung fir de Gesondheetssecteur

Dat lescht Joer war vun enger seelener Intensitéit, gepräägt vun enger Pandemie, déi eis all ouni Ausnam betraff huet, an dat an eisem Alldag, an eise Gewunnechten a Bräich an an eisem Beruffsliewen. Dat lescht Joer war wuertwiertlech en aussergewéinlecht Joer.

Zënter Laangem erëm huet en neit Joer mam Wonsch no eppes Essentiellem ugefaangen: enger gudder Gesondheet! Wat soss trivial geklongen huet, krut eng nei Bedeitung. Datt eng gutt Gesondheet dat Wichtegst ass, wat mer hunn, huet dës Kris eis op eng flagrant Manéier gewisen.

Obwuel all Secteur op déi eng oder aner Aart a Weis vun dëser Kris betraff ass – sief et d’Ekonomie, d’Kultur oder och de Sport – esou gouf wuel kee Beräich esou staark virun nei Erausfuerderunge gestallt wéi de Gesondheets-, Hëllefs- a Fleegesecteur. Dat medezinescht an d’Fleegepersonal stoung un der viischter Front am Kampf géint en onbekannte Virus, an ass och haut nach onermiddlech am Asaz géint eng Krankheet, déi sech verännert an engem villes ofverlaangt.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Lessons learned: d’Solidaritéit an d’Soliditéit vun eisem Gesondheetssystem

Eng vun de wichtegste Lektiounen, déi een aus dëser Kris kann zéien, ass, datt sech vun Ufank un, wéi et drop ukomm ass, op eng spontan Manéier, eng grouss Solidaritéit op allen Niveauen an de Spideeler gewisen huet. Et goung drëm ze verhënneren, datt de System géif zesummebriechen, datt also net méi all d’Patiente kéinten déi Versuergung kréien, déi se bräichten.

An der Urgence goufe vun der Regierung ganz séier nei Mesurë fir d’Organisatioun an d’Gestioun vun der Pandemie en place gesat, an excellenter Zesummenaarbecht mat allen Acteure vum Terrain: de Spideeler, dem Extrahospitalier, dem CGDIS, der Arméi an deene ville Fräiwëllegen. D’Personal war motivéiert an engagéiert, a jiddwereen huet um selwechte Strang gezunn, fir géint dës nei Erausfuerderungen unzegoen.

D’Zil vun der Nei-Organisatioun vum Gesondheetssystem war et, fir dëse wärend der Kris ze stäerken an de Risk, dem Virus ausgesat ze sinn, esouwäit wéi méiglech fir Patienten a medezinescht Personal ze reduzéieren. Doniewent goung et drëm, fir medezinesch a fleegeresch Ressourcë fir déi Patienten ze reservéieren, déi am schwéiersten erkrankt waren an eng besonnesch intensiv Prise en charge gebraucht hunn. Dozou huet ënner anerem och gehéiert, datt nei Garde-Linnen op d’Bee gestallt goufen, grad ewéi d’Centres de soins avancés, eng nei Tarifikatioun fir d’Dokteren, d’Opstellung vun enger Réserve sanitaire oder och nach d’Ariichtung vun enger Hotline, fir op déi sëllege Froe vun de Bierger ze äntweren.

Dës Kris huet eis gewisen, datt de Lëtzebuerger Gesondheetssystem gutt opgestallt ass, fir mat Krisen ëmzegoen, an datt seng Acteure kapabel sinn, fir sech séier an effikass u grouss Erausfuerderungen unzepassen. Elo geet et drëm, déi positiv Acquise vun dëser Kris ze erhalen.

Zu deenen Acquise gehéiert eng excellent Gestioun vun de Spidolskapazitéiten (Lëtzebuerg konnt esouguer 11 Patienten aus dem Grand Est ophuelen), d’Fortschrëtter um Niveau vun der Digitalisatioun an d’Implementéierung vun neien Outilen (Monitoring, Testing, Tracing). Net ze vergiessen och déi ganz Gestioun vum Schutzmaterial an d’Verstäerkung vum Personal iwwer d’Réserve sanitaire an, zu gudder Lescht, d’Zesummenaarbecht mat der Fuerschung.

D’Gesondheetspersonal: vum Ignoréierten zum Applaudéierten

Och wann d’Pandemie Auswierkungen op all Beräicher huet, huet si awer virop de Gesondheetssecteur op eng haart Prouf gestallt. Méi wéi jee virdru gouf eis d’Wichtegkeet vun de Gesondheetsberuffer – den Dokteren, Infirmieren, Aide-soignanten – bewosst, an et gouf op hir Roll als onverzichtbar Séil vun eisem Gesondheetssystem opmierksam gemaach.

An dësem Sënn ass och de Gesondheetsdësch, deen am Februar 2020 vum Gesondheetsministère a vum Ministère fir sozial Sécherheet an d’Liewe geruff ginn ass, e wäertvollt Instrument fir d’Stäerkung vum Lëtzebuerger Gesondheetssystem.

Haut geet et drëm, d’Chance no der Pandemie ze notzen, d’Erfarunge vum medezineschen a fleegeresche Personal ze deelen an si an d’Reorganisatioun vum Gesondheetssystem mat anzebannen. Dëst ass fir de Beruffsstand e gudden Zäitpunkt, sech nei ze positionéieren a gläichzäiteg seng eegen, bis dato dacks ignoréiert, Roll auszebauen.

Esou muss an den nächste Joren an éischter Linn an d’Formatioun vun den Infirmieren a vun den anere Spezialisten am Gesondheetswiesen investéiert ginn, mam Zil hir Kompetenzen an hir Roll an eisem Gesondheetssystem ze stäerken an doduerch d’Gesondheetsqualitéit vun eiser Populatioun ze verbesseren.

En Artikel vum Monique Pütz

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.