Corona-Pandemie – kengem seng Freed, villen hiert Leed

D'Aarbechtslosegkeet

Et war e Schock, wéi Mëtt Mäerz 2020 en nationale Lockdown ordonéiert gouf.

Fir d’Patronne vum Café littéraire Le Bovary zu Weimeschkierch ëmsou méi, well d’Bicher mat Reservatioune fir Gebuertsdeeg, Kommiounen an Hochzäite gutt gefëllt waren, an d’Kichen abrupt huet misse kal bleiwen.

Eng al Occasiounskichen, déi een dank de Reservatiounen hätt kënnen duerch eng nei ersetzen.

Wueren, déi op Stock waren, hu missen ewechgehäit ginn – kee wollt se, mol net geschenkt. Déi 6 Leit, déi dee Moment am Le Bovary ugestallt waren, hu missen doheembleiwen.

Keng Clientë méi zerwéieren, keen Drénkgeld méi kréien, net méi mat Freed sengem Beruff nogoen – e schwéiere Schlag an d’Gesiicht, seet d’Patronne Lili Fouet. Si hat sech am November 2015 mat der Ouverture vun hirem klenge gemittleche Literaturbistro en Dram erfëllt.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

… iwwer de Clown …

„Ech hu keng Angscht, datt keng Opträg kommen“, sot am Ufank vum Joer 2020 de geléierte Clown Joe Del Toe. Hie sollt och Recht behalen, awer d’Opträg koumen anescht ewéi de jonke Mann sech dat wuel virgestallt hat, a Form vu Videoen, déi hie realiséiert an op seng sozial Netzwierker gesat huet.

Net méi live an a Faarf de Clown spillen, viru ville Leit, déi mat hirem häerzhafte Laachen dem Kënschtler säi Brout bezuelt hätten.

… bis an de Vëlosbuttek

„D’Nofro fir Vëloen an alles, wat dozou gehéiert, ass explodéiert“, seet de Cédric Codin, Responsabele vum Vëlosbuttek S-Cape. „D’Leit hate vill méi Zäit a Suen, well si vun doheem aus geschafft hunn an net konnte reesen.“

Fir d’Verkeefer vun de Vëloen huet et am Ufank vum Lockdown geheescht, den Internetsite un déi stënterlech vill méi grouss Demande unzepassen, fir um lokale Marché performant ze bleiwen. Och d’Vëlosbutteker hu vun haut op muer missen zougespaart bleiwen.

Awer iwwer de System Click and Collect konnten d’Vëloen an d’Material, dat fir den Entretien vun den Zweerieder néideg ass, weider um ganze Lëtzebuerger Territoire geliwwert ginn.

Reparaturen, déi ugefall sinn, goufe weider am Atelier gemaach.

D’Tatsaach, datt fir vill vun eis déi eenzeg méiglech Fräizäitaktivitéit Spadséieren, respektiv Vëlofueren an der Natur war, huet fir d’Vente vu Vëloen a vu Material en direkte Succès bedeit, sou de Cédric Codin. Bis haut ass d’Nofro nach ëmmer um Klammen. Dofir wär ee frou, datt d’Haaptmark Specialized sech och un d’Situatioun ugepasst a weider produzéiert a geliwwert huet.

An der Restauratioun huet et guer net esou roseg ausgesinn:

Ausser der Lili Fouet selwer huet kee vun hiren Employéen den 1. Lockdown esou schrecklech fonnt.

Si selwer huet sech awer direkt ëm eng Ligne de crédit beméit, well Fixkäschten a Salairen hu misse bezuelt ginn. No kuerzer Ouverture am Summer koum am November den 2. Lockdown.

Déi kuerz Phas vun Ouverture am Summer huet kaum Suen an d’Keess bruecht, sou datt ee frou war, wéi déi éischt Hëllef vum Staat koum – an zwar vum Kulturministère. Dat war méiglech, well am Le Bovary zu Weimeschkierch dacks Concerte waren.

Dës Sue koume just giedlech, fir d’Personal fir den Dezember ze bezuelen. Am grousse Ganzen awer huet déi ganz Ekipp vum Le Bovary gelidden.

Jiddwereen huet säi Liewe missen ëmstellen a mat manner Pai, ouni Drénkgeld a vill Onsécherheet, wat d’Zukunft ugeet, missen eens ginn. Et huet een och missen aushalen, kee Kontakt méi mat Mënsche baussent den eegene véier Maueren ze hunn.

Och elo, iwwer e Joer méi spéit, un engem Moment, wou e klengen Hoffnungsschimmer wéinst den Impfunge besteet, ass näischt wéi et eemol war.

D’Personal hätt an där ganzer Zäit, an där all Aktivitéit vum Alldag ewechgebrach war, aner Beschäftegunge gesicht an och fonnt. Deementspriechend niddereg wär d’Bereetschaft, sech nees mat vollem Elan an d’Aarbecht fir de Betrib ze stierzen.

D’Patronne selwer beschreift dat lescht Joer wéi een eenzegen Horrortripp. Huet si sech ufangs nach selwer als Benevole gemellt, fir am Centre Médical um Kierchbierg ze hëllefen, seet si elo, ufangs Mee 2021:

„Ech hu bis haut nach keng Aide aux coûts fixes zeréckbezuelt kritt. Ech waarden nach. Privat, als Independant, hunn ech guer näischt kritt ausser enger Hëllef vun 2 500 Euro. Ech war ganz schlecht drun a wosst net méi, wat maachen. Schliisslech hunn ech och privat Käschten ze bezuelen an dat schéngt jo keen interesséiert ze hunn. Nuets konnt ech net schlofen an am Dag hunn ech Panikattacke gemaach a war 2 Mol an d’Urgence. Et war onvirstellbar fir mech, esou weiderzeliewen. Ech hunn dëse Métier viru 5 Joer erausgesicht aus Passioun an duecht ni am Liewen, datt do eppes dotëschent géing kommen an datt mir meng Passioun esou gestoppt géif ginn. Ech war psychesch um Enn, schaffen haut nach drun. Et ass wéi wann een engem alles ewechhëlt.“

Déi ganz Zäit, an där all Aktivitéit an der Gastronomie brooch louch, hat d’Lili Fouet och d’Iddi, fir hire Bovary als Librairie mat Coffeeshop ze notzen. Awer si huet d’Kraaft dofir net fonnt:

„Keen Enn vun deem Ganzen ze gesinn, huet mech immens no ënne gezunn an ech gi ganz schlecht mat Saachen eens, déi keng Logik hunn. Ech funktionéieren éischter nom Motto ‚Ech sinn e Rebell a maachen, wat ech wëll.‘ Ech verdroen net, wann ee mer meng Fräiheet ewechhëlt. Anerersäits ass mir d’Fräiheet vum Denke bliwwen, a meng Loscht ze schreiwen huet mir den néidegen Equiliber zeréckbruecht.“

Wéi elo am Fréijoer d’Noriicht koum, datt d’Terrasse vun de Restauranten nees däerften opgoen, huet d’Lili Fouet dat bal net kënne gleewen. Trotz allem huet si d’Äerm eropgestrëppt an Heizstraler an Iwwerdeckunge fir d’Terrass kaaft.

De Couvre-feu ass natierlech net gutt fir d’Geschäft, seet d’Patronne vum Bovary. Déi Clienten, déi owes iesse komm sinn an och emol eng Fläsch Wäi gedronk hunn, feelen.

D’Patronne schafft quasi eleng, d’Ekipp ass weider am Chômage partiel.

Sou war et och am Vëlosbuttek: Déi Leit, déi an der Vente geschafft hunn, goufen nëmmen zum Deel fir de Verkaf gebraucht an an de Chômage partiel gesat.

Grosso modo hätten d’Mataarbechter vum S-Cape d’Situatioun awer gutt geréiert, och wann am Ufank vum Confinement kloer méi Aarbecht gewiescht wär.

Dobäi huet d’Primm vum Staat, fir Vëloen ze kafen, sech sécher positiv ausgewierkt, eng Primm, déi nach bis Mäerz 2022 verlängert ginn ass.

Mëttlerweil gëtt et awer och fir d’Vëlosgeschäft e klenge B-Moll: D’Beschafe vu „Pièces détachées“ fänkt un, méi schwiereg ze ginn. De Retard an der Produktioun wéinst der Schléissung vun de Fabricken an Asien mécht sech elo bemierkbar.

Et hätt ee wuel probéiert, duerch reegelméissegt Bestelle genuch Material ze kréien, mee et ass onkloer, wéi laang een all d’Stécker op Reserv huet.

Wat d’Vëloe selwer ugeet, besteet momentan och e bëssen en Engpass: Déi sougenannte Fräizäitmodeller a Kannervëloe sinn am Moment méi schwéier ze fannen. De Maart géif sech grad kloer a Richtung E-Bike orientéieren, sou de Cédric Codin.

An de Clown? Deen huet sech kee Vëlo kaf. Deen huet sech eng Karawann vun 1979 zougeluecht. D’Rulott huet hie bannendra komplett eidel gemaach an op der Säit mat zwou groussen Dieren ekipéiert. Mat dëser mobiller Bün wëllt de Joe Del Toe iwwer Land zéien, fir nawell sech selwer an déi, déi him nokucken, un d’Laachen ze kréien.

Well obwuel de Joe Del Toe e Clown ass, huet hie wärend der Pandemie selwer en Down gehat.
„Vläicht war dat awer och gutt, datt op eemol eng Paus koum. Du konnt ech an den Himmel kucken. A Raschten. Virdru war ech zimmlech vill ënnerwee.“

De Clown huet erzielt, datt hie Chance hat, well hie vun der Oeuvre nationale de secours Grande-Duchesse Charlotte ënner d’Äerm gegraff kritt huet, am Kader vum „Fonds stART-up“. A well seng Famill hien ënnerstëtzt huet. A seng zwee Muppe Lotti a Bailey hie bei Laun gehalen hunn.


Dës 3 Mënschen hu sech am Laf vun de Restriktioune wéinst der Pandemie an dem deels graven Aschnëtt an hir perséinlech Biografien ugepasst, sou gutt et goung.

Awer: Dës Pandemie ass nach net eriwwer. An och wa se bis eriwwer ass, wäerte vill Leit nach eng laang Zäit mat de Konsequenzen, zemools de psycheschen, vun dësem Ausnamezoustand ze kämpfen hunn.

Wéi d’Lili Fouet sot: „U sech goufen et fir mech just Horrormomenter an dat eenzegt Positiivt ass, datt ech méi bewosst liewe wäert.“

Ech wëll op dëser Plaz der Lili Fouet, dem Joe Del Toe an dem Cédric Codin éierlech Merci soe fir hir Oppenheet vis-à-vis vu mir. Ech hu mat hinne stellvertriedend fir vill anerer geschwat. Duerch hir Temoignagë kënnen hoffentlech vill Leit liesen, datt si net eleng an hirer onsécherer Situatioun sinn. An datt et souwisou nëmmen ee Wee gëtt: no vir kucken.

Wann Der wëllt méi séier weiderkommen, kaaft iech e Vëlo: www.s-cape.lu

Wann der ënnerwee Honger an Duuscht hutt, maacht e Stopp zu Weimeschkierch am Le Bovary: www.lebovary.lu

A wann der Loscht hutt, trotz allem mol nees häerzhaft ze laachen, kuckt op: www.joedeltoe.com

En Artikel vum Nathalie Bender

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.