Un der Atert, no beim Waasser …

… esou fänkt eent vun de bekanntste Lëtzebuerger Vollekslidder un. D‘Lidd erzielt d‘Geschicht vum Useldenger Bauer Péitche Lauer an senger Duechter, dem Josefin.

„Eemol goung et, eemol stoung et, bei der Baach eist Josefin. An du rëtscht et an du glëtscht et, flups an d’Baach, eist Josefin.“ A well de Péitche d‘Waasser gescheit huet, huet en d‘Josefin alt an der Atert leie gelooss.

Useldeng, dat klengt Dierfche matzen a Lëtzebuerg ass awer esou muencher Lëtzebuerger e Begrëff, net nëmme wéinst der Geschicht ronderëm de Péitche Lauer a senger Duechter. Och den Numm Peinture Robin ass deene meeschte geleefeg. Säit bal honnert Joer steet d‘Fabrick vun deem bekannte Lëtzebuerger Faarwefabrickant direkt niewent der Atert. 105 Leit beschäftegt d‘Peinture Robin hautdesdaags.

Um Ufank vun der Covid-Kris ass den Ëmsaz ëm praktesch zwee Drëttel agebrach. Den haitegen Direkter vun der Faarwefabrick Gérard Zoller wollt sech awer kee Beispill um Péitche Lauer huelen a säi Josefin einfach erdrénke loossen. „De Kapp net an de Sand stiechen“ war säi Motto deemools ewéi haut erzielt hien eis am Interview. „Wéi mir bemierkt hunn datt et de Bierg erofgeet hu mir eis zesumme gesat, d’Äerm erop gestrëppt an all nach esou kleng Iddi op den Dësch geheit.“

„Mir beschäftegen 105 Leit aus 16 Natiounen, dovu sinn 30 % Frontalieren. Niewent der Fabrick zu Useldeng, déi éischter enger Manufaktur gläicht, hu mir nach e Gebai zu Leideleng a säit kuerzem och zu Biissen.“

Eng Hellewull un Iddien sinn um Dësch, am ganz einfach ageriichten Versammlungsraum, an der Faarwefabrick gelant. „Mir wollten esouguer eis Camione verlounen“ erzielt de Gérard Zoller. Eng vun de sëllegen Iddien war et Desinfektiounsmëttel ze produzéieren. „Eng vun den Haaptzoutaten, den Alkohol hu mir jo ëmmer am Haus“, erkläert de Gérard Zoller.

D‘Äerm sinn erop gestrëppt ginn, esou muencher Mataarbechter huet erëm däerfen op d‘Schaff kommen an d‘Produktioun ass lass gaangen. „Ganz esou einfach wéi sech dat elo unhéiert war et awer net“, erklärt de Gérard Zoller. „Dat eent oder anert Material huet trotz allem nach musse beschaaft ginn, an dat war net esou einfach ewéi mir eis dat virgestallt haten.“ Trotz deene klenge Problemer ass d‘Produktioun vum sougenannten Robingel ugelaf. „Mir waren och e wéineg frech“ erzielt de Gérard Zoller mat engem Grinsen am Gesiicht. „Mir hunn eiser Gesondheetsministesch Paulette Lenert schonn e Bréif geschriwwen datt mir Desinfektiounsmëttel produzéieren an och kuerzfristeg liwwere kënnen, obwuel nach dat eent oder anert gefeelt huet. Dëst huet sech awer bezuelt gemaach, well mir si bis haut nach de Backup wann et iergendwou erëm knapps gëtt mat Desinfektiounsmëttel.“

E wéineg mäi wäit am Weste vum Land, méi genee zu Biekerech hunn sech och um Ufank vum Lockdown esou muencher Gedanke musse gemaach ginn. Autisme Luxembourg huet hei, net wäit ewech vun der Atert an der Faarwefabrick hire Sëtz. D‘ASBL bitt Leit mat enger Stéierung aus dem Autismus Spektrum eng fir si ugepassten Aarbechtsplaz a betreit an ënnerstëtzt si an hir Familljen an alle Situatioune vum deeglechen Liewen. Bei méi ewéi 200 Mataarbechter déi vun haut op Muer hu mussen doheem bleiwen war och hei eng jett ze organiséieren. Leit mat Autismus brauchen en extreem gereegelten Dagesoflaf, a vun haut op Muer doheem bleiwen ze mussen ass hei net den Idealfall. An éischter Linn huet musse gekuckt ginn wéi een d‘Leit och doheem weider betreien kann, d‘Therapië sollten esou gutt ewéi méiglech weider lafen. En Kraaftakt fir d‘Psychologen an d‘Educateuren vun der ASBL.

Awer och den Direkter vun Autisme Luxembourg Marc De Geest wollt säi Josefin net einfach esou an d‘Atert bonzele loossen.

Och zu Biekerech si sech Gedanke gemaacht gi wéi ee sech am beschten iwwer Waasser hale kéint. Och hei ass de Verkaf vun de Produiten, déi normalerweis an deenen 11 Ateliere mat vill Léift produzéiert ginn praktesch op Null zeréckgaang. Genee ewéi bei Peinture Robin ass hei schnell de Gedanken opkomm fir Material wat souwisou am Haus ass anerwäerts ze notzen. Am Bitzereisatelier vun der ASBL entstinn zu normalen Zäiten eng Hellewull u Produiten, vu Pochen, iwwer Rucksäck bis bei kleng Schachtele fir d‘Schreifgeschier ënnerzebréngen. Upcycling ass hei d’Stéchwuert. D‘Matière première fir déi Meeschte Produiten si Kaffissäck oder de Plastik vun ale Sprangschlässer. Verschéinert ginn des Materialie mat extra produzéierte Stëfter déi mat eegenem Design speziell fir d‘ASBL produzéiert ginn.

Genee dëse Stoff sollt benotzt gi fir eng eege Maskeproduktioun op d‘Been ze stellen. An och bei Autisme Luxembourg, genee ewéi bei Peinture Robin war dat Ganzt um Ufank net esou einfach ewéi geduecht. Och wann de Stoff, genee ewéi d‘Bitzmaterial an d‘Fachwësse schonn am Haus waren, hunn nach mussen d‘Bännercher organiséiert ginn, an déi waren net esou einfach opzedreiwen.

Awer och zu Biekerech ass d‘Josefin net an der Atert leie gelooss ginn, an nodeem s déi kleng Problemer geléist waren konnt d‘Ekipp vum Direkter Marc De Geest sech un d‘Aarbecht maachen. Direkt dräi Ateliere goufe fir dës Produktioun agespaant. Am Bitzereisatelier ass fläisseg geschnidden a gebitzt ginn. Am Laser-Tec Atelier, wou normalerweis ganz aner Produiten entstinn gouf verpaakt, Rechnunge geschriwwen a Timberen gepecht, an am Info-Média Atelier, wou normalerweis de Konterbont entsteet, gouf fläisseg Reklamm an de soziale Medie gemaach a Froe vun de Clientë beäntwert. Bis haut sinn esou méi ewéi 5000 Maske produzéiert a verkaf ginn!

An och wann d‘Josefin emol an d‘Atert trëllt, heescht dat nach ëmmer net datt et onbedéngt erdrénke muss. Peinture Robin genee ewéi Autisme Luxembourg beweisen, datt och wann engem d‘Waasser bis bei den Hals steet, een net onbedéngt erdrénke muss, och wann et net onbedéngt de Péitche Lauer ass, deen een aus dem Waasser zitt.

En Artikel vum Marc Wilgé

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.