Corona / Covid-19

Den „neien“ Alldag

Mëtt Mäerz 2020 huet d’Regierung dem ëffentleche Liewen zu Lëtzebuerg de Stecker erausgezunn an, opgrond vun der Corona-Pandemie, e Lockdown imposéiert. Wat zu dësem Zäitpunkt kaum ee geduecht hätt, ass, datt ee Joer méi spéit nach laang net alles erëm an der Normalitéit ass, wéi eis Beispiller weisen.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]
Dës Artikel-Serie gëtt et och op däitsch:

Michel Welter, Gerant vum Atelier.

Net resignéieren

D’Lautsprecher sti gestapelt niewent der Bün. D’Luuchten an d’“Moving heads“ hänken un den Alu-Traversen a beim éischte Bléck op d’Bün vum Atelier kéint ee mengen, datt hei virun net emol 24 Stonnen eng Band de kultege Concertssall wuertwiertlech un d’Schweesse bruecht hätt. Kondenswaasser, dat vum Plaffong pärelt, mat abegraff. „Genee dat ass et, wat den Ament feelt“, seet de Gerant vum Atelier Michel Welter, „dat enkt Beienanerstoen, d’Matsangen an déi kleng onfräiwëlleg Béierdusch. Allerdéngs ass et esou, datt mir haut schonn Angscht hunn, wann am Supermarché bei der Théik een hanner eis houscht. Ech mengen, wann et a Richtung Normalitéit geet, muss och probéiert ginn, de Leit dës Angscht erëm ze huelen, an dësen Trauma, deen duerch déi heefeg negativ Schlagzeilen entstan ass, muss duerch positiv Noriichte bekämpft ginn.“

Ewéi den éischte Lockdown de 16. Mäerz vun der Regierung decidéiert gouf, wär ee virun allem veronséchert gewiescht, seet de 44-Järegen: „Mir hunn eis ageriet, datt bis de Summer erëm alles gutt wär.“ Dës erhofften Deadline ass du stänneg no hanne verréckelt ginn a „mëttlerweil ass ee Joer ëm, ouni datt un Normalitéit ze denken ass.“ Virun allem d’Ausfale vun de groussen Open-Air-Showen am leschte Summer, bei deenen den Atelier an der Reegel e groussen Deel vu sengem järleche Budget eranhëlt, hätt d’Firma an eng zimmlech finanziell Stresssituatioun bruecht. Fir d’Kris ze bewältegen an ze iwwerliewen, gouf un dräi Schrauwe gedréit, erkläert de Michel Welter: „Éischtens hu mir natierlech all eis Ausgaben op en absolutte Minimum reduzéiert, dobäi ass de „Chômage partiel“ fir déi fest Mataarbechter nëmmen eng vu ville Komponenten. Zweetens hu mir natierlech déi entspriechend staatlech Hëllefen ugefrot an och reegelméisseg op eis Situatioun opmierksam gemaach. Drëttens hu mir ugefaang, alternativ Weeër anzeschloen, a probéiert, eis méi breet opzestellen. Dat ass allerdéngs nach net sécher.“ Et huet een de leschte Summer zum Beispill och, am Optrag vun der Gemeng Péiteng, d’„Carena“-Concerten organiséiert. Et misst ee ganz einfach dës nei Weeër goen, seet de Gerant.

A Saachen Aktivitéite wär ee virun allem vun der Covid-Situatioun ofhängeg, an zënter engem Joer géif ee geplangte Concerten nei usetzen oder ofsoen, wann et guer net anescht geet. Ëm 130 Concerten hätt ee musse verleeën an et misst een sech och mat der Iddi befaassen, datt Concerten, déi aktuell programméiert sinn, eventuell verréckelt musse ginn. „Mir wäerten eis ëmmer un déi vun der Politik virgeschriwwe Reegelen halen an hoffen, datt Enn Mäerz nei Reegele kommen, déi et eventuell méiglech maachen, am Summer Open-Air-Concerte mat e puer honnert Leit, selbstverständlech mat Mask, ze organiséieren.“ Et wär een op jiddwer Fall opgestallt an et hätt een „e puer Eisen am Feier“, sollt et sou wäit kommen.

Op d’Fro, ob Concerte méi deier géife ginn, erkläert den Atelier-Gerant, datt d’Situatioun an der Musekszeen international ganz ugespaant wär. „Et däerf een net vergiessen, datt heizuland ënner anerem d’Concertssäll an och d’Theateren op sinn, dat ass nach laang net iwwerall de Fall. Eis geet et am Endeffekt nach net sou schlecht wéi e puer auslänneschen Acteuren.“ Virun allem déi kleng Bands an d’Newcomer wären et, déi därzäit am meeschten ze leiden hätten. „An niewent der Covid-Pandemie gëtt et nach de Brexit, iwwer dee kaum geschwat gëtt. Deen huet virun allem an Europa e ganz groussen Afloss, ënner anerem wéinst dem zousätzlechen Opwand, éiere wann eng brittesch Band um Kontinent toure wëll oder en europäeschen Act a Groussbritannien. Dat kéint derfir suergen, datt d’Ticketspräisser klamme wäerten.“ Mee trotz alle Schwieregkeeten, déi et aktuell gëtt, ass et fir d’Ekipp vum Atelier kee Grond, d’Bengele bei d’Tromm ze geheien, am Géigendeel, et wëll ee weiderhin um Ball bleiwen.

Text: Hubert Morang
Fotoen: Philippe Reuter

„Fir d’Kris ze bewältegen an ze iwwerliewen, gouf un dräi Schrauwen gedréit.“

Christophe Diederich, Matgrënner a CEO vu Concept+Partners.

Endlech erëm schaffen

D’Still stinn op den Dëscher, d’Plexiglas-Wänn goufen op d’Säit geréckelt a liichte Stëbs huet sech ënner de klenge Kartrongsopsteller mam QR-Code fir den digitale Menü gesammelt. Am Hitch um Lampertsbierg, deem säi Motto „Where food meets party“ ass, an dem Barrels, deen direkt derniewent ass gesäit et momentan guer net no Party aus. Well, wéi am ganzen Horeca-Secteur, läit och am Hitch an an deenen aneren zéng Lokaler vu Concept+Partners zanter dem 26. November 2020 de Betrib brooch.

„Beim éischte Lockdown leschte Mäerz wosst kee sou richteg, wat op eis géif duerkommen. Et huet een déi sanitär Kris zwar lues a lues komme gesinn, mee datt mir vun haut op muer alles op null missten eroffueren, hate mir eis sou net erwaart. Mir hunn eis ganz vill Froe gestallt, wéi zum Beispill: Wat geschitt mam Personal? A mat der Wuer? A virun allem: Wéi laang wäert et daueren, bis mir erëm kënne lassleeën?“, seet de Christophe Diederich, Matgrënner a CEO vu Concept+Partners. Et wär en Zenario gewiescht, deen een sech emol net als Worst Case gewënscht hätt. Datt am Ufank kee wosst, datt vu Mäerz 2020 u fir zwee an en hallwe Mount alles zou wär, hat d’Bewältegung vum éischte Lockdown net méi einfach gemaach.

Ronn 180 Mataarbechter schaffe fir Concept+Partners, eng Verantwortung fir de Patron, wéi de CEO erkläert: „Dat éischt, wat engem duerch de Kapp geet, ass d’Iddi: Wéi packen ech et, déi 180 Existenze vun de Mataarbechter ofzesécheren? Jiddweree war verängschtegt an et war eng Zort Krisemanagement, bei deem et och dorëm goung, eis Employéen ze informéieren. An engem zweete Schrëtt, wéi dat mam ‚Chômage partiel‘ kloer war, goung et och dorëm, d’Leit ze berouegen an hinnen ze erklären, datt mir alles géifen drusetzen, fir kee mussen ze entloossen.“

Vill Betriber setzen – och am Kontext vum nach ëmmer aktuellen zweete Lockdown – mëttlerweil op d’Kaart vum Takeout a vun der Livraison à domicile. De Christophe Diederich erkläert: „An dësem Beräich ginn et kloer Ënnerscheeder tëschent der éischter an der jëtzeger Fermeture. Am Mäerz vum leschte Joer war wierklech alles zou an d’Leit ware gréisstendeels nëmmen doheem, d’Wieder war awer gutt an et war nach méiglech, méi Leit bei sech doheem ze empfänken. Vill Leit hunn dëst Wieder an dës ,Vakanz doheem’-Stëmmung genotzt a Leit invitéiert an dann Iesse bestallt. Deementspriechend ass d’Livraison à domicile zimmlech gutt gelaf. Och well am Ufank net vill Restauranten dëse Service proposéiert hunn. Am jëtzege Lockdown ass d’Lag eng aner: Engersäits proposéiere vill méi Betriber d’Livraison à domicile an dobäi kënnt, datt vill méi Leit schaffen, et däerfen nëmmen nach zwou Persounen invitéiert ginn an an de Wanterméint hunn der vill souwisou net d’Loscht, no der Schaff nach groussaarteg eppes ze ënnerhuelen.“

Och wann d’Geschäft mam Takeout a mat de Liwwerungen net onbedéngt rentabel an et en zousätzleche logisteschen Opwand ass, ass et fir Concept+Partners wichteg, dëse Service, virun allem an de Lokaler, déi dat och an normalen Zäiten ubidden, um Liewen ze halen. „Zousätzlech kënne mir doduerch eisem Personal och erëm eng gewësse Routine ginn. Well et däerf een net vergiessen, datt op deem Dag, wou mir eis Dieren erëm opmaachen, eis Mataarbechter deels siwe bis aacht Méint net méi geschafft hunn. Virun allem ass eis d’Recht geholl ginn, ze schaffen, ouni datt wierklech nogewise gouf, datt d’Infektiounen op Restauranten zeréckzeféiere sinn, virun allem wa sech am Privaten nach ëmmer getraff gëtt.“

De Christophe Diederich hofft, datt seng Lokaler spéitstens no Ouschteren hir Dieren erëm kënnen opmaachen, och wann dat nach u streng Reegele gebonnen ass. Mental ass d’Lag nämlech scho schwiereg ze géréieren, fir de Patron wéi fir den Aarbechter an der selwechter Mooss. „Mir brauchen endlech Perspektiven, déi eis däitlech a fréizäiteg weisen, wéini mir erëm kënne lassleeën. Eng kuerzfristeg Ukënnegung ass scho bal onverantwortlech, well mir musse schliisslech d’Personal erëm aberuffen a virun allem Wueren akafen. Dat erleedegt een net einfach esou a 24 Stonnen.“

Fotoen: Philippe Reuter
Text: Hubert Morang

„Mir hunn eis ganz vill Froe gestallt, wéi zum Beispill: Wat geschitt mam Personal?“

Géraldine Krier, hält Schoul an engem drëtte Schouljoer an der Schëfflenger Primärschoul.

24 op 7 erreechbar

D’Géraldine Krier sëtzt um Kannapee an hirer Stuff, hanner hir um Eck vum Kannapee kréngelt sech hiert Meedche Michelle, virwëlzeg lauschtert hatt no. D’Géraldine Krier hält Schoul an engem drëtte Schouljoer vun der Schëfflenger Primärschoul. Si erënnert sech un den Opwand, deen de Xavier Bettel mat senger Pressekonferenz vum 12. Mäerz vum leschte Joer an d’Schoul bruecht huet. „Véier Deeg méi spéit, méindes, waren d’Schoulen zou. All Schoulmeeschter an all Joffer huet ënner enormem Zäitdrock freides alles preparéiert a kopéiert.“ Well um 16 Auer sollten all d’Kanner heemgoen, mat Material fir déi dräi Haaptfächer am Schoulsak.

„D’Situatioun huet ee ferm bedréckt, mee mir hunn et awer gemeeschtert. Dëst Joer, dat fanne vill vu menge Kolleegen, ass et méi schlëmm. Vun engem Dag op deen anere kann sech alles änneren. Dës Ongewëssheet mécht immens midd. Et muss een ëmmer op alles virbereet sinn. An dräi Woche ginn d’Zensure verdeelt, déi musse mir preparéieren. Rendez-vouse musse mat den Elteren ausgemaach ginn. Mir wëssen awer net, ob et tatsächlech Zensure wäert ginn. Wa jo, wéi ginn se verdeelt, online oder am Klassesall? Mir wëssen net, wat an dräi Wochen ass.“ Wann de Ministère annoncéiert, datt vun nächster Woch un erëm Homeschooling ugesot ass, keimen d’Enseignanteneën an d’Kopiesmaschinnen. Programmer preparéieren, Wochepläng tippen, „d’Kopiesmaschinne musse matspillen, et muss genuch Pabeier do sinn. Mir beäntwere Froe vun den Elteren, leede Bréiwer vun der Direktioun virun. Heiansdo ass et schwiereg, den Eltere bäizebréngen, datt mir dat och net méi fréi wossten.“

Vun neie Mesurë gëtt d’Léierpersonal dacks eréischt duerch d’Press gewuer. Esouguer un deem Dag, un deem zwee weider Deeg Homeschooling no der Fuesvakanz bekannt gemaach goufen. Datt dat net sou geplangt war, weess d’Géraldine. D’Direktioun wollt informéieren, mee d’Press war méi schnell. Donneschdes, kuerz viru 17 Auer koum d’Nouvelle, datt de Méindeg drop sämtlech Schüler vun den dräi Schëfflenger Schoule getest solle ginn an d’Schëfflenger Primärschoule méindes an dënschdes zoubleiwe géifen. Un deem Owend huet dem Géraldine säin Handy ouni Paus gerabbelt. „Andauernd, andauernd, andauernd“, seet si mat opgereegter Stëmm. „Et brauch een en Handy, deem seng Batterie net eidel gëtt.“ Am leschte Joer hunn e puer Elteren nach samschdes owes um hallwer zéng geschriwwen, bäm, bäm, bäm. Sechs Noriichten hunn si op hiren Display geschoss. „Ech misst eigentlech vun aacht Auer u soen, Schluss. Den Handy op d’Säit leeën an net méi äntweren. Dat kann ech awer net, och no 18 Joer enseignéieren net. Als Mamm wëll ech och informéiert sinn, also informéieren ech och, sou gutt a séier wéi et geet.“

Fir selwer iwwer hir Schützlingen um Lafenden ze bleiwen, trëfft si sech all Dag online mat hirer Klass. Net nëmme fir de Cours, mee och fir ze poteren iwwer Gott an d’Welt, fir ze gesinn, wéi et de Kanner geet.

Logistesch ass dat eng Erausfuerderung fir d’Léierpersonal. „Vill vun hinne si selwer Mamma oder Pappa. Ech si moies zu festen Auerzäiten online mat menger Klass, sinn de ganzen Dag fir Froen disponibel. Mäi Meedchen huet awer och Online-Cours.“ Hatt sëtzt dann um Kichendësch a mécht Hausaufgaben, wärend d’Géraldine derniewent Aufgabe verbessert. „An och d’Verbindung muss matspillen“, rifft d’Michelle, dat elo awer net méi ka stallhalen, vu senger Plaz um Kannapeeseck. Schliisslech geet et och ëm hatt. E puer Famillen hunn e puer schoulflichteg Kanner doheem. „Da muss d’Internetverbindung duerhalen a gläichzäiteg musse genuch Apparater – Computeren, Tabletten oder Handyen – do sinn. D’Unterrechtsmaterial muss och fir all Kand prett leien.“

Fir dat ze erméiglechen, ass d’Géraldine elo och Bréifdréiesch. Wann Homeschooling ass, fiert si de Weekend bei d’Haiser vun hire 16 Schülerinne a bréngt hinnen déi erausgedréckten Aufgabe fir d’Woch an der Enveloppe, an den nächste Samschdeg sammelt si nees alles an. Si géif dat gär maachen, sou géif si d’Kanner op d’mannst emol perséinlech gesinn. Mee et ass awer vill Opwand.

Text: Franziska Peschel
Fotoen: Philippe Reuter, Fabrizio Pizzolante (Editpress)

Paulette Lenert, Gesondheetsministesch

Trap amplaz Lift

Iwwergewiicht schéngt net nëmmen e Risikofacteur fir Kriibs an Häerz-Kreeslaf-Krankheeten ze sinn, mee och fir de Covid-19. Präventivmedezin wär dowéinst en zentraalt Theema, seet d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert.

Zwee vun de bis elo heefeg erwäänte Risikofacteure fir de Covid-19 si Virerkrankungen an Adipositas. D’Zuel vun den iwwergewiichtege Persounen hëlt och zu Lëtzebuerg zou. Wat fir eng Zort vun der Preventioun gëtt et schonn?

Adipositas ass effektiv e seriöe Problem. Zu Lëtzebuerg ass den Undeel vun de fettleibegen Erwuessenen tëschent 2014 an 2019 vu 15,6 op 16,5 Prozent geklommen a betrëfft 40 Prozent vun de Männer a 24 Prozent vun de Fraen. Fir gesond Alimentatioun a méi Beweegung ze fërderen, gouf 2006 schonn den éischten interministerielle Programm „Gesond Iessen, Méi Beweegen“ (GIMB) op d’Bee gestallt. Am Laf vun de Joren huet sech e reegelrecht GIMB-Netzwierk mat anere Partnerministèren a Partner op der Plaz entwéckelt.

Eenzel Projete kënnen dorun deelhuelen?

Genee. D’Zesummenaarbecht ass zum Beispill duerch de GIMB-Label sichtbar. All Projet, deen d’Fërderung vun enger ofwiesslungsräicher Alimentatioun a reegelméisseger kierperlecher Aktivitéit als Zil huet, kann sech fir de GIMB-Label bewerben. Ufank 2020 goung och eng Internetsäit online, op där all d’Informatioune regruppéiert ginn.

Soll, Ärer Meenung no, déi preventiv Gesondheetspolitik verstäerkt ginn?

Jo, onbedéngt. D’Präventivmedezin ass e wichtegt Standbeen vun der Lëtzebuerger Gesondheetspolitik an och en zentraalt Theema am Kader vum „Gesondheetsdësch“. En Aarbechtsgrupp setzt sech zurzäit mat de Froen am Kontext „Gesondheet duerch Preventioun: Um Wee zu engem Paradigmewiessel” auserneen. Mir wäerten der Ëffentlechkeet d’Schlussfolgerungen zum passenden Zäitpunkt matdeelen.

Wat kéint zousätzlech gemaach ginn?

Fir d’Joer 2021 si Campagnen an de sozialen Netzwierker geplangt, fir déi verschidde Liewensmëttelfamillen ze erklären, fir d’Bedeitung vun der Narungsvilfalt, mat prakteschen Iddie fir d’Ëmsetze vun den offizielle Recommandatiounen, a fir d’Fërderung vun der kierperlecher Aktivitéit wärend der Pandemie. Zanter 2019 ginn ausserdeem d’Leeschtunge vun engem Regimesassistent vun der Krankekeess bezuelt, wann se vun engem Dokter verschriwwe goufen.

Gi Recommandatiounen duer?

D’Haaptsaile vun der Gesondheets-fërderung sinn d’Bilde vu Bewosstsinn, d’Informatioun an d’Schafe vun enger Ëmwelt, déi d’Gesondheet fërdert. Dat erreecht ee mat Campagnë fir déi breet Ëffentlechkeet, an de sozialen Netzwierker an duerch Workshoppe fir all Altersgruppen, an haaptsächlech fir Kanner a Jugendlecher. Wichteg ass dobäi och d’Formatioun vun de Multiplikatore wéi dem Schoulpersonal, den Erzéier, dem Personal aus dem Gesondheetssecteur, den Traineren asw. D’Schafe vun engem Ëmfeld, dat d’Gesondheet fërdert, ëmfaasst all Moossnamen, déi eng gesond Wiel zur einfachster Wiel maachen. „Nudging“ ass eng einfach Méiglechkeet, fir d’Leit zu enger gesonder Entscheedung ze verleeden, andeem ee gratis Krunnewaasser a gënschteg an ausgeglache Menüen an der Kantin ubitt oder Trapen a Gebaier ervirhieft a Vëlosweeër schaaft.

Wat fir eng Méiglechkeeten huet de Staat, fir seng Awunner an Awunnerinne fir e gesonde Liewensstil, méi Beweegung, ausgeglachent Iessen, Uechtsamkeet asw. ze motivéieren?

Et kann ee keen zwéngen, sech gesond ze ernären a sech reegelméisseg ze beweegen. Et kann een awer Ureizer schafen a virun allem d’Bierger richteg informéieren. Mir ass et wichteg, datt eis Matmënschen d’Wiel hunn an sech bewosst fir oder géint e Produit kënnen entscheeden – oder fir d’Trap amplaz vum Lift, wann se da wëllen. Opklärung, Informatioun a Sensibiliséierung sinn extreem wichteg. Wéi den „Nutriscore“ op de Verpackunge vu Liewensmëttel, deen elo vum Ministère fir Konsumenteschutz virgesinn ass. E liwwert Informatiounen iwwer d’ernärungsphysiologesch Qualitéit vu Liewensmëttel an erméiglecht et de Verbraucher, eng gesond Wiel ze treffen.

D’Corona-Pandemie huet eis kal erwëscht. Experte soen, datt esou Pandemien an Zukunft ëmmer méi warscheinlech ginn, well Mënsch an Déier ëmmer méi no zesummeréckelen an de Liewensraum duerch de Klimawandel méi kleng gëtt. Ginn et elo schonn Iwwerleeungen, fir an Zukunft besser op esou Pandemien preparéiert ze sinn?

Scho virun der Corona-Pandemie bestoung d’Absicht, eise Grippepandemie-Plang ze iwwerschaffen an ze erweideren. Dës Aarbechte gi sécherlech weidergefouert, esoubal déi aktuell Pandemie iwwerstanen ass. Lëtzebuerg wäert sech dobäi un de Virgabe vun der Weltgesondheetsorganisatioun, déi an den internationale Gesondheetsvirschrëfte festgeluecht sinn, orientéieren.

Interview: Heike Bucher
Foto: Hervé Montaigu (Editpress)

D'Chronologie vun enger Pandemie

29. Februar 2020

Deen éischte Patient zu Lëtzebuerg gëtt positiv op de Sars-Cov-2, och Coronavirus genannt, getest.

11. Mäerz

Wéinst den Infektiounszuelen, déi permanent an d’Luucht ginn, verbitt d’Regierung fir onbestëmmten Zäit all Manifestatioune mat méi ewéi 1.000 Visiteuren.

13. Mäerz

De Virus fuerdert säin éischt Doudesaffer heizuland: E Mann vu 94 Joer stierft un de Suitte vun der Infektioun. D’Zuel vun de positive Fäll klëmmt op 38.

16. Mäerz

D’Regierung verhänkt de Lockdown. All d’Restaurante mussen zoumaachen. D’Leit däerfen hir Haiser net méi ouni trëftege Grond verloossen. Däitschland huet Grenzkontrollen agefouert. All d’Schoulen a Betreiungsariichtunge maachen hir Dieren zou. Et gëllt Homeschooling. Den État de crise kann héchstens dräi Méint daueren.

23. Mäerz

De Flughafe gëtt fir den normale Passagéierverkéier zougemaach, de Wuereverkéier gëtt oprechterhalen.

31. Mäerz

D’Chamber stëmmt e Gesetz fir Direkthëllefe fir Firmaen, déi vun der Corona-Kris betraff sinn. Den Hëllefspak beleeft sech op 8,8 Milliarden Euro. Mëttlerweil ginn et 1.333 Infizéierter.

 Abrëll 2020

D’Zuel vun den Doudesaffer klëmmt op 41. Mëtt vum Mount kommen éischt Lockerungen. Iwwerall do, wou kee Sécherheetsofstand vu mindestens 2 Meter kann agehale ginn, gëllt Maskeflicht. Baumäert a Recyclingszentere ginn erëm opgemaach.

 Mee 2020

D’Premièresschüler ginn Ufank Mee erëm zeréck an d’Schoul. Optakt vun de progressiven Neierëffnunge vun de Schoulen. Vum 11. Mee u sollen d’Geschäfter erëm opgoen, Besuch bei Frënn a Famill soll och erëm erlaabt sinn. Kulturell Ariichtungen, Coifferen a Schéinheetssalonen däerfen ënner strengen Hygiènesoploen hire Betrib erëm ophuelen. De Grupp A vun de Schüler aus der Primärschoul start Mëtt vum Mount erëm mam Presenzunterrecht, de Grupp B eng Woch méi spéit. Bis ewell hunn 14.000 Betriber Kuerzaarbecht ugefrot. Däitschland hieft d’Grenzkontrollen fir Lëtzebuerg erëm op. Initiativ “Neistart Lëtzebuerg”, Optakt vum Large Scale Testing.

Juni 2020

Fir den Tourismus ze fërderen, gi fir Ufank Juli Bongen am Wäert vu 50 Euro fir Awunner vu Lëtzebuerg a Grenzgänger iwwer 16 Joer ugekënnegt. Well den Noutstand op en Enn geet, gëtt d’Verlängerung vun der Corona-Ausnamereegelung mat enger Majoritéit an der Chamber gestëmmt. Zwee zäitlech begrenzte Gesetzer sollen den État de crise ofléisen. D’Gastronomie däerf, ënner strengen Oploen, hir Dieren erëm opmaachen.

Juli 2020

Verschidde Klassen a méi ewéi enger Schoul ënner Quarantän. D’Infektiounszuele leie bis ewell bei 4.650 an d‘Zuel vun den Doudesaffer bei 110. De Robert-Koch-Institut erkläert Lëtzebuerg zum Risikogebitt. D’Paulette Lenert schwätzt vun enger zweeter Well. D’Regierung kënnegt nei Mesuren un: keng Treffe mat méi ewéi 10 Leit a streng Strofe fir Betriber, déi géint d’Corona-Reegele verstoussen. D’Chamber bewëllegt d’Weiderféierung vun de Large-Scale-Tester, geplangt sinn 1,6 Milliounen Tester an 30 Wochen.

August 2020

Well d’Schueberfouer dëst Joer ausfält, bitt d’Haaptstad Alternativen op verschiddene Plazen an der Stad un. Den 23. August kommen d’Fussballer vun der BGL-Ligue aus der Zwangspaus zeréck a starten an déi nei Saison – mat Zuschauer an ënner strengen Oploen.

 Oktober 2020

De Budget 2021 schléisst d’Mesurë géint Corona mat an. Fir d’Wirtschaft ze stabiliséieren, gëtt dee gréisste Budgetspäckelchen an der Lëtzebuerger Geschicht op de Wee geschéckt: 10 Milliarden Euro oder 17,5 Prozent vum BIP. De 25. Oktober erreechen d’Neiinfektiounen en neie Rekord: 862 vun 11.948 Tester fale positiv aus. Kulturell Eventer a Sportveranstaltunge gi bis den 31. Dezember ofgesot.

November 2020

D’Seene vun de Griewer op Allerhellegen an Allerséile fält aus. D’Inzidenz op siwen Deeg läit bei 660. Enn vum Mount sollen nei Mesuren an de Schoulen agefouert ginn.

 Dezember 2020

Um Schluss vum Joer gëtt d’Zuel vu 500 Covid-19-Doudesfäll iwwerschratt. 3.422 nei Infektiounen an enger Woch. Um zweete Chrëschtdag kommen déi éischt Impfstoffer vun Biontech/Pfizer zu Lëtzebuerg un. Gläichzäiteg gëtt eng verschäerften Ausgangsspär agefouert: vun 9 Auer owes bis 6 Auer moies. Den net essentiellen Deel vum Eenzelhandel soll bis den 10. Januar zoubleiwen. Den 28. Dezember mécht deen éischten Impfzentrum um Lampertsbierg seng Dieren op.

 Januar 2021

Déi weesentlech méi ustiechend brittesch Variant gëtt eng éischte Kéier zu Lëtzebuerg entdeckt.

Februar 2021

D’Schoule ginn eng Woch virun der Fuesvakanz erëm zougemaach. Moossnamen gi bis de 14. Mäerz verlängert.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.