Jonk sinn ouni dierfe jonk ze sinn – an elo?

Onbekëmmert, wëll a mat vill Spaass: Esou soll d’Jugend ausgesinn. Eng Kandheet dobausse mat de Kolleegen, eng Lycéeszäit voll mat Erliefnesser, Fiesta bis zu deem Dag, un deem den Eescht vum Liewe lassgeet. Mee Corona huet ville Leit heibäi e Stréch duerch d’Rechnung gemaach, well amplaz vum Alldag ouni Suerge säit 2020 de Virus um Menü steet. Et ass eng Pandemie, an där virun allem déi Jonk sech mussen aschränken, mam Message, datt si esou anerer, déi méi vulnerabel si wéi si selwer, kënne schützen. Ma wat bedeit et fir eng Generatioun, déi Fräiheet mat an d’Wéi geluecht krut a gréisser Aschränkunge just aus Krichsfilmer kennt, wann een op eemol ganz „normal“ Saachen net méi däerf?

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

„Et ass e bësse wéi an der Spillschoul, wou mir net duerften op déi aner Säit vum Haff spille goen a mäi beschte Kolleeg awer do war“, beschreift de Lio d’Situatioun. Mat néng Joer all Dag mussen eng Mask undoen a just däerfen dobaussen seng Frënn gesinn, dat ass net esou senges, seet de Schüler aus dem véierte Schouljoer: „Ech erkenne guer keen an der Schoul erëm an hei an der Strooss däerfe mir eis just op Distanz gesinn, fir mat Kräid ze molen oder eis de Ball ze passen.“ Zënter engem Joer schonn ass bei säi beschte Kolleeg heemgoe fir de Lio éischter eng rar Aktivitéit, getraff gëtt sech dowéinst reegelméisseg am Bësch, fir hei um selwergebaute Lager ze wurschtelen.

Dem Lio geet et d’selwecht wéi villen anere Kanner, well och si si vun der Corona-Pandemie betraff. Firwat een op eemol esou vill muss oppassen, huet de Schüler am Ufank vun der Kris net direkt verstanen. „Ech hu gemengt, et wier einfach en normale Virus, mee wéi ech bis wosst, wat kéint geschéien, hunn ech mech hanner d’Kësse verstoppt, well dat mir schonn e bëssen Angscht gemaach huet“, esou de Lio. Hien hätt gefaart, datt de Covid elo fir ëmmer géif bleiwen, ma mëttlerweil weess hien, datt och dës Phas iergendwann eriwwer ass. Bis dohin ass de Schüler virun allem genervt vu Masken an Distanz, well ausser bei sengem Hobby Fechte kann hien sengem Frust iwwer d’Mesuren net wierklech Loft maachen.

„Ech hu vill Kontakter verluer mat Leit, well ech se net oft konnt gesinn. Well ech am Foyer sinn, war et oft langweileg, ech misst de ganzen Dag am Zëmmer bleiwen, konnt näischt maachen, kee gesinn. Ech si frou, datt ech déi Zäit mäin Handy an Internet hat.”

Eppes un der Situatioun ze bekloen huet och de Luca. Wärend den Néngjäregen sech an der Schoul un d’Maskeflicht gewinnt huet, ass d’Mask him awer an de Scouten e lästegen Accessoire: „Wa mir e Lagerfeier maachen, da gëtt et extreem waarm ënner der Mask an ech si plätschnaass geschweesst. Dat ass mega onangeneem.“ Fir der fiichter Nues entgéintzewierken, huet de Luca mëttlerweil ëmmer e puer Masken am Rucksak dobäi an e Klemm-Trick soll hëllefen, datt de Brëll him net dauernd wéinst dem Mondschutz uleeft. Ma generell géif hien och léiwer nees normal an e Restaurant goen a Gruppenaarbechten an der Klass maachen, esou wéi se am Schoulbuch stinn, amplaz alles iwwer Teams a Zoom mussen ze maachen.

Dobäi gehéieren de Lio an de Luca awer nach zu deene Kanner, déi en Doheem hunn, dat si an hir Suergen opfänkt, an Elteren, déi si duerch dës ongewinnten Zäit begleeden – Viraussetzungen, déi net bei jidderengem gi sinn. „Do wou d’Familljeverhältnesser stabil sinn an de Wunnraum genuch Réckzuchsméiglechkeete bitt, ass et de Kanner och wärend dem Lockdown gutt gaangen. Et ass do, wou scho virdru Problemer waren, wou d’Situatioun sech nach verschäerft huet“, erkläert d’Barbara Gorges-Wagner vum Kanner-Jugendtelefon. Obwuel d’Zuel vun den Uriff, entgéint de Previsiounen, duerch d’Kris net eropgaangen ass, huet d’Intensitéit vun den Theemen, déi ugeschwat ginn, zougeholl, esou déi Responsabel: „Mir beobachten eng Phasenentwécklung an den Theemen, well d’Kris einfach schonn esou laang dauert.“ Am Verglach mat 2019 hätt sech am leschte Joer d’Zuel vun Uriff, bei deenen et ëm Angscht, Suergen oder Einsamkeet geet, bal verduebelt an och bei der Onlinehëllef sinn d’Messagë méi ginn – vun 237 op 313, fir genee ze sinn. Wärend des Entwécklunge scho fir Beonrouegung suergen, gëtt et awer eng Statistik, déi et wierklech eescht ze huele gëllt: „D’Theema Depressioun ass vu 14 op 21 eropgaangen a bei den akute Saache wéi Suizidalitéit huet sech d’Zuel tatsächlech verduebelt, wat mir als immens alarméierend empfannen.“ Et kéint een zwar net bei allen Uriff a Messagen en Zesummenhang mat Corona festleeën, ma en Afloss huet d’Kris awer definitiv op villes. „Mir sinn ë bëssen zeréckhalend, wat spezifesch Erklärunge fir verschidden Entwécklungen ugeet, ma bei allen Telefonshelplinë gouf e liichte Réckgang festgestallt. Mir denken, datt d’Leit duerch Homeoffice, Homeschooling a Lockdown einfach vill manner Rou fannen, fir kënnen ze telefonéieren.“

„D’Maske stéiere mech am meeschten. Ech kréie keng Loft. Ech hu schonn Angscht fir am Summer och nach mat der Mask ronderëmzelafen, well et dann och nach waarm gëtt an een do scho manner gutt Loft kritt. An duerch d’Mask gesäit ee guer net wéi d’Leit sech fillen.”

Besonnesch fir Jonker wier et héchstwarscheinlech schwéier, de passende Moment fir den Hëllefsruff ze fannen, well dauernd de Risiko besteet, datt de Brudder oder d’Schwëster eraplatzt oder ee vun den Eltere fir d’Owesiesse rifft. „Soss hunn d’Kanner a Jugendlecher e Fräiraum tëschent der Schoul an dem Doheem, mee dëse fält den Ament quasi komplett ewech“, preziséiert d’Responsabel vum Kanner-Jugendtelefon. Dat permanent Openeenhänke géif och dozou féieren, datt Konflikter bannent den eegene véier Wänn ëmmer méi oft virkommen: „D’Familljesituatioun ass deelweis immens ugespaant, déi Jonk si genervt a fille sech isoléiert, well se hir Frënn net kënne gesinn, wéi se dat gewinnt sinn. Et feelt hinnen einfach en Ausgläich.“ Wärend Theeme wéi Léift a Bezéiung bei de Gespréicher mat de Benevolle vum Kanner-Jugendtelefon säit Corona ofgeholl hunn, sinn d’Zuele bei Mobbing a Gewalt leider net gefall – am Géigendeel, se hunn sech vum direkten Ëmfeld einfach op d’Onlineplattforme verlagert. Ma virun allem géif ee mierken, wéi ausgebremst déi Jonk sech an hirer perséinlecher Entwécklung an hiren Zukunftspläng fillen, esou d’Barbara Gorges-Wagner: „Si blécke mat Frust an d’Zukunft. Eigentlech sollten si sech elo esou lues vum Elterenhaus léisen, wëlle vläicht studéieren oder hunn am Ausland eng Wunneng gelount, ma all dat geet elo net. Dobäi kommen dann technesch Theemen, well se sech doheem zum Beispill zu e puer e Laptop mussen deelen.“

Virun allem deen Deel vun de Jugendlechen, deen net esou gutt vun hirem Entourage ënnerstëtzt gëtt, géif riskéieren, op der Streck ze bleiwen – ganz einfach, well een sech ausklénke kann, wann alles ronderëm ze vill gëtt. „Verschidde Jonker gi guer net erreecht, och net vun eis oder anere Servicer, a wann se keen hunn, dee fir se do ass, da kann dat Auswierkungen hunn, déi den Ament nach net virauszegesi sinn“, seet d’Responsabel.Och bei der Agence Nationale pour l’Information des Jeunes, kuerz „Jugendinfo“, kritt ee mat, wat d’Corona-Kris mat deene Jonke mécht. Virun allem d’Theemen Ausbildung an Aarbecht stinn hei bal deeglech op der Froelëscht, well vill Schüler net wëssen, wou hire Wee soll higoen.

Problemer, eng Stageplaz ze fannen, eng réckgängeg Job-Offer, den Ausfall vu Porte-ouverten, déi de Choix vun der Uni erliichteren – all dat si Facteuren, déi ville Jonken den Ament de Bléck op déi nächst Méint a Jore verdäischteren. „Et gëtt vill verlaangt vun deene Jonken. Si hu vill Stress an Drock a wëssen net, wéi hir Zukunft ausgesäit“, heescht et vu Säite vun der Jugendinfo. Si kéinten hir Jugend net richteg ausliewen, bräichten Hëllef bei der Sich no Aktivitéiten an hätte Suergen, wat Aarbecht a Loyer ugeet, esou d’Ulafstell. Ma och am Privaten huet d’Kris en Afloss op d’Liewe vun deene Jonken. Déi, déi scho viru Corona Schwieregkeeten haten, bei Gläichalteregen Uschloss ze fannen, dinn sech och zanterhier net méi einfach domat, a Sträit tëschent den Eltere mécht d’Wunnen doheem zum „Spießrutenlauf“.

„Ech hu wierklech d’Gefill, dass all déi Jonk an een Dëppe geheit ginn, mir sinn anscheinend och ëmmer dru Schold, wann d’Zuele vun deenen Infizéierten nees an d’Luut ginn.”

Och fir d’Ava sinn d’Covid-Aschränkungen am Alldag oft eng Laascht. Als Teenager wëll hatt kënne mat Kolleegen ënnerwee sinn, eppes zu e puer ënnerhuelen oder am grousse Grupp zesummen iessen: „Dat wier dat, wat ech gäre géif maachen, mee dat geet elo natierlech net.“ Dat 14-Järegt huet keng Loscht méi, just ronderëmzetrëppelen, fir seng Frënn däerfen ze gesinn, ma virun allem d’Spontaneitéit feelt him bei der Gestaltung vun senger Fräizäit: „Alles ass iergendwéi komplizéiert, et muss ee laang am Viraus plangen a kucken, wat iwwerhaapt méiglech ass. Dat ass wierklech ustrengend.“

Seng Danzcoursë konnt d’Ava wärend de leschte Méint just iwwer Zoom besichen, an och mat de Lockerunge vun de Mesuren ass Training nëmmen am A/B-Grupp méiglech. Dobäi kënnt déi stänneg Angscht, sech an anerer kënnen unzestiechen, well och als Jugendlecht huet d’Ava hellege Respekt virum Virus: „Ech fäerten, datt ech de Corona selwer kéint kréien oder ee vu menger Famill oder Frënn domat ustiechen an och meng Eltere maachen sech vill Suergen.“ De Christian huet scho selwer erlieft, wéi et ass, wann de Virus op eemol ganz no ass. „Wéi ech selwer positiv war a mäi Papp och, hunn ech meng eege Famill laang net gesinn, dat huet mech trauereg gemaach“, seet den 12-Järegen. Hien hat eigentlech geplangt, sech an engem Basketsclub unzemellen, ma duerch d’Kris waren Aschreiwungen net méiglech. Fir selwer doheem Sport ze maachen, kritt de Schüler sech net motivéiert – e puer Kilo méi op der Wo sinn d’Resultat.

Änlech geet et dem Dara. Viru Corona huet Konschtturnen eng grouss Roll a sengem Liewe gespillt. Duerch de Covid huet hatt heimat missen ophalen an deet sech elo schwéier domat, eppes Neies unzefänken. „Et fält mir schwéier, mech fir de Sport ze motivéieren, well ech elo eleng sinn. Dat wat ech eleng doheem ka maachen, ass net esou cool a witzeg wéi am Turne mat de Frëndinnen“, seet dat 13-Järegt. Eng Ausso, déi ee vu ville Jonken héiert, well d’Grupp fir si déi Plaz ass, an där se sech am wuelste fillen a gemeinsam hiren Hobbyen noginn. Et ass hei, wou si sech an anerer kenne léieren a mat der Zäit hire Charakter bilden – eppes, wat duerch d’Kris fir vill Jonker méi schwéier ginn ass.

Et wier un der Zäit, Kanner a Jugendlecher net méi just op dat Schoulescht ze reduzéieren, wéi dat am Ufank vun der Kris gemaach gouf, mee si als dat ganzheetlecht „Ech“ ze gesinn, dat si nu emol sinn, fuerdert dofir d’Barbara Gorges-Wagner: „Si sinn immens encouragéiert ginn, sech zeréckzehuelen, fir datt eis Senioren net musse stierwen. Ma dëst Zeréckhuelen huet awer Follgen, ëm déi sech elo muss gekëmmert ginn.“ Déi Jonk hätten ouni grousse Widderstand alles matgemaach, wat vun der Regierung decidéiert gouf, ma si missten och op sech selwer an hir Besoinen oppassen, esou d’Responsabel vum Kanner-Jugendtelefon: „Datt si net rebelléiert hunn, bedeit net, datt alles gutt leeft. Et bedeit, datt si éischter roueg leiden, an dono muss gekuckt ginn.“

Ma d’Kris huet och hir positiv Effekter, dat gesinn esouwuel déi ëffentlech Instanzen ewéi och d’Kanner a Jugendlecher selwer – wann och nëmme bei geneeëm Hikucken. „Heiansdo ass et praktesch, well een de Corona kann als Excuse huelen, wann een emol eng Kéier keng Loscht huet, eppes ze ënnerhuelen oder erauszegoen. Da seet een einfach ‚meng Eltere soten nee wéinst dem Virus‘“, esou d’Ava mat engem Grinsen. Vill Jonker hätten d’Zäit genotzt, Neies ze léieren a vläicht e Wee anzeschloen, deen se soss net gaange wieren, heescht et heizou vun der Jugendinfo: „Si konnten technesch Kompetenzen entwéckelen a multikulturell Erfarunge maachen, zum Beispill beim Corps Européen de Solidarité oder duerch en Diplôme+. Dat hätten se soss net gemaach, well se nom Lycée direkt schaffe gaange wieren.“

Hiren Horizont erweidert hunn awer och déi méi kleng Kandidaten, well Theemen ewéi Zesummenhalt a Klimaschutz zemools am Ufank vun der Kris extreem present waren. „Verschidde Saache fannen ech cool um Corona, zum Beispill, datt d’Ëmwelt net esou vill verschmotzt gëtt, wann alles zou ass an d’Leit manner mam Auto fueren a méi zu Fouss ginn oder de Vëlo huelen“, seet de Lio. Och beim Dating hätt d’Pandemie hir Virdeeler, ewéi eng aner Schülerin verréit: „An der Léift ass et besser, well ech méi um Handy sinn. Ech hu méi Kontakt mat Leit iwwer Internet an hunn do schonn e puer cool Leit kenne geléiert.“ Mee bei enger Saach sinn déi Jonk sech awer all eens: Esoubal d’Kris eriwwer ass, ginn d’Masken an d’Poubelle geheit an et gëtt nees ouni Gesiichtsschutz geshoppt. Eppes, wat och nach déck wäert nogeholl ginn: Gebuertsdag feieren – „awer richteg, net nëmme mat dräi Frënn“, decidéiert de Luca.

En Artikel vum Laura Tomassini

„Et ass wierklech krass, mir ginn net op Mallorca, däerfe keng Prom (Ofschlossfeier) hunn – dat sinn alles Erfarungen, déi ech ni ka maachen an nohuelen ass net dat selwecht.”

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.