Onofhängeg dovun, wéi ee perséinlech zu der Relioun an zu der kathoulescher Kierch steet, ass et wuel net vun der Hand ze weisen, datt d’Gebaier, an deenen d’Masse gefeiert goufen oder ginn (ergo: Kierchen, Kapellen, Kléischter asw.; an dësem Artikel zesummefaassend als Kierche bezeechent), zu eisem kulturellen Ierwe gehéieren – dat gëllt net nëmme fir Lëtzebuerg, mee souzesoe fir ganz Europa. A sou steet a bal all Uertschaft hei am Land wéinstens een Exemplaire vun deene Sakralgebaier, déi deels vu moderner, deels vun historescher Architektur, awer net zulescht och dacks vun der Schafenskraaft vu sëllege Lëtzebuerger Kënschtler gepräägt sinn – Glasfënsteren oder Wandmolereie sinn do nëmmen zwee Beispiller. D’Kierch an der Uertschaft ass awer och meeschtens eent vun de wéinege Gebaier, déi sech iwwer Joerhonnerte kaum oder guer net verännert hunn – e stabille Faktor an, wann ee wëllt, och eng Aart lokaalt Wahrzeichen fir vill Generatiounen. Dofir stellt sech natierlech d’Fro: Sollen dës Gebaier als Deel vun eisem kulturelle Patrimoine erhale bleiwen a wa jo, a wat fir enger Form?
Scho virun der Trennung vu Kierch a Staat ware vun den deemools nach aktive Kierchefabricken eng ganz Rëtsch Ufroen, fir kierchlech Gebaier ënner Denkmalschutz ze setzen, bei Sites et Monuments eragereecht ginn – dat an éischter Linn mam Gedanken, e geschützt Gebai kéint spéiderhin net méi ofgerappt ginn. Dat war zwar richteg geduecht, mee och eng geschützte Kierch kann entweit an duerno enger net-reliéiser Bestëmmung zougefouert ginn.
Nom Gesetz vum 13. Februar kann eng Gemeng, déi Proprietär vun engem Kierchegebai ass, déi reliéis Zweckbestëmmung vum Gebai ophiewe loossen, woubäi den Inventaire, dee sech an der Kierch befënnt (wéi zum Beispill d’Sakralgéigestänn), an de Besëtz vum Kierchefong iwwergeet. De Kierchefong huet op där anerer Säit awer och de Choix, d’Gebai entweeder ze kafen oder awer mat der Gemeng e Kontrakt ofzeschléissen, fir et weider ze notzen. Dobäi besteet och d’Méiglechkeet vun enger spéiderer duebeler Notzung, bei där d’Kierchegebai zum Deel fir reliéis Zwecker an zum Deel fir kulturell Evenementer, déi vun der Gemeng oder vu lokale Veräiner organiséiert ginn, ka genotzt ginn. D’Käschte fir den Ënnerhalt an déi néideg Reparaturen a Renovatiounen, esouwuel vun enger reliéis ewéi och anerwäerts genotzte Kierch, mussen natierlech vum Proprietär gedroe ginn. A bestëmmte Fäll, wéi bei der Iechternacher Basilika an der Stater Kathedral, erlaabt d’Gesetz et dem Lëtzebuerger Staat, enger Gemeng beim Ënnerhalt vun enger Kierch finanziell ënner d’Äerm ze gräifen.
Bis haut steet nëmmen e klengen Deel vun de Lëtzebuerger Kierchen (ronn ee Fënneftel) ënner dem Statut vum Monument national, obwuel vill Denkmalschützer der Meenung sinn, datt bal all Sakralgebai zu Lëtzebuerg d’Krittäre fir esou e Klassement erfëllt. Wat schützenswäert ass, gëtt net onbedéngt der subjektiver Schéinheet no decidéiert, mee ënner anerem éischter derno, ob e bestëmmt Gebai eng Bedeitung fir d’Sozial- oder Heemechtsgeschicht huet, wat fir déi allermeeschte Kierchen däerft de Fall sinn. Et steet iwweregens all Mënsch fräi, bei Sites et Monuments op eegen Initiativ eng Demande anzereechen, fir eng Kierch (oder och all anert Gebai, dat him um Häerz läit) schützen ze loossen.
D’Erhale vum Lëtzebuerger Kierche-Patrimoine, mat deem warscheinlech vill Awunner grondsätzlech wäerten averstane sinn, ass wuelgemierkt keng bëlleg Saach – schonn eleng d’Rechnung fir d’Reparatur vun engem futtisse Kierchendaach ka ganz séier astronomesch ausfalen. De Kierche-Sujet ass dobäi awer nëmmen en Deel vun enger allgemenger Diskussioun ëm den Denkmalschutz, déi schonn eng Rei vu Joren amgaang ass. Dobäi gouf ënner anerem kritiséiert, datt schützenswäert Gebaier géifen aus Profitstriewen ofgerappt ginn, datt Sites et Monuments personell ënnerbesat wier, datt de Staat an d’Gemengen net genuch fir d’Erhale vun architektonesch wäertvolle Baute géifen investéieren a villes méi. Elo, wou d’Pandemie an hir Auswierkunge considerabel Abousse bei de Recettë vum Staat an de Gemenge verursaacht hunn, ass ze fäerten, datt de Problem vun der Finanzéierung vu schützenswäerte Gebaier sech an nächster Zäit kaum wäert léisen – an dat gëllt leider och fir d’Lëtzebuerger Kierchen …
En Artikel vum Patrick Calzi