Iechternach, déi kleng Stad un der Lëtzebuerger Grenz zu Däitschland a gläichzäiteg déi eelste Stad vun eisem Land. Wie kennt se net? Denkt een un Iechternach, kommen engem als éischt de Willibrord, seng Abtei an de Séi an de Sënn. Awer och archeologesch huet Iechternach esou muenches ze bidden. Direkt beim Parking vum Iechternacher Séi fënnt een eng sougenannte Villa Rustica, e Landhaus aus den Zäite vum Réimesche Räich, déi an den 1970er-Joren entdeckt gouf. Zu hirer Zäit huet des luxuriéis Villa hiren Awunner praktesch all Luxus gebueden. Interesséiert een sech e wéineg méi fir d’Gebai a fir Iechternach zu der Zäit vun de Réimer, bitt engem de Musée direkt niewendrun d’Méiglechkeet, alles iwwer den Alldag am ale Roum gewuer ze ginn.
Zéng Mol méi dënn ewéi en Hoer, an awer eenzegaarteg. De Luxembourgit ass ugangs 2012 duerch Zoufall bei Aarbechten un engem neie Schacht vun der SEO (Société Electrique de l’Our) an der Géigend vun der Kofferminn zu Stolzebuerg fonnt ginn. Scho kuerz no der Entdeckung stoung fest, datt et ee fir Lëtzebuerg ganz raart Mineral wier. De Luxembourgit huet eng fir dës Géigend éischter ongewéinlech Zesummesetzung, déi aus den Elementer Sëlwer, Koffer, Bläi, Bismut a Selen besteet. D’Entdeckung gouf den 30. November 2018 der Commission on New Minerals, Nomenclature and Classification (CNMNC) vun der International Mineralogical Association gemellt an den 9. Abrëll 2019 ënner dem proposéierten Numm „Luxembourgite“ unerkannt.
Ronn 85 Joer ass et hier, datt den Nicolas Thill am Joer 1935 an der Géigend vu Reiland de sougenannten eelste Lëtzebuerger entdeckt huet. Éischt Hypotheesen, déi no der Entdeckung vum Skelett beim Loschbour am Dall vun der Schwaarzer Iernz gemaach goufen, hunn sech no den Analyse bestätegt. Et handelt sech ëm en erwuessene Mann, dee viru ronn 8.000 Joer soll gelieft hunn.
Bei där selwechten Ausgruewungen goufen deemools Iwwerreschter vun enger Feierplaz a vun engem weidere Skelett gesammelt, déi dunn an der Reserv vum Staatsmusée leie bliwwe sinn, bis se am Joer 1998 nees entdeckt goufen.
No den Analyse vun den Iwwerreschter huet sech erausgestallt, datt et sech ëm eng erwuesse Fra géif handelen, déi ëm ee Joerdausend méi al ass wéi de Loschbour-Mann, an domat ëm 9.000 Joer al ass.
No der Verëffentlechung vun de Resultater huet de Loschbour-Mann säin Titel vum eelste Lëtzebuerger mussen un d’Loschbour-Fra oftrieden.
Beim Bau vun der Collectrice du Sud zu Suessem goufen ufanks der 1990er-Jore verstengert Reschter vun engem bal kompletten Dinosaurierskelett vun engem Plesiosaurus fonnt. De Plesiosaurus gehéiert zur Gattung vun de grousse Mieresreptilien an huet am Mesozoikum, dem Zäitalter, dat viru ronn 252 Millioune Joren ugefaangen huet, gelieft. D’Plesiosaurier hate véier Schwammflossen un engem grousse Kierper mat laangem Hals an e relativ klenge Kapp, a waren tëschent dräi a fofzéng Meter laang. Deen éischte Plesiosaurier gouf am 19. Joerhonnert zu Dorset a Groussbritannie fonnt.
No intensive Vergläichsstudien duerch d’Paräisser Paleontologin Peggy Vincent an d’Ekipp vum Lëtzebuerger Natur- a Geschichtsmusée (MNHN) steet haut awer fest: Beim Lëtzebuerger Exemplaire handelt et sech ëm eng bis elo onbekannte Spezies. Als Hommage un déi mythesch Lëtzebuerger Waasserfee Melusina hunn d’Fuerscher hir den Numm Microcleidus Melusinae ginn.
De Skelett vum Microcleidus Melusinae kann een haut am MNHN bestaunen.
1995 sinn d’Aarbechter bei Bauaarbechte fir d’Erweiderung vun engem landwirtschaftleche Betrib op eng réimesch Villa gestouss. No engem Baustopp am Fréijoer 1995 goufen du bei den Ausgruewungen e Mosaik, eng Waasserleitung a Wandmolereien entdeckt. Och weider Deeler vun der Villa, zwee Zëmmer an eng Galerie, goufen no an no fräigeluecht. Am Mëttelpunkt steet awer nach ëmmer de Mosaik, op deen den algriicheschen Dichter Homer am Krees vun den néng Musen ze gesinn ass. De Mosaik, deen 240 no Christus entstanen ass, weist d’Musen an der Reiefolleg, déi de griichesche Schrëftsteller Hesiod 700 viru Christus festgeluecht huet.
Eng exakt Kopie vum Mosaik kann een haut zu Viichten tëschent dem Gemengenhaus an der Kierch bewonneren.
Weider interessant Sitte mat archeologeschen Entdeckunge fannt Dir op der Säit vu visitluxembourg.