Et ass Kiermes am Duerf …

… an de Spillmann ass do!

Déi Jonk, déi ginn danzen an déi Al kucken no?
Quetschen och, nokucken! Op der Kiermes vu fréier ware besonnesch déi Al wéi benzeg drop, fir bei Polka, Masurka a Konterdanz iwwer den Danzbuedem ze wenzelen, an déi Jonk hu sech dat emol ugekuckt, fir et spéider nomaachen ze kënnen. Wa fréier Kiermes am Duerf war, da war de Spillmann och alt emol dee ganze Weekend gefuerdert, an esouguer a villen Dierfer och nach méindes owes, wou dann deen traditionelle Kiermesbal beim Duerfwiert op der Landbarrière gelackelt huet. De Spillmann koum mat sengem Brëtellspiano, ouni Verstäerker oder Bassverzerrer an huet derbäi gesongen – ouni Mikro, Echo an Hall, an zwar bis hien hees war, da koumen e puer instrumental Stécker, bis d’Strass erëm geschmiert war.

De Begrëff Kiermes kënnt eigentlech meeschtens vu kierchleche Fester hier, déi eng laang Traditioun opweises hunn an sech op Fester aus dem Mëttelalter bezéien. Besonnesch dee strikt lokale Charakter vun esou enger Kiermes gëtt hir dee besonnesche Flair, wéi zum Beispill zu Mëtscheed bei Heischent, wou et eng Traditioun ass, an normalen (Net-Corona-)Zäiten, Enn September bis Ufank Oktober e Fest um Liewenshaff ze feieren, zum Beispill mam Georges Christen als Haaptattraktioun, doniewent Zauberer, Jongleuren a Poppentheater. Grouss a Kleng loossen sech dës Attraktioune gutt gefalen, iesse gebakene Fësch oder Fierkel um Spiiss oder drénken e Fiederwäissen, wann dat iwwereneepasst. Et ass eng Kiermes, wéi et se fréier emol war, mat engem Karussell, Intefëschen a Lotteriesstand, eng Kiermes fir Grouss a Kleng! Nach haut ass awer och déi Welleschter Kiermes mat hirer Duederendrëpp bis iwwer d’Grenze vum Land bekannt. Kiermes am Duerf, dat war fréier natierlech och fir d’Kanner e ganz besonnescht Fest. Als Butz huet de Schreiwer vun dësen Zeilen zu Gaasperech gewunnt, an do war reegelméisseg fir déi Gaasperecher Kiermes eppes lass, och wann een dat net méi mat haut ka vergläichen.

Eng kombinéiert Fritten-Eisekuch-Nougat-Bud op där enger Säit a queesch vis-à-vis eng klassesch Schéissbud, wou mir Bouwen eist halleft Täschegeld verschoss hunn, fir der heemlecher Schoulfrëndin eng himmelblo oder duusrosa Fläschelche séissen opdréngleche Parfum kënnen ze schenken. Ass et mat de Kitten dofir net méi duergaangen, dann huet alt missen eng Rous aus Plastik duergoen, well do war nëmmen eng eenzeg Päif drun, fir ze zerschéissen. An der Mëtt vun der Plaz stoung dann dee klassesche Raup, op dee mir eis dat ganzt Joer gefreet hunn, all Joer dee selwechten, heiansdo mol mat neie Biller drop. Awer ëmmer ass d’Flätsch duerch d’Loft gefladdert, a wien déi vum Krop erofgezunn huet, krut e Bong fir en zousätzlechen Tour. Iwwerdeems d’Yvette, d’Jacqueline oder d’Irène dem Fletschemann schéin Ae gemaach hunn, fir datt hien d’Flätsch net grad esou héich an d’Luucht sollt zéien, hu mir Bouwen eis onméiglech verrenkt a si wéi mëll duerch de Weenche gehopst, fir dat Déngen ze fänken. Et war näischt mat Knuppautoen oder soss exotesche Spiller, déi hautdesdaags op der Fouer ze fanne sinn (wann dann eng ass …). Iwwerhaapt ass dat Ganzt haut vill méi kommerziell ginn an huet de Charme vu fréier dach e bësse verluer.

Kiermes am Duerf, dat war deemools e reegelrecht Fest, mat Hämmelsmarsch, mat engem zousätzleche Congésdag a mat Ham, Fritten an Zalot. A wa mir scho beim Iesse sinn, dat gouf bei eis an der Famill och reegelrecht zelebréiert op Kiermessonndeg, an zwar vu menger Boma. De Menü war all Joer dee selwechten, a wa mir Kanner si gefrot hunn, wat et géif ze iesse ginn, dann huet si geschmunzelt a gesot „gefëlltent Päerd“, wat fir si hire fantastesche Vol-au-vent war. Virdru gouf et eng Héngerbritt mat Buschtawen a mir Kanner hunn eis ameséiert, fir domat wichteg Messagen op de Rand vum Zoppenteller ze schreiwen, mol Boma, mol Cora (eisen Hond), awer och alt emol just grmzlbrz, oder esou. Nom gefëlltene Päerd koum dann den Dessert, op deen ech ëmmer besonnesch ongedëlleg gewaart hunn, eng Crème grand-mère respektiv eng Ile flottante. Joer fir Joer war et dee selwechten Zenario, awer ni ass e langweileg ginn.

Et ass schued, datt haut net méi allze vill vun dëser Onbeschwéiertheet vu fréier bliwwen ass, zum Deel natierlech och coronabedéngt. Zu Gousseldeng zum Beispill kënnt nach just d’Musek brav hiren Hämmelsmarsch spillen, mee se geet awer net méi mat de Rabbelbéchse vun Dier zu Dier fir opzehiewen. Amplaz kritt een en Ziedel mat enger Kontosnummer an d’Boîte, fir datt ee kann en Hämmelsmarsch-Virement maachen. A wann d’Musek dann eppes iwwerwise kritt, da leien d’Hämmele vu Freed um Réck – dat nennt een da „mouton retourné“!

En Artikel vum Sully Prud‘homme

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.