Speziell, an op europäeschem Niveau schonn aussergewéinlech an eemoleg, ass, datt déi Organisatioun vun den Elteren, déi souwuel un der Ausriichtung wéi och un der Aarbecht vun der APEMH bedeelegt sinn, matgedroe gëtt.
Dofir ass et mir en Uleies, fir aus der Siicht vu betraffenen Elteren ze weisen, wat fir en Impakt d’APEMH op d’Entwécklung vun enger betraffener Persoun kann hunn a wéi si duerch hir inklusiv Approche kann derzou bäidroen, d’Liewensqualitéit vun där Persoun entscheedend ze verbesseren, an dat unhand vun der Liewensgeschicht vu mengem Jong, dem Tom.
Am Abrëll 1977 ass den Tom op d’Welt komm an no e puer Deeg huet et geheescht, et misst onbedéngt e Bluttaustausch virgeholl ginn. Leider schonn e bësse spéit, wéi sech spéider sollt erausstellen, esou datt d’Beanträchtegungen an der kognitiver Entwécklung net sollten ausbleiwen. Dee Moment awer goufe mir weeder vum Personal nach vum Dokter iwwer méiglech Konsequenzen informéiert!
Mir hunn no a no gemierkt, datt dem Jong seng Entwécklung net esou ofgelaf ass, wéi dat ze erwaarde gewiescht wier, goufen awer, ënner anerem vun den Dokteren, ëmmer erëm vertréischt: „Dat kënnt schonn nach.“ Bis mer enges Daags en Dokter fonnt hunn, deen eis opgekläert huet. Vun deem Moment un hu mer beschloss, dem Tom säi Liewen esou schéin ewéi nëmme méiglech ze gestalten.
Den Tom hat eng frou Kandheet, ëmgi vu Brudder a Schwëster, déi hien iwwerall matgeholl hunn.
Wéi dunn d’Schoulzäit ugefaangen huet, hu mer de Schrëtt gewot, den Tom an déi normal Schoul anzeschreiwen. E puer Schoulmeeschteren waren och bereet, hien an hir Klass ze integréieren.
Et huet sech awer zimmlech schnell erausgestallt, datt eise Schoulsystem deemools nach net zeideg war fir eng inklusiv Approche – e System, deen dat Wuert differenzéieren nëmmen um Pabeier kennt an dee sech drop versteift, d’Schwächte vun de Kanner opzedecken amplaz op hir eventuell Stäerkten ze setzen, huet derzou gefouert, datt d’Ënnerscheeder tëschent dem Tom a senge Klassekomeroden ëmmer méi grouss gi sinn. Dem Tom seng Selbstsécherheet a säi Selbstvertrauen hu staark ofgeholl, hien huet sech komplett zeréckgezunn an hat d’Gefill, ausgeschloss ze sinn. A wéi hien dunn enges Daags beim Ubléck vun enger Persoun mat Behënnerung gesot huet: „Kuck Papp, do ass een ewéi ech, deen näischt kann!“, hunn ech d’Noutbrems gezunn.
Den Tom gouf an d’Ediff ageschriwwen an no engem gescheiterte Versuch, hien op den 1. Aarbechtsmaart (bei der Gemeng) ze integréieren, hu mir eng Demande bei der APEMH gemaach.
Mir sinn als éischt vum Personal vum Service social ganz léif empfaangen a gutt berode ginn an haten direkt d’Gefill, dat Richtegt fir den Tom gemaach ze hunn. Hien huet kuerz duerno seng Beruffsausbildung an den Aarbechtsstrukture vum Domaine du Château zu Betteng op der Mess ugefaang. Hien huet do, esou wéi dat bei der APEMH Traditioun ass, sämtlech Atelieren duerchlaf an et sollt sech erausstellen, datt seng Stäerkten a seng Affinitéiten däitlech am Beräich vun der Gäertnerei louchen. A well bei der APEMH d’Leit un hirer Zukunftsplanung bedeelegt sinn an no hirer Meenung gefrot ginn, huet et sech erginn, datt et dem Tom säi gréisste Wonsch war, eemol Gäertner ze ginn. Nom Enn vun der Ausbildung huet hien ugefaang, an der Gäertnerei zu Betteng op der Mess ze schaffen. De Kontakt zu senge Mataarbechter, dat flott Verhältnes zu de Betreier, déi déi betraffe Persoune mat enger gudder Portioun Humor als gläichberechtegt Partner behandelen, d’Erfarung, awer eppes ze kënnen: All dat huet schnell derzou gefouert, datt den Tom sech „opgemaach“ a méi wuelgefillt huet.
An dunn hat hie kuerz drop déi grouss Chance, an deen neien, fir mech nach haut ambitiéise Projet vun der APEMH eranzewuessen: d’Iwwerhuele vum Beetebuerger Park, fir doraus eng nei Zort vun inklusiv-sozialer Entreprise ze maachen, wou Professioneller a Koproduktioun mat Leit mat Beanträchtegung zesummeschaffen, an dat och nach am stännege Kontakt mat der Bevëlkerung, de Visiteure vum Park. Vun deem Moment un huet beim Tom eng grouss Verännerung stattfonnt: Déi humorvoll Begleedung vum Personal, d’Tatsaach, datt déi betraffe Leit an de Projet agebonne sinn, datt si bei den Diskussiounen iwwer d’Ausriichtung an d’Erneierungen derbäi sinn an no hirer Meenung gefrot ginn, de Kontakt mat de Visiteuren (dorënner waren deelweis fréier Schoulkolleege mat hire Kanner, déi op den Tom duergaang sinn) – dat alles huet derzou bäigedroen, datt den Tom opgebléit ass. Hien huet u Selbstsécherheet, Selbstwäertgefill a Selbstvertraue gewonnen, huet lues a lues eng net méi fir méiglech gehalen Autonomie an den deegleche Gesten entwéckelt an huet virun allem erëm selwer no soziale Kontakter gesicht.
Haut lieft den Tom semi-autonom a senger Wunneng (a brauch just Hëllef bei administrativen a finanzielle Froen), geet op Concerte vun der Musek, besicht d’Matcher vu sengem Baskettsveräin, hëlleft bei der Organisatioun vun de Coursse vum Liichtathletikveräin, hëlt mat Begeeschterung un den IVV-Marchen deel an ass iwwerall gär gesinn!
Als Fazit wëll ech nach eng Kéier betounen, datt d’APEMH dem Tom wierklech villes bruecht huet: Freed um Liewen, Wuelbefannen, Selbstsécherheet a Selbstvertrauen, eng grouss Autonomie a virun allem e Kaddo, dee fir mech ëmmer nach dee schéinste Kaddo ass, deen een enger Persoun mat Beanträchtegung ka maachen – d’Gefill, an awer och déi reell Erfarung: „Du bass net ausgeschloss, du gehéiers derzou.“
En Bericht vum Roland Anen