An den 1980er-Joren hate mir keng gereegelt a standardiséiert Accessibilitéit hei zu Lëtzebuerg. Mir hate just den internationale Piktogramm mam wäisse Rollstull op bloem Fong. Jidderee konnt dee benotzen, quasi esou, wéi e wollt. Et konnt een näischt kontrolléieren, well et gouf keng national Reglementatioun, op déi ee sech hätt kënne baséieren. Deemools konnt een néierens higoen, ouni virdru gefrot ze hunn, wéi gutt déi Plaz mam Rollstull zougänglech wier. Well ganz oft waren d’Leit der Meenung, datt, wann ee just zwee kleng Träppleken hätt, ee jo schonn accessibel wier, well d’Träppleke jo kleng wieren a Leit am Rollstull jo souwisou ni eleng ënnerwee wieren, also ëmmer een dobäi hätte fir ze hëllefen.
Derno huet sech d’Europäesch Kommissioun (Bureau for Action in Favour of Disabled People, dee spéider Unit Integration of the Disabled – DGV ginn ass) dem Problem vun der Accessibilitéit ugeholl a sech drop gëeenegt, datt e gemeinsaamt Virgoen an der Accessibilitéit gebraucht gëtt, fir iwwerall déi selwecht Standarden ze definéieren. 1990 ass dunn, ënner hollännescher Regie, de European Manual for Accessibility erauskomm. Dora ware Propose fir europäesch Accessibilitéitsnormen. Dat Manuskript koum awer an Europa net gutt un, well zu deem Ament schonn eng Rei Länner hir eege Krittären haten a si déi derno net wollten änneren. Mir waren also nach ëmmer um selwechten Niveau, just datt verschidde Länner keng Normen haten an aner Länner ënnerschiddlech Normen.
Eng nei Oplag am Joer 1996 ënner dem Numm European Concept for Accessibility (ECA) war dunn och éischter e politescht Dokument fir eng europäesch Erugoensweis un d’Accessibilitéit.
1997 huet Info-Handicap d’Koordinatioun vum ECA-Reseau iwwerholl. Zwee Joer méi spéit huet Info-Handicap dunn, op Wonsch vum Familljeministère, en nationalen Aarbechtsgrupp opgestallt, fir datt Lëtzebeurg seng eegen Norme kéint opsetzen, an dat mat all de verschiddenen Associatiounen aus dem Behënnerteberäich. Säitdeem ass d’Diskussioun zu Lëtzebuerg méi strukturéiert an d’Informatioune si fiabel ginn. Dat huet sech virun allem an engem Interreg-Projet gewisen, aus deem spéider den nationalen Accessibilitéitslabel EureWelcome ervirgaangen ass. Info-Handicap war an deem Aarbechtsgrupp den technesche Beroder fir de Familljeministère an huet sech do fir zouverlässeg Informatiounen an eng gemeinsam Approche agesat. Mir hunn deemools opgehalen, einfach nëmmen Informatioune weiderzeginn, a si méi spezifesch op de Besoin vun der betraffener Persoun agaangen. Eng Persoun an engem Elektrorollstull oder eng Persoun mat engem Rollator huet aner Uspréch un d’Zougänglechkeet vun engem Gebai wéi eng Persoun mat engem manuelle Rollstull. Et huet sech erausgestallt, datt déi Lëtzebuerger Approche méi wäit gaangen ass a méi zouverlässeg war wéi déi vun eisen Nopeschlänner.
Déi gesammelt Erfarungen an Aarbechte vum nationalen Aarbechtsgrupp sinn am Guide des normes festgehale ginn, deen als Referenzdokument vum Gesetz vum 29. Mäerz 2001 iwwer d’Accessibilitéit vun den ëffentleche Gebaier publizéiert ginn ass. Mam Gesetz vum 7. Januar 2022 gouf d’Gesetzgeebung iwwer d’Accessibilitéit vill méi wäitleefeg an och an de private Beräich iwwerdroen. De Règlement grand-ducal vum 8. Februar 2023 leet d’Modalitéite fir dëst Gesetz fest. D’Uwendung vum Gesetz op de private Beräich war eppes, wat de Behënnertesecteur scho laang gefrot hat. Elo sinn net nëmmen ëffentlech Gebaier am Gesetz virgesinn, mee och privat Gebaier wéi zum Beispill de Commerce, den Hebergement, d’Gastronomie asw. an esouguer eenzel Partie-communne vu Residenzen. Eng grouss Erweiderung vun dësem Gesetz ass et, datt och déi scho bestoend Gebaier am Laf vun den nächste Joren zougänglech gemaach musse ginn. Des Weidere ginn et vill manner Ausnamesituatiounen, an deenen een e Gebai net brauch zougänglech ze maachen.
Den 13. Dezember 2006 ass d’UN-Konventioun fir d’Rechter vu Leit mat enger Behënnerung erauskomm. Lëtzebuerg huet se 2007 ënnerschriwwen an 2011 ratifizéiert. D’UN-Konventioun seet, datt Accessibilitéit e Recht ass.
De Problem mat der UN-Konventioun ass awer, datt den Ëmsetzungsprozess schleeft an deemno laang dauert. De politeschen Drock feelt leider. En aneren Acteur hei zu Lëtzebuerg fir Accessibilitéitsfroen ass d’ASBL ADAPTH. Si kann technesch Léisunge proposéieren, fir allméiglech Plazen zougänglech ze maachen, mee och si huet kee Pouvoir, fir d’Ëmsetzung vun der UN-Konventioun mat aller Konsequenz virunzebréngen.
D’Léisung hei zu Lëtzebuerg, wéi se och vun enger ganzer Rei Organisatioune vun a fir Leit mat Behënnerunge gefuerdert gëtt, wier eng politesch Instanz, déi nëmme fir Froen a puncto Behënnerung zoustänneg ass, an dat fir all d’Ministèren. Dës Instanz, déi sech fir d’Rechter vu Leit mat enger Behënnerung géif asetzen, kéint dann och den Inventaire vun de Besoine maachen a Léisunge proposéieren.
Mee och op europäeschem Niveau sinn et Neierunge ginn. Sou ass den Europäesche Rechtsakt fir Zougänglechkeet (European Accessibility Act, EAA) a Kraaft getrueden. Dës Richtlinn viséiert d’Harmoniséierung vun der Accessibilitéit vu verschiddene Produkter an Déngschtleeschtungen. Dëst bréngt Erliichterunge fir Leit mat de verschiddenste Behënnerungen an och fir eeler Persounen.
Déi Richtlinn gesäit verschidden Erliichterunge vir: Allgemeng ass fir behënnert Leit e prioritären Zougang an eng perséinlech Assistenz virgesinn; fir Persoune mat ageschränkter Seefäegkeet oder blann Leit sinn Hëllefsmëttele wéi eng Sproochausgab, d’Braille-Schrëft an Assistenzhënn virgesinn, déi se begleeden däerfen.
Mee leider ass et esou, datt dës Erliichterungen awer net fir all Land bindend sinn a se sinn och net an all Land virgesinn. Déi behënnert Persoun muss also nach ëmmer am Viraus nofroen, fir genau ze wëssen, wéi eng Erliichterungen et dann elo an deem europäesche Memberstaat gëtt, an dee se wëllt reesen. Zousätzlech muss een och beuechten, datt dës Richtlinn nach net an all Land ëmgesat gouf.
Wann ech elo e Fazit géif zéien, géif ech soen, datt mer am Laf vun de Joren de Begrëff „Zougänglechkeet“ bestänneg erweidert hunn. Wann am Ufank eigentlech just un de Rollstullfuerer geduecht ginn ass, esou sinn am Laf vun der Zäit och ëmmer méi déi aner Behënnerunge mat consideréiert ginn. Muenches konnt duerch den technologesche Fortschrëtt erméiglecht ginn oder awer duerch de méi heefegen Asaz vun Texter a Liichter Sprooch oder de Gebrauch vu Piktogrammer. Anerersäits musse mir betraffe Persoune vun Ufank un iwwerall mat agebonne ginn, fir datt mer Projeten ewéi zum Beispill eisen Tram, dee fir all Mënsch – ob mat oder ouni Handicap – agreabel ze benotzen ass, ëmgesat kréien. Aus menger perséinlecher Erfarung kann ech soen, datt een allkéiers, wann e Gesetz geännert ginn ass, e puer Joer duerno konnt Erliichterungen am Alldag feststellen.
En Artikel vum Raymond Remakel (ënner anerem fréiere Member vum CET, vun Info-Handicap, vum Réidener Gemengerot …)