Och mir wëlle schmusen: Eng Datingplattform fir leit mat engen Handicap?

Et ass haut scho bal selbstverständlech: wann een e Partner oder eng Partnerin sicht, dann huet een niewent villen anere Méiglechkeeten och déi, op Datingplattformen zeréckzegräifen.

Wann een e kierperlechen, geeschtegen oder séileschen Handicap huet, da sinn déi „üblech“ Alternative bei der Partnersich oft nëmme schwéier zougänglech.

Mir hunn der Madamm Nathalie Oberweis, Member vun der Direktioun vun Autisme Luxembourg a.s.b.l. a vum Aarbechtsgrupp „Partnerbörse“ vun Info-Handicap zu dësem Theema e puer Froe gestallt.

Madamm Oberweis, huet eng Persoun mat engem Handicap et méi schwéier, e Partner ze fannen?

Vill Persoune mat engem Handicap wunnen an enger Institutioun. Do ass et leider net ëmmer méiglech, zu all Moment op de Wonsch vum Eenzelen anzegoen an de Choix vun de Sortië gëtt oft vum Grupp an net vum Eenzelen a senge Besoinen a Wënsch getraff. Dat ka mat sech bréngen, datt d’Sortië vläicht net esou variéiert sinn, wéi deen Eenzele sech dat wënscht, esou datt een oft déi selwecht Leit erëmgesäit. D’Realitéit um Terrain mécht et oft schwiereg, nei Leit kennenzeléieren an op nei Plazen ze kommen.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Den ëffentlechen Transport bleift och fir vill Leit mat engem Handicap aus ville verschiddene Grënn ëmmer nach eng Contrainte. Den Adapto als Transportmëttel ass een noutwendegen a flotte Service, mee en huet seng Limitten an de Faarten an an den Horairen.

Info-Handicap huet en Aarbechtsgrupp „Partnerbörse“ gegrënnt?

Den Aarbechtsgrupp Partnerbörse vum Grupp »Vie affective et sexuelle des personnes en situation de handicap«, deen op Initiativ vun Info-Handicap 2017 lancéiert gouf, huet sech mat genee deenen Thematike befaasst. „Wat gëtt et schonn? Wat bräicht een nach zu Lëtzebuerg?“ Eis war bewosst, datt et schonn eng ganz Partie Initiativen a Servicer um Terrain gëtt, fir de Leit d’Méiglechkeet ze ginn, Kontakter ze knëppen an nei Leit kennenzeléieren. Wat et zu Lëtzebuerg awer bis elo nach net gëtt, ass eng Datingplattform, wéi et där am noen Ausland wéi z. B. an Däitschland mam Veräin Die Schatzkiste scho gëtt. Eng Aktioun vum Grupp war dann och eng Visite bei der Schatzkiste zu Saarbrécken, déi eis nei Erfarungen an Informatioune bruecht huet.

Wéi eng méi spezifesch Iwwerleeunge muss den Aarbechtsgrupp berücksichtegen?

Vu vir era war et dem Aarbechtsgrupp kloer, datt mir zesummen (mat an ouni Handicap) no Piste siche wollten, déi eis fir eng Datingplattform wichteg ze si schéngen. Dozou gehéiert zum Beispill ee limitéierten (fir Membere vun der Plattform) Accès op eng Datebank wëllen ze erméiglechen, déi ville Besoine sollt gerecht ginn. Noutwendeg Funktioune kéinten do z. B. Virlies-Funktioun, Filter fir liicht Sprooch, Fotoen, Audio / Film-Dateien … sinn.

Laueren net och Geforen op de Benotzer vun esou enger Datingplattform?

Den Zougang sollt iwwer ee geschützte Kader vergi sinn, fir Abuse vu bausse vu vir era méi schwiereg ze maachen. An deem Sënn ass d’Iddi eis wichteg, déi concernéiert Leit wuel vrun engem méiglechen Abus, mee net vrun Erfarungen am positive wéi och am negative Sënn wëllen ze schützen. Dem Normaliséierungsprinzip géif ee sécher net entspriechen, wann een de betraffene Persounen Erfarungen, wéi se jidderengem vun eis zoustinn, erspuere wéilt.

Zil vun esou enger Datingplattform wier et an eisem Verständnis, fir jidderengem een Zougangsrecht op eng Datingplattform ze ginn, mee sécherlech net fir jiddereen e Partner ze fannen. Och sollt ee sech bewosst sinn, datt Erwaardunge ganz ënnerschiddlech kënne sinn an am Virfeld sollte gekläert ginn. Et huet net jiddereen déi selwecht Virstellunge vu Frëndschaft, Partnerschaft a Sexualitéit. Wou deen ee vläicht éier ee Partner fir Fräizäitaktivitéite sicht, huet en anere vläicht ganz konkreet kierperlech Bedierfnesser.

Ass et mat enger Datingplattform gedoen?

An deem Kontext wier et flott, wa verstäerkt Demarchë ronderëm den Theema kéinten ugebuede ginn, fir déi betraffe Persounen an hirer Sich no enger Frëndschaft/Partnerschaft, déi hirer Virstellung entsprécht, ze begleeden. Aktivitéite wéi „Small-Talk-Training, Flirtschoul, Speed-Dating, Koppelweekender …“ sollten à la carte méiglech an domat fir jiddweree mat Interessi dorun zougänglech sinn.

Gesellschaftspolitesch ass et essentiel wichteg, d’Theema uspriechbar ze maachen an et domat ze ent-tabuiséieren. Mat Hibléck dorop, datt Lëtzebuerg d’UN Behënnerterechtskonventioun ratifizéiert huet an domat eng Obligatioun agaangen ass, ass et net méi ze denken, Leit mat enger Behënnerung d’Recht op eng selbstbestëmmte Partnerschaft a Sexualitéit net zouzegestoen. Fir bei eisem Agangssaz ze bleiwen: Och si wëlle schmusen!

Nathalie Oberweis fir den Aarbechtsgrupp „Partnerbörse“

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.