„Moien!“
„Du och hei?“
„Natierlech, gi mer danzen?“
„Hoffen, den DJ spillt AC/DC!“
„Ass d’Karin och hei?“
„Nee, nach net, mee hatt kënnt awer, sot hatt!“
„Da komm, mir ginn alt eran danzen, den DJ waart schonn.“
Genee esou, oder esou änlech, héiert een et an der Schlaang virun der Entrée vun der Discotisme, enger Disco fir Leit mat enger Beanträchtegung, awer natierlech och fir Leit ouni, eeben eng Disco fir jiddereen.
Wann een déi Gespréicher esou héiert, mierkt een eigentlech kee groussen Ënnerscheed zu enger „normaler“ Soirée.
Firwat gëtt et dann also Discotisme?
Déi Fro beäntwert sech eigentlech ganz einfach. Erausgoe bréngt fir vill beanträchtegt Leit trotz allem nach vill Hürden a Schwieregkeete mat sech. Dës Hürde probéiere mir aus dem Wee ze raumen, an dat ass nawell net ëmmer esou einfach.
Sou sinn d’Kriticken um Projet eigentlech ganz breetgefächert. Et geet vu „Firwat ass d’Disco net freides owes an an der Nuecht, sou wéi aner Discoen och – dat wier Normalitéit!“ iwwer „Firwat mussen d’Leit, déi bei iech an d’Disco kommen, Entrée bezuelen? Et wier dach e schéine Gest, wann et gratis wär!“. Genee tëschent dësen Aussoe fënnt sech Discotisme erëm an huet sech follgendermoosse positionéiert:
Discotisme ass, wéi ee scho konnt erausliesen, eeben net an der Nuecht, mee a reegelméissegen Ofstänn samschdes am Nomëtten. Dat ass awer keen Zoufall: Duerch eis Erfarung aus dem Beruff wësse mir, datt oft Contraintë bestinn, déi et enger Persoun mat enger Behënnerung immens schwéier maachen, fir zu deene „gewinnten“ Zäiten op den Tour ze goen. Sief et den Transport, deen eng Hürd duerstellt, oder d’Hëllef, déi vun enger Persoun gebraucht gëtt. Dëst wier zum Beispill a Foyeren oft immens schwéier ëmzesetzen, well wärend den Nuetsschichten net esou vill Leit present si wéi daagsiwwer. D’Zil ass et eeben, fir jidderengem d’Méiglechkeet ze ginn, fir kënnen derbäi ze sinn. A wa mer éierlech sinn – eng gutt Après-Schi-Party fänkt och mëttes un, an dat war nach ni ze fréi!
D’Stéchwuert „normal“ ass am Beräich vun der Behënnerung natierlech och ganz present. Sou gëtt ganz oft vum sougenannten Normaliséierungsprinzip geschwat, dee mir an eisem Konzept och déif verankert hunn. D’Disco ass zum Beispill op Plazen, wou och aner Soiréeë stattfannen. Am Ufank war dat am Double Deuce zu Féiz, duerno am Wicki Beach zu Wickreng a mëttlerweil am Grizzly a Clausen. Dat sinn dräi Clubben, déi Jänni a Männi kennt/kannt huet, wann en da reegelméisseg hei am Land erausgaangen ass. A genee dat ass wichteg. Et geet drëm, datt eeben alles sou „normal“ wéi méiglech ass, an et soll jidderee kënne matmaachen. De Grondgedanke vun Inklusioun.
Den Normalitéitsprinzip weist sech dann och scho bei der Entrée. Jo, et gëtt eng Entrée, a jo, et kascht och Entrée, fir bei der Discotisme derbäi ze sinn. Dëst ass awer och wichteg. Wéi seet ee sou schéin: Wat näischt kascht, ass och näischt. Hei gëtt drop opgepasst, datt jiddereen déi néideg Zäit kritt, fir säin Entrée selwer ze bezuelen. Wann een Hëllef brauch, gëtt och gehollef, mee als erwuessene Mënsch ass et engem och wichteg, Saachen ewéi d’Bezuele vun enger Entrée selwer kënnen ze maachen, well een a ville Fäll déi Suen, déi een dofir brauch, jo och selwer verdéngt huet. Dofir kann et schonn emol virkommen, datt am Ufank vum Mëtteg eng kleng Schlaang virun der Dier ass. Dëst war awer bis elo nach ni en Theema, well et gehéiert jo och zu engem gudden Owend an der Disco derzou, virun der Dier an der Schlaang ze stoen.
Mat der Entrée, déi ee bezilt, suergt een dann och selwer fir eng gutt Qualitéit bei der Musek. Sou ass d’Musek, déi an der Discotisme leeft, net einfach eng fäerdeg Playlëscht. Et sinn DJen, déi de ganze Mëtteg hanner dem Mëschpult stinn. Dës DJe sinn dann och keng onbeschriwwe Blieder, mee et si Gréissten aus dem Lëtzebuerger Nuetsliewen, déi zum Deel haaptberufflech opleeën. Sief et den DJ Dee, den DJ Pinnbox, den DJ Nosi oder den DJ Dorian. Alles DJen, déi u villen Owender op deene verschiddenste Plaze fir gutt Stëmmung gesuergt hunn.
Mëttes nach bei Discotisme an owes schonn erëm an engem anere Club. A genee dat ass eis wichteg. Sou wéi jiddereen op eng bestëmmte Plaz geet, well do d’Stëmmung oder d’Musek am beschten ass, sou wëlle mir och déi bescht Stëmmung bei eis hunn.
A wann d’Musek dann awer emol näischt fir een ass, da gëtt alt e Patt gedronk. Jo, och dat gehéiert derzou. Et gëtt och Alkohol zerwéiert fir déi, déi gär e Patt hätten.
Aus dësem Grond ass et dann awer och wichteg, datt d’Sécherheet vu Persounen, déi keen Alkohol däerfen drénke respektiv déi néideg Begleedung an der Disco brauchen, och garantéiert ass. D’Organisateure kënnen dës Verantwortung natierlech net iwwerhuelen, well bei bis zu 150 Leit pro Disco wier et ganz schwéier, fir do den Iwwerbléck ze behalen an all Persoun gutt genuch ze kennen, fir ze wëssen, wat fir si gutt ass a wat net.
Déi 150 Entréeë waren natierlech och net vun der éischter Editioun un de Fall. Sou waren am Ufank 30 Leit op der Plaz. Dës Leit waren der dann och haaptsächlech, déi vun der ASBL Autisme Luxembourg betreit ginn. Dës Organisatioun ass, wéi een sech dat och scho kann denken, den Haaptorganisateur vum Event, woumat och den Numm sech praktesch vun eleng erkläert. Iwwer d’Joren, duerch „Mundpropaganda“, awer och duerch Flyeren an e geziilten E-Mail-Verdeeler, goufen déi Leit erreecht, déi haut op der Danzpist ze fanne sinn. Niewent dem Flyer hunn och Radiospotte vun Info-Handicap oder Interviewen op där selwechter Plattform gehollef, Discotisme ëmmer méi populär ze maachen.
E puer Editioune kommen all Joer erëm. Am Februar sinn d’Fuesboken ënnerwee, am Dezember begréisse mer de Mann mam laange wäisse Baart, an et ginn och Editiounen, fir Gebuertsdeeg ze feieren. Sou goufen der APEMH hir 50 Joer anstänneg zesumme gefeiert. An och doraus ass eng Kooperatioun entstanen, déi dat Joer drop nees eng nei Editioun opliewe gelooss huet: Elo si mir all Joer op hirem Summerfest a maache gutt Stëmmung.
Méi speziell Editiounen, op déi mer awer séier erëm konnte verzichten, waren ons Online-Editioune wärend der Corona-Zäit. Dës waren Editiounen, bei där coronabedéngt jidderee bei sech doheem virum Laptop gefeiert huet. Mir haten déi Zäit dorop zeréckgegraff, well mer net ganz wollten op déi schéi Momenter verzichten. Den DJ huet och hei ëmmer fir gutt Musek gesuergt, mee leider huet d’Gepoters an der Schlaang oder duerno beim Erausgoen awer gefeelt.
Dofir si mir frou, eis elo erëm kënnen zesummen an der Disco ze gesinn, fir ze schwätzen an ze danzen.
En Artikel vum Service d’Intervention Ambulatoire (SIA), Carmen Muller a Luc Ruppert
„Dat war gäil!“
„Wéini ass déi Nächst?“
„Egal, ech si jiddefalls erëm dobäi!“