Placeholder Dummy template

LUX ROLLERS Rollstullbasket

De Rollstullbasket ass 1946 vun deemolege Basketspiller an den USA erfonnt ginn, déi no hire Krichsverletzungen hire Sport wollte viru bedreiwen. Mëttlerweil gëtt Rollstullbasket an 80 Länner gespillt. De Rollstullbasket ass eng Sportaart fir Mënsche mat Behënnerung a gouf 1960 eng paraolympesch Disziplin.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

E puer Informatiounen iwwer de Rollstullbasket: Et gëtt op deem normale Basketsterrain gespillt, de Kuerf hänkt och op der normaler Héicht vun 3 Meter a 5 Zentimeter. All Ekipp huet 5 Spiller um Terrain a bis zu maximal 7 Ersatzspiller. Et gëtt 4 x 10 Minutte gespillt. D’Punkte gi gezielt, wéi dat am Basket üblech ass. Am Rollstullbasket muss een, wann een de Ball huet, och dribbelen. Et ass net erlaabt, wärend dem Match de Buedem mat de Féiss ze beréieren.

D’Ekipp um Terrain besteet aus Spiller mat ënnerschiddleche Behënnerungen. Och Leit, déi net behënnert sinn oder eng minimal Behënnerung hunn, kënnen an der Saison matspillen a benotzen de Basketsrollstull nëmmen als Sportgerät. Fir datt all Spiller jee no Behënnerung optimal kann agesat ginn, gëtt et e Klassifizéierungssystem.

Interessant um Rollstullbasket ass, datt Leit mat an ouni Behënnerung Sport zesumme bedreiwen, also d’Inklusioun duerch de Sport gefërdert gëtt.

1987 sinn d’LUX ROLLERS gegrënnt ginn. E puer Spiller, déi bis zu deem Zäitpunkt a verschiddenen Ekippen am Ausland gespillt hunn, hu versicht, hir Experienz an enger Ekipp zu Lëtzebuerg zesummenzedroen.

Vun 1987 bis 2003 waren d’LUX ROLLERS als Rollstull-Basketball-Sektioun bei der Amicale Sportive des Handicapés Physiques affiliéiert.

Den 2. Mee 2003 hunn d’LUX ROLLERS dunn en eegestännege Veräin gegrënnt, fir sportlech an och finanziell onofhängeg ze sinn. Säithier heeschen si LUX ROLLERS ASBL.

D’Zil vun de LUX ROLLERS ass et, mat de Leit mat Handicap Sport ze bedreiwen an haaptsächlech Rollstullbasket.

Et erméiglecht enger Persoun mat Behënnerung, déi Sport bedreift, net nëmmen e kierperlecht a geeschtegt Gläichgewiicht ze fannen, mee och sech net vun der Gesellschaft ausgeschloss ze fillen.

D’LUX ROLLERS setzen sech derfir an, d’Aarbecht an dësem Beräich fortzeféieren, fir jidderengem d’Méiglechkeet ze ginn, sech auszedrécken, Kontakt ze knëppen an duerch de Sport en Ausgläich ze fannen.

D’LUX ROLLERS presentéieren sech mat vill Spaass an Engagement no baussen, wéi zum Beispill mat:

  • Demonstratiounen op verschiddenen Evenementer
  • Atelieren an de Schoulen (fir de Kanner a Studenten de Rollstull méi no ze bréngen)
  • der Participatioun um Olympia-Dag an um C.O.S.L.-Spillfest op der Kockelscheier
  • dem Charity-Run zu Steesel
  • asw.

Hir Haaptaktivitéit bleift awer de Rollstullbasket. Säit 1987 spillen d’LUX ROLLERS an deem däitsche Championnat. Si trainéieren am Rehazenter um Kierchbierg, wou och d’Heemmatcher gespillt ginn. De Championnat war, duerch Covid-19 bedéngt, am Mäerz 2020 ënnerbrach ginn. D’Ekipp trainéiert awer säit dem Juni dëst Joer erëm an d’Spiller freeën sech op deen neie Championnat, deen normalerweis am Januar 2022 nees ufänkt.

En Artikel vum Raymond Schintgen a Michèle Medernach

De Rollstullbasket ass 1946 vun deemolege Basketspiller an den USA erfonnt ginn, déi no hire Krichsverletzungen hire Sport wollte viru bedreiwen. Mëttlerweil gëtt Rollstullbasket an 80 Länner gespillt. De Rollstullbasket ass eng Sportaart fir Mënsche mat Behënnerung a gouf 1960 eng paraolympesch Disziplin.

E puer Informatiounen iwwer de Rollstullbasket: Et gëtt op deem normale Basketsterrain gespillt, de Kuerf hänkt och op der normaler Héicht vun 3 Meter a 5 Zentimeter. All Ekipp huet 5 Spiller um Terrain a bis zu maximal 7 Ersatzspiller. Et gëtt 4 x 10 Minutte gespillt. D’Punkte gi gezielt, wéi dat am Basket üblech ass. Am Rollstullbasket muss een, wann een de Ball huet, och dribbelen. Et ass net erlaabt, wärend dem Match de Buedem mat de Féiss ze beréieren.

D’Ekipp um Terrain besteet aus Spiller mat ënnerschiddleche Behënnerungen. Och Leit, déi net behënnert sinn oder eng minimal Behënnerung hunn, kënnen an der Saison matspillen a benotzen de Basketsrollstull nëmmen als Sportgerät. Fir datt all Spiller jee no Behënnerung optimal kann agesat ginn, gëtt et e Klassifizéierungssystem.

Interessant um Rollstullbasket ass, datt Leit mat an ouni Behënnerung Sport zesumme bedreiwen, also d’Inklusioun duerch de Sport gefërdert gëtt.

1987 sinn d’LUX ROLLERS gegrënnt ginn. E puer Spiller, déi bis zu deem Zäitpunkt a verschiddenen Ekippen am Ausland gespillt hunn, hu versicht, hir Experienz an enger Ekipp zu Lëtzebuerg zesummenzedroen.

Vun 1987 bis 2003 waren d’LUX ROLLERS als Rollstull-Basketball-Sektioun bei der Amicale Sportive des Handicapés Physiques affiliéiert.

Den 2. Mee 2003 hunn d’LUX ROLLERS dunn en eegestännege Veräin gegrënnt, fir sportlech an och finanziell onofhängeg ze sinn. Säithier heeschen si LUX ROLLERS ASBL.

D’Zil vun de LUX ROLLERS ass et, mat de Leit mat Handicap Sport ze bedreiwen an haaptsächlech Rollstullbasket.

Et erméiglecht enger Persoun mat Behënnerung, déi Sport bedreift, net nëmmen e kierperlecht a geeschtegt Gläichgewiicht ze fannen, mee och sech net vun der Gesellschaft ausgeschloss ze fillen.

D’LUX ROLLERS setzen sech derfir an, d’Aarbecht an dësem Beräich fortzeféieren, fir jidderengem d’Méiglechkeet ze ginn, sech auszedrécken, Kontakt ze knëppen an duerch de Sport en Ausgläich ze fannen.

D’LUX ROLLERS presentéieren sech mat vill Spaass an Engagement no baussen, wéi zum Beispill mat:

Demonstratiounen op verschiddenen Evenementer
Atelieren an de Schoulen (fir de Kanner a Studenten de Rollstull méi no ze bréngen)
der Participatioun um Olympia-Dag an um C.O.S.L.-Spillfest op der Kockelscheier
dem Charity-Run zu Steesel asw.

Hir Haaptaktivitéit bleift awer de Rollstullbasket. Säit 1987 spillen d’LUX ROLLERS an deem däitsche Championnat. Si trainéieren am Rehazenter um Kierchbierg, wou och d’Heemmatcher gespillt ginn. De Championnat war, duerch Covid-19 bedéngt, am Mäerz 2020 ënnerbrach ginn. D’Ekipp trainéiert awer säit dem Juni dëst Joer erëm an d’Spiller freeën sech op deen neie Championnat, deen normalerweis am Januar 2022 nees ufänkt.

En Artikel vum Raymond Schintgen a Michèle Medernach

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.