Selbstbewosstsinn a Selbstbehaaptung

Placeholder Dummy template

Et ass eng Première, mat erstaunlechen Erfollegserliefnesser. Ganz nom Motto, datt jiddwereen amstand ass, sech selwer ze verteidegen, gëtt et zu Bäreldeng den éischte Krav-Maga-Selbstverteidegungscours fir Blanner a Persounen, déi wéineg gesinn, zu Lëtzebuerg.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

„Komm, komm, komm! Schlo dran!“, bierelt den Trainer d’Renée un. Déi 51-Järeg schléit mat Schmackes a mat oppenen Hänn widder de Polster. D’Schléi ginn ëmmer (méi) intensiv an ëmmer méi aggressiv. Op eemol ëmklamert vun hannen e grousse muskuléise Kärel hiren Hals. Mee si léisst sech net aschüchteren. Ruckzuck verpasst si him e Schlag mam Ielebou, a mat engem Tratt mam Knéi befreit si sech esou aus der Gewalt vum Ugräifer.

D’Renée hëlt grad un engem Krav-Maga-Cours deel. Op Hebräesch heescht dat „Kontaktkampf“. Eng Selbstverteidegungsmethod, déi ursprénglech vun der israeelescher Arméi a vum Mossad ugewant gouf.

„Et kann net schueden, wann een sech e bësse besser ka verteidegen“, seet d‘Renée. „Awer virun allem mécht et onheemlech vill Spaass an hei kann ech mech austoben.“ Op den éischte Bléck ënnerscheet d’Renée näischt vun deenen aneren, déi am Cours matmaachen, wär do net dee klengen Detail, deen sengem Handelen eng ganz nei Dimensioun gëtt. Déi 51-Järeg ass blann!

Fir Persounen, déi wéineg gesinn, a blann Persounen ass den Accès zu verschiddene Sportaarten net ëmmer offensichtlech.

Alain Brever vun der „Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung“

„Fir blann Persounen a Leit, déi wéineg gesinn, ass den Accès zu verschiddene Sportaarten net ëmmer offensichtlech“, explizéiert den Alain Brever, Chargé de direction am Service „Berodung, Betreiung a Fräizäit“ vun der „Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung“. „Et war eis scho bewosst, datt esou eng sportlech Tätegkeet net einfach ëmzesetzen ass.“

Trotzdeem ass et him gelongen, de Marc Stoltz fir säi Projet ze begeeschteren. Hien ass Proprietär vun engem Krav-Maga-Zenter (Krav Maga Center Luxembourg) zu Bäreldeng. Fir Leit, déi näischt oder just wéineg gesinn, e Kampfsport bäizebréngen, war awer och fir den diploméierten Trainer eng nei Erausfuerderung. „Mir hu fir d’éischt un enger Formatioun bei der Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung deelgeholl, fir ze begräifen, wéi een iwwerhaapt mat Blannen a Leit, déi wéineg gesinn, schafft“, erkläert de Marc. „Beim Krav Maga trainéiere mir och mat verbonnenen Aen, fir eis am Däischtere kënnen ze verteidegen. Mir hunn dës Method ugewant, fir ze testen, ob déi verschidden Techniken iwwerhaapt an där Form méiglech sinn. An et huet funktionéiert.“

Zënter méi wéi engem Joer huelen zéng begeeschtert Participanten un dësem, zu Lëtzebuerg eemolegen, Cours deel. Dat Éischt, wat opfält, ass hir Motivatioun. Si si begeeschtert a mellen sech fräiwëlleg, fir vum Coach gedrillt ze ginn. Stänneg ginn si erausgefuerdert, gestouss, ugegraff an esouguer ugebläert. Ze beandrocke schéngt dat hei awer keen. Am Géigendeel. „Dat muss esou sinn, soss léiere mir jo näischt“, verréit de 26-järege Ben ameséiert. Wien hinnen an de Wee kënnt, loossen si mat engem gekonnte Grëff iwwer de Buedem wenzelen. Do stellt sech schonn d’Fro: Wéi maachen déi dat nëmmen? Sinn si wierklech nëmmen op hir Sënner ugewisen a wéi léiert een eng Technik, déi eigentlech normalerweis mam A erkannt gëtt?

„Fir d’éischt beschreiwe mir hinnen d’Techniken an erklären hinnen, wat fir eng Beweegungen si solle maachen“, explizéiert den Trainer. Grondsätzlech soll den Training nämlech identesch mat jidder anerem Cours sinn, och wann d’Technik blannegerecht iwwerdroe gëtt. „Si hunn déi richteg Method fonnt, fir d’Beweegungen a Wierder ëmzesetzen“, mengt d’Renée. „Natierlech weisen si eis dës och un eisem Kierper, fir datt mir se richteg verstinn a kënne beherrschen.“

D’Renée an déi aner Participanten hunn dem Marc Stoltz no awer och hir ganz eege Virdeeler. „Si hunn e bessert Gehéier. Si wëssen also ganz schnell, wéini mir op si zouginn, fir se unzegräifen.“ D’Beweegungsofleef sinn op jiddwer Fall routinéiert, och wann et net ëmmer einfach war, perséinlech Hemmungen ze iwwerwannen. „Ech war am Ufank net esou ganz vun all deem iwwerzeegt“, verréit de Ben. „Ech hunn et net besonnesch gären, wann ee mir ze no kënnt a mech upeekt.“

Si sinn am Laf vun de Méint vill méi selbstsécher ginn. Marc Stoltz, Krav-Maga-Trainer

D’Meenung vum jonke Mann huet sech awer séier geännert, well d’Haaptbasis bei dëser Zort vun Training dat géigesäitegt Vertrauen ass. Eng Eegenschaft, déi sech nëmmen Etappeweis opbaue léisst. D’Nokampftechnik ass nämlech wäit méi wéi nëmmen eng Kampferfarung, wou Schléi ausgedeelt ginn.

„Si sinn am Laf vun de Méint vill méi selbstsécher ginn“, huet de Marc Stoltz festgestallt. „Net nëmmen hei am Cours. Och an hirem alldeegleche Liewen.“ Verschidden Uerter oder Situatioune kënne fir Blanner a Persounen, déi wéineg gesinn, onangeneem, beängschtegend oder esouguer bedrolech sinn. Si kënnen d’Gefor net gesinn. E Besoin no méi Sécherheet gëtt et do schonn. „Ech si méi dobaussen ënnerwee ewéi virun engem Joer“, verréit de Ben. Och d’Renée fillt sech méi sécher, och wann hatt hofft, d’Krav-Maga-Technik ni ausserhalb vun engem Cours mussen unzewenden.

Fir den Alain Brever vun der „Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung“ sinn d’Selbstsécherheet an d’Selbstvertrauen, déi duerch de Krav Maga entstinn, en entscheedende Facteur. Awer net nëmmen. „Et soll och ewéi eng sportlech Aktivitéit ugesi ginn, déi d’Kierperbeweegung fërdert“, seet den Alain Brever. „Déi verschidden Übunge stäerken d’Gläichgewiicht an d’Gelenker a verbesseren d’Ausdauer. Et ass eng komplett Sportaart, déi de ganze Kierper erausfuerdert.“

All Participantë sinn sech op jidder Fall eens, datt et sech ëm e richtegt Erfollegserliefnes handelt, och wann d’Method op den éischte Bléck e bësse rabiat wierkt. Bis un hir Limitten ze goen, ass eng Zort Zousaznotze mat méi Facetten, och wann si dat vläicht viru Kuerzem nach fir onerreechbar gehalen haten.

E Bäitrag vum Jérôme Beck (Revue)
Fotoe vum Philippe Reuter (Revue)

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.